Wat mengt Dir? Den nächste Biergerforum iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch ass den 8. Mäerz

 

Nach bis den 31. Mäerz hunn all d’Bierger am Land d’Méiglechkeet, iwwer de Stellewäert, d‘Chancen an d‘Perspektive vun der Lëtzebuerger Sprooch zesummen ze diskutéieren.

Op de Biergerforen uechter d’Land hunn d’Bierger, Lëtzebuerger wéi Net-Lëtzebuerger, d’Wuert, kënne sech austauschen an hir Virschléi abréngen:

Den nächste Biergerforum ass en Donneschden, den 8. Mäerz 2018 um 19.00 Auer an der Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht.

Weider Fore sinn en Donneschden, de 15. Mäerz 2018 um 19.00 Auer am Bierger- a Kulturhaus zu Munneref an en Dënsden, den 20. Mäerz 2018 um 19.00 Auer an der Aler Seeërei zu Dikrech

Interesséiert Bierger kënne sech och bis den 31. Mäerz am Online-Forum www.sproocheronn.lu austauschen an op verschidde Manéieren iwwert d’Sproochesituatioun debattéieren. Si kënnen hir Meenungen ausdrécken, op aner Commentairë reagéieren a Propose liken. De Site ass op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch accessibel.

Communiqué vum Ministère fir Education, Kanner a Jugend

Aktualiséiert