Deklaratioun iwwert d’Aussepolitik vum Jean Asselborn virun der Chamber

©MAEE
Jean Asselborn, Ausseminister

 

 

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären Deputéiert,

 

A menger éischter Deklaratioun zur Aussepolitik hei an der Chamber, am November 2005, hat ech ënnerstrach, dass en “efficace Multilateralismus” fir eis Lëtzebuerger méi wéi nëmmen e Schlagwuert ass. Et ass villméi eng Noutwendegkeet, fir Fridden a Sécherheet zu Lëtzebuerg an op der Welt nohalteg ze garantéieren.

An der Deklaratioun vu November 2014, opgrond och vun der Erfarung vun eisem éischte Mandat am UNO-Weltsécherheetsrot, hat ech de Multilateralismus als eng Konstruktioun beschriwwen, an där d’Staaten souzesoen d’Zille sinn. Wann déi Zillen zerbriechlech ginn, a virun allem wann den Zement, deen déi Zillen zesummenhält, also d’Vertrauen an déi aner Acteuren an an de System selwer, bréckelt, dann ass di ganz Konstruktioun a Gefor a riskéiert, an de Koup ze falen.

Dës Gefor ass haut ganz akut. Paräisser Klima-Accord, Handelsnégociatiounen, nuklearen Accord mam Iran, Friddensprozess am Noen Osten, Verhandlungen an der UNO iwwert e globale Pakt fir Migratioun, humanitäert Vëlkerrecht: di multilateral Accorden a Regelwierker stinn ëmmer méi ënner Beschoss. Wat gëschter internationale Konsens war – ech denken zumBeispill un d’Zwee-Staate-Léisung fir Israel a Palestina – gëtt haut a Fro gestallt, ëmmer méi dacks och ënnert dem Afloss vun der jëtzeger amerikanescher Regierung.

Den Trend zum Unilateralismus ass kloer, grad esou wéi d’Tendenz, d’Mënscherechter an de Rechtsstaat ze ënnergruewen.

Nom Zweete Weltkrich ass mat de Vereenten Natiounen d’Fundament vun enger internationaler Uerdnung geluecht ginn, déi e neie Krich sollt verhënneren an di mënschlech Würd sollt héichhalen. Dëst Joer feiere mir de 70. Anniversaire vun der Allgemenger Erklärung vun de Mënscherechter. Mä a ville Länner ginn all Dag d’Mënscherechter mat de Féiss getrëppelt. Och an Europa ginn et leider Länner, wou de Rechtsstaat a Gefor ass; Länner, wou en autoritäre Populismus sech breet mécht a sech net scheit, Journalisten oder liberal Politiker als Feinde vum “Vollék“ ofzestempelen, Minoritéiten an aner vulnerabel Gruppen als “anescht“ an “onerwënscht“ ze designéieren; Länner, wou Migranten a Refugiéen als existenziell Gefor beschriwwe ginn.

Mir Lëtzebuerger mussen eis weiderhin, mat eise Partner an der Europäescher Unioun, an doriwwer eraus, géint dës rassistesch, autoritär a populistesch Weltanschauung wieren, an eis fir d’Mënscherechter an de Rechtsstaat asetzen. Mir gleewen un d’Grondrechter vum Mënsch, un d’Dignitéit an un de Wäert vum Mënsch, un d’Gläichberechtegung vu Mann a Fra souwéi vun alle Natiounen, op grouss oder kleng, wéi et an der UNO-Charta steet. Mir gleewen drun, dass all Mënsch déi selwecht Rechter huet, onofhängeg vun der Hierkonft, der Hautfaarf, der Ethnie, der Relioun, der sexueller Orientéierung oder Geschlechtsidentitéit, de soziale Verhältnisser oder de politeschen Iwwerzeegungen, déi ee Mënsch kann hunn. A mir wësse wouhin et féiert, wann een d’Würd vum Mënsch net méi als zentraalt Prinzip unerkennt.

Ech kréien heiansdo d’Fro gestallt, op et dann net déprimant a frustrant ass, Ausseminister ze sinn an enger Zäit, wou d’Welt ëmmer méi op der Kopp ze si schéngt. Ech mudden iech hei selbstverständlech keen Exposé iwwert mäin Séilenzoustand zou. Mä ech sinn awer der fermer Iwwerzeegung, dass grad an esou enger schwiereger Zäit den diplomateschen Asaz an den Engagement och vu Lëtzebuerg, méi wie jee, gefuerdert ass: en Engagement fir de Multilateralismus, fir eis Grondfräiheeten an eis Wäerter, fir d’Mënscherechter an de Rechtsstaat, am Kader vun enger staarker Europäescher Unioun, well dat och an eisem ureegenen Intressi ass. A fir sech verständlech ze maachen, geet et net ëmmer duer, d’Wourecht mat diplomatescher Héiflechkeet ze heemelen, mä et ass heiansdo schonn ubruecht, dem Bauchgefill fräie Laf ze loossen.

Et geet mir hei net drëm, a Schwaarzmolerei ze verfalen, oder den Däiwel un d’Wand ze molen, sou wéi d’Populisten dat all ze gäre maachen. De globalen Trend, an deem sech d’Mënschheet weiderentwéckelt, ass e positiven Trend. Dat beleet zum Beispill de Steven Pinker, e renomméierte Psychologie-Professer vun Harvard, unhand vu konkrete Statistiken, wéi de Réckgang vun der Aarmut, de Fortschrëtt an der Erzéiung, an der Medezin, oder di steigend Unzuel vun Demokratien an der Welt: et goufen der 52 am Ufank vun de 90er Joren, elo sinn et der 103. Wann den Alldag, haaptsächlech dee vun engem Ausseminister, noutgedronge vu Krisen a vun Urgencen diktéiert ass, sou soll een d’Gesamtbild an de Long Terme net aus den Ae verléieren. Dat Gesamtbild léisst hoffen, dass eiser aller Asaz net ëmsoss ass.

ASAZ FIR MULTILATERALISMUS A MËNSCHERECHTER

Fir d’éischt wëll ech mat enger Rei Beispiller weisen, wéi d’Lëtzebuerger Diplomatie sech konkret fir eis Valeuren a fir de Multilateralismus asetzt.

Ee Beispill ass d’Drama vun de Rohingya-Flüchtlingen aus dem Myanmar.

Dat wat sech zënter dem 25. August vum leschte Joer am Staat Rakhine am Myanmar ofspillt, ass ausféierlech beschriwwe ginn. Bis elo hu méi wi 700.000 Rohingya missen an de Bangladesch flüchten. Di birmanesch Arméi schwätzt vun “Opraum-Operatiounen“ oder “Terrorbekämpfung“. Den Héije Kommissär vun der UNO fir d’Mënscherechter huet schonn am September gewarnt, dass am Myanmar eng regelrecht ethnesch Säuberung stattfënnt, an en huet d’lescht Woch erëm d’Wuert “Génocide” gebraucht. Mir wëssen, op Basis vu fiabele Rapporte vun der UNO, vun internationalen Observateuren, vun der Press a vun der Zivilgesellschaft, dass systematesch a generaliséiert Attacke géint d’zivil Populatioun duerchgeféiert goufen. Ënnert dem Artikel 7 vum Statut de Rome vum Internationale Strofgeriichtshaff sinn dat Verbrieche géint d’Mënschlechkeet. A mengem Versteesdemech vun der Situatioun, déi wuel komplex ass, gëtt et hei keen Zweiwel. Mam Appui vu Lëtzebuerg huet d’Europäesch Unioun cibléiert Sanktioune géint militäresch Verantwortlecher am Myanmar ugeholl. Mir hunn och d’Regierung vum Myanmar opgefuerdert, déi Verbrieche vun der Cour pénale internationale (CPI) ënnersichen ze loossen. Wann dat net geschitt, da muss d’international Communautéit hir Responsabilitéit huelen: entweder muss de Weltsécherheetsrot d’CPI mat der Situatioun am Staat Rakhine befaassen, oder et muss en extrae Mechanismus of d’Bee gestallt ginn, sou wéi dat fir Syrien 2016 gemaach gouf.

Ech hunn am November d’lescht Joer zu Naypyidaw, an der Haaptstad vum Myanmar, d’Madame Aung San Suu Kyi gesinn, um Rand vun engem Asien-Europa Ausseministertreffen. Dobäi konnt ech hier och perséinlech soen, dass mir ganz besuergt sinn iwwert d’Situatioun vun der moslemescher Minoritéit Rohingya am Westen vun hirem Land, op der Grenz mam Bangladesch.

Mäin Opruff war kloer: d’Gewalt géint d’Rohingya muss direkt ophalen; den Accès fir humanitär Hëllef muss garantéiert ginn, och fir d’UNO an d’ONGen; am Kader vun engem bilateralem Accord mam Bangladesch muss de fräiwëllegen, sécheren a würdege Retour vun de Refugiéen erméiglecht ginn.

An der Tëschenzäit gouf esou e bilateralen Accord ënnerschriwwen. Dee muss och elo ëmgesat ginn. Et muss een sech awer bewosst sinn, dass de Retour vun de Rohingya-Flüchtlingen, och wann en dann uleeft, eng 10 Joer laang dauere kéint.

Eis Erwaardunge géigeniwwer der Friddensnobelpräisdréierin an der demokratescher Transitioun am Myanmar ware villäicht ze grouss. D’Aung San Suu Kyi kann net alles bewegen an engem System, wou d’Arméi zu engem groussen Deel nach d’Soen huet. Mä grad wéinst hirem Statut als Friddensnobelpräisdréierin dréit si eng entscheedend politesch Verantwortung.

Méi no bäi hu mir eis och weiderhin agesat fir de Respekt vun eise Wäerter am Kontext vun der Tierkei, e wichtegt Nopeschland vun der EU, e Land, dat de Statut vun EU-Bäitrëttskandidat huet zënter 1999 a wou d’Verhandlungen 2005 ugaange sinn.

An der Tierkei gëtt den Drock op all demokratesch, rechtsstaatlech an zivil-gesellschaftlech Acteuren ëmmer méi grouss. De versichte Coup d’Etat am Juli 2016, dee glécklecherweis konnt ofgewiert ginn, huet leider ëmmer méi drastesch Moossnamen op de Plang geruff. Honnertdausende Mënschen, Riichter, Magistraten, Journalisten, Beamten, Enseignanten an Offizéier goufen ënner Generalverdacht gestallt, suspendéiert, viru Geriicht gestallt. Déi tierkesch Justiz kann hir Aarbecht net méi onofhängeg maachen. D’Zivilgesellschaft ass ënner gréisstem Drock. D’Press gëtt vun alle Säiten attackéiert. 

 

Wat bleift, ass e Klima vun Angscht an Hoffnungslosegkeet. Déi vill Mënschen an der Tierkei, déi hir Zukunft an engem demokratesche Rechtsstaat an an der Europäescher Unioun gesinn haten, fäerten elo, dass déi selwecht Europäesch Unioun si eleng léisst. Dat däerf net geschéien: mir mussen eis vill méi systematesch asetze fir de Respekt vun de Mënscherechter an de fundamentale Fräiheeten an dësem groussen a wichtege Land. Et ass net ze spéit, fir nach d’Kéier ze kréien. Dofir maachen ech haut op en Neits en Opruff, fir dass den Taner Kilic, President vun Amnesty International Tierkei, an all aner Mënscherechtsverdeedeger, Journalisten, Magistraten, oder Beamten, déi wéinst hiren Iwwerzeegungen an der Tierkei agespaart gi sinn, bedéngungslos fräi gelooss ginn.

Am Kontext vun der Tierkei wëll ech och op d’Bedeitung vum Europarot hiweisen. De Conseil de l’Europe als multilateral Institutioun vu 47 Länner mat 820 Millioune Bierger ass immens wichteg fir d’Rechter vun dëse Bierger héichzehalen. Lëtzebuerg steet emsou méi voll a ganz hannert dem Europarot, wou en sech elo, ee Joer viru sengem 70. Gebuertsdag, an enger déiwer Krise befënnt, déi villäicht souguer seng Existenz a Fro stellt. Des Kris ass ausgeléist gin duerch eng ganz Rei “Premièren” an der Geschicht vum Europarot, esou wéi duerch d’Aktivatioun vum Artikel 7 an der Europäescher Unioun, wouropper ech spéiderhin nach wäert zeréck kommen.

Et ass di éischte Kéier, dass den Artikel 46.4 vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun applizéiert ginn ass, well e Member, Azerbaidschan, eng Entscheedung vum Europäesche Mënscherechtshaff vu Strossbuerg net respektéiert huet. Et ass och di éischte Kéier, dass e President vun der parlamentarescher Assemblée huet missen zerécktriede wéinst Verdacht op Bestiechlechkeet. Et ass dann nach di éischte Kéier, dass e Member, Russland, sech weigert, säi Bäitrag zum Budget vum Europarot ze bezuelen, well hien an der Assemblée zu Recht seng Stëmmrechter ofgeholl krut. An et ass schlussendlech di éischte Kéier, dass e Member, deen ee vun den Haaptbezueler ginn ass, d’Tierkei, sech no engem Joer zeréckzitt, well hie mat enger Entscheedung vun der Assemblée net averstanen ass. Fir d’éischte Kéier a senger Geschicht ass den Europarot mam méiglechen Austriede vu verschiddene Membere konfrontéiert.

D’Legitimitéit vum Europarot a séngen Organer gëtt systematesch hannerfrot, an dat net nëmme vun Net-EU-Memberen. D’Mëttel, déi dem Europarot et erlaben, séng Aarbecht ze machen, ginn op erpresseresch Aart a Weis zeréckbehalen.

Esou kann et net weidergoen. D’Mënscherechter, déi nom Zweete Weltkrich an der Europäescher Mënscherechtskonventioun niddergeschriwwe gi sinn, sinn net verhandelbar. Dat wäert och den Tenor si vun der Ried, déi ech de 25. Abrëll zu Strossbuerg virun der parlamentarescher Assemblée vum Europarot wäert halen.

Noen Osten

En anert Beispill vun Engagement fir Multilateralismus a Mënscherechter, dat mir besonnesch um Häerz läit, ass den Asaz fir d’Recht vun de Palestinenser an den Israelien, a Fridden, Sécherheet an Dignitéit als Noperen am Noen Osten ze liewen.

Iwwert 100 Joer no der Balfour-Deklaratioun a 50 Joer nom Ufank vun der israelescher Besatzung vun Ost-Jerusalem, dem Westjordanland a Gaza, huet den israelesch-palestinensesche Konflikt näischt vu senger politescher, strategescher an emotionaler Zentralitéit verluer. Aner Konflikter an der Regioun dierfen net als Virwand benotzt ginn, fir déi politesch Rechter vun de Palestinenser a Fro ze stellen.

E Friddensaccord tëschent Israel a Palestina géif vill derzou bäidroen, fir d’Spannungen an der arabescher Welt an tëscht der islamescher Welt an dem Westen ze berouegen. Wann de Konflikt net geléist gëtt, bleift e weider e Nährbuedem fir Frustratioun, Haass a Radikaliséierung.

Ech bleiwen dovun iwwerzeegt, dass de Respekt vum internationale Recht d’Basis muss si fir de Fridden am Noen Osten. Et dierfe keng Zweiwel ginn iwwert d’Existenzrecht vun Israel, an och net iwwer d’Recht vun de Palestinenser op hiren eegene Staat. Mir musse weider betounen, dass de Prinzip “Land fir Fridden” gülteg bleift, grad ewéi d’EU-Parameter fir eng Zwee-Staate-Léisung, déi op de Grenzen vun 1967 baséiert.

De Staat Israel feiert de 14. Mee 2018 säi 70. Gebuertsdag. D’Administratioun Trump huet ugekënnegt, dass dee selwechten Dag och d’Aweiung vun der amerikanescher Ambassade zu Jerusalem soll stattfannen, nodeem de President de 6. Dezember Jerusalem als Haaptstad vun Israel unerkannt huet. De Choix vun deem Datum ass eng total iwwerflësseg Provokatioun fir d’Palestinenser an déi arabesch Welt, déi de 14. Mee mat der “Nakba” associéieren, der Katastroph vun der massiver Verdreiwung vun de Palestinenser am Joer 1948.

Di unilateral Decisioun iwwert Jerusalem brécht mam internationale Konsens a verstéisst géint eng ganz Rei vun UNO-Resolutiounen, ewéi d’Resolutioun 478 vum Sécherheestrot aus dem Joer 1980. Déi Resolutioune gesi vir, dass duerch Negociatiounen en Accord iwwert de Statut vu Jerusalem muss fonnt ginn, deen d’Rechter an d’Aspiratioune vu béide Parteie muss respektéieren.

De Statut vu Jerusalem ass net nëmmen eng heikel politesch a juristesch Fro, mä och e reliéisen a symboleschen Enjeu fir d’Israelien, fir d’Palestinenser, fir iwwer 400 Milliounen Araber a fir Milliarde Moslemen a Chrëschten uechter d’Welt. Déi amerikanesch Decisioun erschwéiert d’Ëmsetzung vun enger Zwee-Staate-Léisung, déi de Pilier bleift vum europäeschen an internationale Bestriewen no enger Léisung an dësem Konflikt. Ouni Jerusalem als Haaptstad vun Israel a vu Palestina, déi niewenteneen a Fridden a Sécherheet liewen, kann et keng Zwee-Staate-Léisung ginn. Déi Zwee-Staate-Léisung ass déi eenzeg gerecht an dauerhaft Léisung. D’Palestinenser hunn e Recht op hire Staat, an d’Schafe vun dësem Staat ass och am vitalen Intressi vun Israel, fir seng demokratesch an demographesch Zukunft ofzesécheren.

D’Jerusalem-Decisioun schëtt net nëmme Waasser op d’Mille vun de Radikalen, mä si diskreditéiert och Amerika als neutrale Vermëttler am Friddensprozess. Dofir gehéiere mir zu deenen, déi sech fir e neie multilaterale Format fir d’Verhandlungen asetzen, an deem d’EU, d’Ligue arabe, di europäesch an arabesch Länner méi agebonne ginn.

Amerika kann net méi de Monopol vun der Mediatioun hunn. Mä et ass natierlech kloer, dass eng Léisung net kann ouni Amerika fonnt ginn. Ech hoffen op den Dag, wou d’Vereenegt Staaten erëm hire vollen Appui fir eng Zwee-Staate-Léisung wäerte ginn.

An der Tëschenzäit musse mir d’europäesch Unitéit nees hierstellen an Episode verhënneren, wéi den 21. Dezember d’lescht Joer an der UNO-Generalversammlung, wou 6 EU-Länner sech bei engem Vott iwwert Jerusalem enthalen hunn, nodeems e puer Deeg virdrun de Conseil européen den Appui vun der EU fir d’Zwee-Staate-Léisung bekräftegt hat, mat der Präzisioun, dass an deem Kontext de Standpunkt vun der EU zu Jerusalem onverännert wär.

Lëtzebuerg wäert sech jiddefalls weiderhi fir eng gemeinsam a kohärent EU-Positioun asetzen.

Dat gëllt och fir d’Unerkennung vu Palestina. Lëtzebuerg wëllt selbstverständlech esou séier ewéi méiglech e viabelen an onofhängege palestinensesche Staat gesinn. D’Palestinenser hunn e Recht op Selbstbestëmmung an op hiren eegene Staat. 136 Länner hunn dëse Staat och scho bilateral unerkannt. Mir mengen, dass eng kritesch Mass vun EU-Memberstaaten néideg ass, fir gemeinsam Palestina unzëerkennen. Fir dass dës Unerkennung den erwënschten Effekt huet an dem Friddensprozess déngt, kann se net onofhängeg vum internationale Kontext décidéiert ginn. Eng enk Koordinatioun mat deene Länner, déi ähnlech gesënnt sinn ewéi mir, ass also néideg, fir de richtegen Zäitpunkt ze wielen an den Impakt vun enger gemeinsamer Unerkennung ze maximiséieren.

D’Positioun vu Frankräich ass heibäi ganz wichteg. Lëtzebuerg stoung 2014 am Sécherheetsrot op der Säit vu Frankräich, grad wéi bei der internationaler Konferenz zu Paräis am Januar d’lescht Joer, déi den internationale Konsens fir eng Zwee-Staate-Léisung ënnerstrach huet. Frankräich huet och eng besonnesch Responsabilitéit als EU-Land mat engem permanente Sëtz am Weltsécherheetsrot.

D’Situatioun um Terrain verschlëmmert sech ëmmer méi, sief dat duerch de Bau vun israelesche Siidlungen an deene besate Gebidder, och zu Ost-Jerusalem, oder duerch d’Zerstéierunge vu palestinenseschen Haiser, Schoulen an Infrastrukturen. Wéinst der Zerstéierung vun humanitäre Projete fir vulnerabel palestinensesch Communautéiten huet Lëtzebuerg am leschten Oktober an och Uganks vun dësem Mount u gemeinsamen Demarchen deelgeholl, zesumme mat der Belsch, Dänemark, Frankräich, Irland, Italien, Schweden, Spuenien an der Europäescher Kommissioun, fir entweder de Retour vu konfiskéierten Equipementer oder ee Remboursement vun de Käschten ze fuerderen, an dat am Aklang mat der Véierter Konventioun vu Genève.

D’Resolutioun 2334 vum Sécherheetsrot vum 23. Dezember 2016 fuerdert ganz kloer en totalen an direkte Stopp vun der Kolonialisatioun an de besate Gebidder. Trotzdeem sinn am Joer 2017 bal 7000 nei Wunnengen an de Kolonien accordéiert ginn. Leider muss ee feststellen, dass Israel esou mécht, wei wann et déi Resolutioun an dat internationaalt Recht net géif ginn. Doduerch gëtt d’Schafe vun engem palestinensesche Staat all Dag méi schwéier.

Zënter Oslo, also während de leschte 25 Joer, huet sech d’Unzuel vun de Siidler op ronn 600.000 verduebelt. Dovunner sinn der ronn 200.000 zu Ost-Jerusalem. Israel muss sech entscheeden, entweder fir d’Zwee-Staate-Léisung, oder fir d’Siidlungspolitik, déi amgaangen ass zu enger Ee-Staat-Realitéit ze féieren, mat dem Risiko, dass Israel sech zu engem Apartheid-Staat entwéckelt.

Wéi wann d’Lag net schonns schwéier genuch wier, hunn d’Vereenegt Staaten och elo nach hire Bäitrag un d’UNO-Agence UNRWA, déi de palestinensesche Refugiée zur Säit steet, staark gekierzt. Dobäi sinn d’Aktivitéite vun der UNRWA, haaptsächlech an der Educatioun an an der Santé, e wichtege Faktor fir d’Stabilitéit vu Gaza a vun der ganzer Regioun. Dofir ënnerstëtzt Lëtzebuerg och d’Agence. Et wier a kengem sengem Interêt, wann op ee Mol méi wéi 260.000 Kanner zu Gaza net méi kéinten an d’Schoul goen. 80% vun den zwou Milliounen Awunner vu Gaza hänke vun humanitärer Hëllef of. Et dréit eng weider Verschlechterung vun hirer Situatioun. Eng politesch Instrumentaliséierung vun der Hëllef fir d’Palestinenser ass einfach inakzeptabel. Iwwermuer reesen ech op Roum, wou eng aussergewéinlech Ministerkonferenz vu menge Kollegen, den Ausseministere vu Jordanien, Schweden an Egypten aberuff ginn ass, fir Léisunge fir déi prekär finanziell Situatioun vun der UNRWA ze fannen an de Fonctionnement vun den Servicer ze garantéieren. Hei ass erëm en multilateralen Effort gefrot, bei deem sech och déi arabesch Staaten aus dem Golf musse verstäerkt bedeelegen.

E Wuert nach zu der Blockad vu Gaza, déi säit iwwert zéng Joer besteet: si muss endlech opgehuewe ginn, fir eng fundamental Verbesserung vun de Liewenskonditiounen ze erméiglechen. Duerch eng inter-palestinensesch Reconciliatioun an e Retour a Gaza vun der Palestinensescher Autoritéit kéint dat méi einfach gemaach ginn. Jo, et gëtt Gewalt a Gaza an aus Gaza eraus. Den Hamas operéiert ganz dacks mat kriminelle Methoden, an et geet hei net drëm, dem Hamas säi Virgoen ze verteidegen. Mä Gaza muss ee gesinn hunn, fir ze verstoen, dass een zwou Millioune Leit net zesummeperche kann op enkstem Raum, ee Siwentel vum Lëtzebuerger Territoire, a fuerderen, dass déi Leit sech wéi normal Mënsche behuelen. Gaza ass dem 21. Joerhonnert an der ziviliséierter Welt onwierdeg!

Iran

Dat nächst Beispill, dat ech uféiere wëll, ass eisen Engagement mam Iran. De nuklearen Accord mam Iran, deen 2016 a Kraaft getrueden ass, huet gewisen, dass multilateral Diplomatie fonctionnéiert, och wann ee muss vill Ausdauer hunn fir esou Resultater ze erreechen. D’lescht Joer hunn ech den Accord als Liichtbléck bezeechent, an där Meenung sinn ech haut nach ëmmer. Den Accord, dee sécher stellt, dass den iranesche Nuklearprogramm nëmme fir zivil Zwecker genotzt gëtt, muss weiderhi voll a ganz ëmgesat ginn, vun all de Parteien, an all senge Komponenten.

Den Iran setzt e bis elo à la lettre ëm. Dat huet d’AIEA elo scho fir di zéngte Kéier bestätegt. Leider awer geréit dëse wichtegen Accord ëmmer méi ënner Drock duerch d’US-Administratioun. De President Trump dréit domat, unilateral aus dem Accord erauszeklammen, wann e bis Mee net grondleeënd verännert a verschäerft ginn ass.

Dozou wëll ech just bemierken, dass de nuklearen Accord mam Iran an enger Resolutioun vum UNO-Sécherheetsrot verankert ass. E kann dofir och net unilateral denoncéiert ginn. Lëtzebuerg wäert sech weiderhi mat sengen EU-Partner fir den Accord engagéieren.

Bilateral hu mir am Kader vun der Ëmsetzung vum nuklearen Accord eis Relatioune mam Iran normaliséiert. Dat heescht net, dass mir d’Bedenke vun eisen amerikanesche Partner net deelen, wann et em aner Aspekter vun der iranescher Politik geet, wei d’Mënscherechtssituatioun am Land, dem Iran seng regional Politik an och säi Rakéiteprogramm. Déi Bedenken deele mir och den iraneschen Autoritéite mat. Den Iran huet eng kloer Verantwortung fir Fridden a Stabilitéit an der Regioun.

Mir gleewe weiderhin un den Engagement an den Dialog mam Iran. D’Politik vum President Rohani, deen d’lescht Joer erëmgewielt ginn ass, bleift déi beschte Chance op Reforme. En Enn vum nuklearen Accord géif virun allem d’Hardliner am Land stäerken.

Syrien a Jemen

Den Asaz fir Multilateralismus, internationaalt Recht a Mënscherechter ass néierens méi akut wéi a Krichssituatiounen. Am Besonneschen ass dat haut a Syrien an am Jemen de Fall.

De Krich a Syrien huet déi gréisst humanitär Kris zënter dem Zweete Weltkrich provozéiert. En huet iwwer 340.000 Mënschen d’Liewe kascht. D’Halschent vun der Populatioun ass entweder deplacéiert a Syrien oder an d’Ausland geflücht. Zéngdausende sinn a Folterprisonge verschwonnen. Firwat? Well en Diktator, den Assad, mat alle Mëttelen un der Muecht wëllt bleiwen. Säi Regimm zéckt net, mat brutaalster Gewalt, esouguer mat Gëftgas, géint säin eegent Vollek virzegoen. D’Biller vun der Ost-Ghouta sinn net ze erdroen. D’Géigend gëtt belagert, aushéngere gelooss a bombardéiert, wéi am déifste Mëttelalter. Et ass “d’Hell op der Äerd”, fir d’Wierder vum Antonio Guterres ze gebrauchen.

D’Situatioun um Terrain ass extrem komplex a geféierlech: et si Kricher am Krich, mat net-staatlechen, nationalen, regionalen an internationalen Acteuren. Virun engem Joer hätt een eigentlech net geduecht, dass d’Situatioun nach schlëmmer kéint ginn. Duerch de gemeinsame Kampf géint Daech ware momentan Zweckallianzen entstanen, mä elo besteet de Risiko vun enger Ausdehnung vum Konflikt mat direkte Konfrontatiounen tësche regionalen an internationale Pouvoiren. Am Februar zum Beispill gouf et di schlëmmsten Eskalatioun tëscht Israel a Syrien zënter Joerzéngten. Domat ass och de Risiko vun direkten Ausenanersetzungen tëscht Israel, dem Iran an dem Hezbollah geklommen.

Zënter dem 20. Januar huet d’Tierkei seng Militär-Operatioun “Olivenzweig” a Syrien lancéiert. Si riicht sech virun allem géint d’kurdesch Miliz YPG, déi vun den Amerikaner ënnerstëtzt gëtt a beim Kampf géint Daech eng wichteg Roll spillt. Mat de “Syrian Democratic Forces” huet déi Miliz d’Stad Rakka vun Daech befreit. Virun e puer Woche si pro-Assad Milizen an de Kanton Afrin amarschéiert, wat de Risiko vun direkten Ausenanersetzungen tëschent Syrien an der Tierkei erhéicht. Et besteet och d’Gefor vun enger indirekter Konfrontatioun tëschent zwee NATO-Partner, d’Tierkei an d’Vereenegt Staaten. Déi tierkesch Offensiv riskéiert Daech indirekt erëm ze stäerken, an engem Moment wou se nëmme nach dräi Gebidder a Syrien kontrolléiert. Iwwert 98% vun de Gebidder, déi se ënner Kontroll hat, si befreit ginn.

Et ass inakzeptabel, dass d’Tierkei mat der Hëllef vu méi oder manner extremistesche Milizen d’Zivilbevëlkerung, besonnesch an der Stad Afrin, a Gefor bréngt, ënnert dem Virwand vum Recht op Selbstverteidegung. Dofir mäin Opruff, dass d’Militär-Operatioun direkt ophéiert an op kee Fall ausgedehnt gëtt, fir en humanitäert Drama ze verhënneren.

D’Bombardementer an d’Kämpf zu Idlib a besonnesch an der Ost-Ghouta hunn och de leschte Mount staark zougeholl, an d’Leed vun der ziviller Populatioun ass onerdréiglech. An der Ost-Ghouta sinn elo méi wi 1000 Zivillisten der Regimm-Offensive vun de leschte Wochen zum Affer gefall. Alles erënnert un den Zeenario vun der Kapitulatioun vun Ost-Aleppo am Dezember 2016.

D’Ost-Ghouta, an der Peripherie vu Damaskus, ass symbolesch fir de Krich a Syrien. Et ass eng vun den éischte Géigenden, déi sech der Oppositioun ugeschloss huet. Et ass do, wou déi schlëmmste Gëftgas-Attack vum Regimm am August 2013 ageschloen huet, an et ass och do, wou rezent erëm Gëftgas agesat ginn ass.

Et ass wierklech net ze verstoen, dass am Sécherheetsrot Länner e Veto géint eng onofhängeg Enquête aleeën, di dozou bäidroe kéint, dass di Verantwortlech fir di sëllech Gëftgas-Attacke wéi an der Ost-Ghouta oder am Abrëll d’lescht Joer zu Khan Sheikhun endlech zur Rechenschaft gezu ginn.

De Sécherheetsrot ass zënter 2011, wann et em Syrien goung, dacks duerch de Gebrauch vum Veto paralyséiert ginn. Dofir hunn ech di unanime Adoptioun vun der Resolutioun 2401, de 24. Februar, op Initiative vu Schweden a vum Kuwait, och ausdrécklech begréisst. Et ass e klengen Hoffnungsschimmer. Déi Decisioun fuerdert, dass d’Kämpf direkt mussen ophalen an eng humanitär Paus vu mindestens 30 Deeg a ganz Syrien muss antrieden, fir dass d’Hëllef kann duerchkommen an di schwéier krank an uerg verletzt Leit kënnen evakuéiert ginn.

Mä och dës Resolutioun gëtt leider gréisstendeels ignoréiert.

D’Tierkei, Russland an den Iran, d’Garante vum Astana-Prozess, déi sougenannt Deseskalatioun-Zonë wéi an der Ost-Ghouta an ëm Idlib decidéiert hunn, mussen hier Verantwortung iwwerhuelen an dem syresche Regimm, mä och sech selwer, e vollstännege Stopp vun de Militäroperatiounen imposéieren. De Risiko besteet, dass d’Attacke vum Regimm a sengen Alliéierten an och vun der Tierkei am Kanton vun Afrin weider gefouert ginn, ënnert dem Deckmantel vum Kampf géint den Terrorismus.

D’Bombardementer an der Ost-Ghouta, zu Idlib an an der Regioun vun Afrin sollen direkt ophalen, an d’Resolutioun 2401 respektéiert an ëmgesat ginn. Dëst ass de kloren Opruff vun der Europäescher Unioun, fir deen ech mech perséinlech um leschten Conseil Affaires étrangères agesat hunn.

D’EU ass de gréissten Donateur vun humanitärer Hëllef fir Syrien a fir d’Nopeschlänner, déi am meeschten d’Konsequenze vun dësem Konflikt spieren: d’Tierkei, de Libanon, den Irak, Jordanien an Egypten hunn ronn fënnef an eng hallef Millioune Syrer opgeholl, an et ass wichteg, dass mir och dës Länner ënnerstëtzen.

Lëtzebuerg dréit säin Deel bäi. Eis Hëllef beleeft sech pro Joer op 7,5 Milliounen Euro a kënnt och de syresche Kanner zegutt, fir dass se weider an d’Schoul kënne goen, och wa se op der Flucht sinn. Mä eis Positioun vis-à-vis vu Syrien ass kloer: “Keng Hëllef fir den Opbau ouni politesche Prozess”.

Et gëtt keng militäresch Léisung fir de Krich a Syrien. Nëmmen eng politesch Léisung ka nohaltege Fridde a Stabilitéit bréngen. Et gëtt dofir keng Alternativ fir eis, wéi den Envoyé spécial vum UNO-Generalsekretär, de Staffan de Mistura weider ze ënnerstëtzen. Et geet drëms, op der Basis vum Communiqué vu Genève vum 30. Juni 2012 a vun der Sécherheetsrotsresolutioun 2254 vum 18. Dezember 2015, eng politesch Transitioun méiglech ze machen, an där di syresch Populatioun an hirer ganzer reliéiser an ethnescher Diversitéit vertrueden ass.

Och wann e politesche Prozess un d’Goe kéim: d’Atrocitéite vun deene leschte Joer kënnen net ënnert den Teppech gekiert ginn. Bombardementer vu Klinike – et goufen der ronn 500 säit 2011 – a vun Zivilisten a Gëftgas-Attacken si Krichsverbriechen, laut dem internationale Recht. Et däerf kéng Impunitéit fir déi Verbrieche ginn. Dofir hu mir eis schonn agesat wéi mir am Sécherheetsrot waren, an dofir ënnerstëtzt Lëtzebuerg och den onofhängege Mechanismus, dee Beweismaterial sammelt, fir dass an Zukunft di Schëlleg kënnen zur Rechenschaft gezu ginn.

Militäresch Léisung an Impunitéit sinn och am Jemen-Krich keng Optiounen. D’UNO-Mediatioun tëscht de verschiddene Konfliktparteien ass festgefuer, an de Krich ass an de leschte Méint ëmmer méi grausam ginn. Ronn 80% vun der Populatioun brauch humanitär Hëllef. D’Blockad ass total. 17,8 Millioune vu 27 Millioune Jemenitte sti virun der schlëmmsten Hongersnout säit Joerzéngten. Wéi a Syrien gëtt am Jemen den Honger als Krichswaff gebraucht. Dobäi kennt nach eng massiv Cholera-Epidemie.

Zu Genève huet Lëtzebuerg eng hollännesch Initiativ ënnerstëtzt, fir d’Krichsverbriechen am Jemen opzedecken, an der Hoffnung, dass dat eng ofschreckend Wierkung huet. Mir setzen eis och a mat humanitärer Hëllef.

Fir dem Chaos am Jemen en Enn ze setzen, dee nëmmen den Terroriste profitéiert, gëllt et, di politesch Negociatiounen esou séier wéi méiglech unzefänken, an den Accès fir humanitär Hëllef erëm ze erméiglechen.

D’Kricher a Syrien an am Jemen brénge mech zu der zentraler Erausfuerderung vun onser Zäit. Dat ass d’Migratioun an d’Kris vun de Refugiéen.

ENG ZENTRAL ERAUSFUERDERUNG: MIGRATIOUN A REFUGIÉEN

Am Moment si 5,6 Millioune Refugiéen aus Syrien vum UNO-Flüchtlingswierk, dem UNHCR, an de Nopeschlänner enregistréiert. Am Jemen sinn zwou Millioune Leit op der Flucht an hirem eegene Land, a méi wéi 190.000 Leit sinn an d’Nopeschlänner geflücht. De Jemen hat selwer an der Vergaangenheet vill Flüchtlingen opgeholl an huet als eenzegt Land vun der Arabescher Hallefinsel a vum ganze Noen Osten d’Genfer Flüchtlingskonventioun ënnerschriwwen. Duerch de Konflikt ass et dem Land awer net méi méiglech, de Flüchtlingen eng adequat Protektioun ze garantéieren. D’Situatioun vun de ronn 280.000 Flüchtlingen am Jemen, an der Majoritéit Somalier, gëtt ëmmer méi dramatesch.

D’Migratioun an d’Kris vun de Refugiéen ass näischt Abstraktes. Ech konnt mir selwer e Bild maache vun der Realitéit an Transit- an Hierkonftslänner. Während eiser EU-Presidence 2015 war ech an Italien a Griicheland, zu Lampedusa an zu Lesbos. Am Dezember d’lescht Joer hunn ech zwee Refugiéescampen zu Athen besicht. An am Februar dëst Joer konnt ech di ganz schwiereg Lag gesinn a Libyen an am Niger, zwou Tëschestatiounen um Wee, dee vill Leit iwwert di lescht Joren a Richtung Mëttelmier an Europa geholl hunn.

Libyen a Niger

D’Situatioun a Libyen bleift vun enormer Bedeitung fir Europa.

D’OIM, d’International Organisatioun fir Migratioun, schätzt dass sech a Libyen tësche 700.000 an eng Millioun Migranten ophalen. Déi befanne sech deelweis scho säit Joren a Libyen, an der Hoffnung op e bessert Liewen, do oder an Europa.

D’lescht Joer sinn aus Libyen 119.000 Migranten an Italien ukomm. Dobäi hu leider op tragescher Manéier 2.833 Mënschen hiert Liewen am Mëttelmier verluer, um Wee fir an Italien.

Eist Land ënnerstëtzt d’Efforten, fir de Mënscheschmuggel ze ënnerbannen. Zwee vu véier Iwwerwaachungsfligere vun der EU Operatioun Sophia am Mëttelmier gi vu Lëtzebuerg zur Verfügung gestallt. A mir contribuéieren och finanziell fir d’Ausbildung vun der libescher Küstewaach.

Eng dauerhaft Léisung kann awer net fonnt ginn, soulaang a Libyen Chaos herrscht a keng eenheetlech a stabil Regierung um Rudder ass. D’Land brauch legitim Institutiounen, déi funktionéieren.

Déi politesch Stabilitéit muss gefërdert ginn. Lëtzebuerg ënnerstëtzt an deem Sënn d’Beméiunge vum Ghassan Salamé, dem Vertrieder vum UNO-Generalsekretär, fir all d’Acteuren a Libyen zesummenzebréngen a mat hinnen op dräi Schinne weiderzekommen: national Reconciliatioun, nei Verfassung a kredibel Wahle wa méiglech dëst Joer.

Zu Tripolis hunn ech de “Centre de détention” Tarek Al Matar besicht, dee vun der Regierung gefouert gëtt, a wou den UNHCR an di International Organisation fir Migratioun, d’OIM, Accès hunn. D’Bedingungen, ënnert deenen d’Migranten do musse liewen, si schrecklech. Honnerte vu jonke Männer, di meescht aus Afrika, stoungen do zesummegedréckt. Mä och Mamme mat Kanner hu mir do ugetraff. A Libyen gëtt et eng Rei vun anere Prisongen, déi vu private Milizen gefouert ginn, a wou d’UNO keen Zoutrëtt huet. Do sinn d’Liewenskonditiounen nach méi onmënschlech.

Glécklecherweis sinn déi libesch Autoritéiten am Gaang, all déi Lageren zouzemaachen, wou se Violatioune gemellt kruten. Et mussen onbedéngt Alternativen zur Detentioun fonnt ginn. Ech hunn bei de libesche Regierungsvertrieder dofir plädéiert, dass Strukture geschafe gi fir den UNHCR an d’OIM, wou déi Leit, déi fräiwëlleg an hier Heemecht zeréck wëllen, dezent opgeholl kënne ginn. Esou wéi am Niger sollen och a Libyen d’Migranten net kriminaliséiert an agespaart ginn, mä a mënschewierdege Konditiounen ënnerbruecht ginn.

Deene Persounen, déi besonnesch Schutz brauchen, solle mir d’Méiglechkeet ginn, am Kader vun enger legaler Migratioun, wéi der Réinstallatioun, an engem europäesche Land e neit Liewe kënnen unzefänken. D’EU ass bereet, an de kommenden zwee Joer 50.000 Migrante legal opzehuelen. Dës Leit sollen iwwert de Niger an d’EU kommen. Lëtzebuerg plangt dobäi, 200 Leit bis Enn 2019 opzehuelen.

Zu Tripolis hunn ech drop higewisen, dass en Accord tëschent Libyen an dem UNHCR wichteg wier, fir di Aart a Weis, wéi d’Migrante behandelt ginn, ze verbesseren. Lëtzebuerg huet d’lescht Joer eng Millioun Euro a Libyen mobiliséiert, fir dass den UNHCR a Libyen déi Leit, déi um Mier gerett ginn, besser schütze kann. Et ass indispensabel, dass di international Communautéit dem UNHCR déi néideg Mëttel zur Verfügung stellt.

Während menger Visite hunn ech nach en Evakuatiounszenter beim Fluchhafe vun Tripolis besicht. Deen Dag si Leit zeréck an de Senegal an an de Kamerun geflu ginn. Dëst Joer solle mat Hëllef vun der OIM 30.000 Migranten duerch fräiwëlleg Retouren heemgeschéckt ginn. Den UNHCR op senger Säit rechent fir 2018 domat, dass ronn 8.000 Refugiée kënnen direkt oder via de Niger réinstalléiert ginn.

Violatioune vun de Mënscherechter vun de Migranten a Refugiée musse strengstens veruerteelt ginn. Den éischten Objektiv vun der EU muss sinn, fir d’Rechter vun de Migranten hëllefen ze schützen, a weider Doudeger am Mëttelmier ze verhënneren. Dofir begréisse mir ausdrécklech d’Efforte vun den afrikanesche Länner, fir hier Bierger ze rapatriéieren.

Ech wëll hei di positiv Roll vum Niger ervirhiewen. Bei mengem Besuch an dësem Partnerland vu Lëtzebuerg vum 6. bis den 8. Februar, a besonnesch bei der Visite vum “Centre de transit” vun der OIM zu Agadez, ass mir opgefall, dass do d’Migrante vill besser wéi a Libyen behandelt ginn. Ënnert dem Impuls vum Inneminister gëtt den Trafic vu Migranten ënnerbonnen. An deene Leit, déi a Richtung Libyen wëllen zéien, gëtt dovunner ofgeroden, fir hinnen ze erspueren, dass se sech do – wéi vill vun hire Virgänger – an onméigleche Konditiounen erëmfannen.

Ech kann hei net all di perséinlech Andréck erëmginn, di ech aus dëse Visitte mat heem bruecht hunn. Et ass op jidder Fall eng wichteg Erfarung, déi erëm eng Kéier weist, dass sech hannert den Zuelen a Statistike Schicksaler vu Persounen a Famille verstoppen, déi mat vill Leed a Desillusioun verbonne sinn. Dës Schicksaler sollen eis dozou motivéieren, och op EU-Niveau no Léisungen ze sichen, déi d’Dignitéit vun dëse Mënschen, de Refugiéen an de Migrante respektéiert: Léisungen, di Rigueur a Solidaritéit, Recht a Mënschlechkeet matenee verbannen. 

Wat soen d’Statistiken? 2017 huet den UNHCR weltwäit knapp 66 Millioune Leit gezielt, déi op der Flucht waren, sief et ausserhalb vun hirem Heemechtsland, oder awer an hirem Land. An Europa huet de Migratiounsdrock 2017 awer insgesamt staark ofgeholl. Ongeféier 707.000 Leit hunn an der EU eng Demande op Asyl gestallt. Dat sinn der 43% manner wéi 2016, mä et sinn der ëmmer nach méi, wéi virun der Kris vun 2015. 70% vun deenen Demandë sinn an Däitschland, Italien, Frankräich, Griicheland a Groussbritannien deposéiert ginn, an déi meescht Demandeuren koumen aus Syrien, Afghanistan an dem Irak.

Och wann d’Zuelen däitlech zréck ginn, sou huet 2017 awer erëm grouss Efforten am Beräich Asyl uechter Europa verlaangt. Et sinn eng 980.000 Decisiounen op EU-Niveau geholl ginn, dovunner sinn der ronn 40% positiv ausgefall, dat heescht d’Leit hunn eng international Protektioun kritt. D’Syrer hunn 2017 an der EU ronn 100.000 Demanden gestallt, a 94% vun hinnen hunn eng Protektioun accordéiert kritt. De Retard vun 2015 gëtt lues awer sécher an der EU opgeschafft: haut waarden nach eng 460.000 Leit op eng Decisioun.

Iwwert déi gesamt Mëttelmier-Route si ronn 171.000 Migranten an Europa ukomm, déi meescht dovun, knapps 162.000, sinn iwwert déi ëstlech an zentral Mëttelmier-Route komm. 2016 waren et der nach 362.000. Leider erdrénken awer nach ëmmer vill ze vill Leit am Mëttelmier: et gëtt geschat, dass 3.100 Leit 2017 um Wee an Europa erdronk sinn.

Déi eenzeg Route, wou d’Zuelen effektiv zougeholl hunn, ass déi am westlechen Mëttelmier. A Spuenien huet d’Zuel vun den Migranten sech verduebelt, vu 14.000 op iwwer 28.000, mat enger weiderer Tendenz no uewen. D’Spuenier soen sech awer zouversiichtlech, dass se déi Situatioun, virun allem mat der Hëllef vum Marokko a vum Senegal, an de Grëff ze kréien.

An der Zuel vun 707.000 Migranten, déi 2017 eng Demande op Asyl an der EU gestallt hunn, muss een och déi Leit dobäi rechnen, déi aus engem Visa-befreite Land agereest sinn, wéi zum Beispill dem Westbalkan an Georgien. Dobäi kommen och nach déi, déi réinstalléiert gi sinn an déi, déi an e puer Länner eng Demande gestallt hunn, déi sougenannten “Dubliner”. 

Ass Europa fit wann eng nächst Kris kënnt?

Meng Äntwert ass: Nee! D’legislativ Agenda ass nach weider chargéiert. Leider ass d’Klima net favorabel, fir dass mir grouss Fortschrëtter kënne maachen. No der Kris vun 2015 war et kloer, dass mir net méi kéinte mat enger Schéi-Wieder-Politik weiderfueren.

De ganze System, sief et Asyl, Grenzen, Retour, Kooperatioun mat Drëttstaaten, Finanzen a Solidaritéitsmoossnamen, huet eng General-Revisioun gebraucht. Déi legislativ Schantercher sinn nach bei wäitem net ofgeschloss. Mir hunn nach ëmmer staark Tensiounen tëscht den eenzele Memberstaaten iwwert den Accueil, d’Asylprozeduren an d’Verdeelung vun Asylbewerber. Dräi successiv Presidence hunn sech d’Zänn un der Reform vum Dublin-Reglement ausgebass. Dobäi stinn nach Wahlen an Ungarn un, a mir mussen och gesi wéi déi zukünfteg éisträichesch Presidence dësen Dossier wäert ugoen.

D’Wahlen an Italien de 4. Mäerz hu gewisen, dass de Mangel un europäescher Solidaritéit bei der Gestioun vun der Migratioun souwuel d’EU wéi di pro-europäesch politesch Parteien fir de Wieler an e schlecht Liicht réckelt. A mengen Aen huet dat ganz kloer zum Opdriff vun de Rietsextremen an de Populisten an Italien bäigedroen, mam Resultat, dass et net méi einfach wäert ginn, europäesch Léisungen fir d’Migratiounspolitik auszeschaffen.

Déi bulgaresch EU-Presidence mécht elo vill Efforten, fir en equilibréierte Pak bis Juni ze ficeléieren. Et geet dorëms, dass d’Memberstaaten op de Baussegrenzen an d’Asylbewerber sech strikt un d’Regelen halen, an domat sougenannte “mouvements secondaires” ënnerbonne ginn. Fir dass Länner wéi Italien a Griicheland awer déi Laascht packen – schliisslech garantéieren hier Efforten, dass de Schengen-Raum korrekt funktionéiert – mussen se ënnert d’Äerm gegraff kréien. Et ass en Aarmut, dass mir iwwerhaapt mussen iwwer eng zwéngend Solidaritéit schwätzen. Solidaritéit ass e wichtege Pilier vun Europa. Leider interpretéiere verschidde Länner dat als e “Sens unique”. Responsabilitéit a Solidaritéit solle gefërdert ginn duerch Finanzsprëtzen aus dem EU-Budget, duerch Experte vun den EU-Agencë Frontex an EASO, duerch Réinstallatioun, sou wéi duerch eng automatesch Relokalisatioun innerhalb vun de Memberstaaten.

D’EU besteet nach ëmmer aus enger Majoritéit vu Memberstaaten, déi de Refugiéen eng Protektioun garantéiere wëllen. Et kann net sinn, dass Länner, déi just wéinst der Hautfaarf oder Relioun net hëllefe wëllen, hier Positioun anere Memberstaaten imposéieren. D’EU funktionéiert no demokratesche Prinzipien, wéi e Rechtsstaat. Uerteeler vun der Cour de Justice mussen ëmgesat ginn, op se engem gefalen oder net.

Et féiert kee Wee derlaanscht: mir brauchen endlech eng richteg europäesch Migratiouns- a Flüchtlingspolitik, esou wéi d’Traitéen et och virgesinn! Kontroll iwwer Migratioun kënne mir nëmmen hunn, wann d’Definitioun vum Refugié, d’Dauer vun de Prozeduren, d’Konditioune vum Accueil mat besonnesch de Sozialleeschtungen an den Taux vun Unerkennung déi selwecht sinn uechter Europa! Dofir brauche mir och e Reseau vun europäesche Gerichter, wéi beim europäesche Brevet, déi dofir suergen, dass den Taux vun Unerkennung fir déi verschidden Nationalitéite konvergéiert. Esou laang dat net de Fall ass, wëllen déi Leit dohin, wou se méi Chancen hunn mat hirer Asyldemande oder wou se besser behandelt ginn.

D’Léisung ass net, dass mir eng Course an Europa hunn wéi e Land am mannsten attraktiv gëtt. Europa ass a muss “Terre d’asile” bleiwe fir déi Leit, di Schutz viru Verfolgung sichen. Ech hunn et scho gesot, an ech widderhuelen et: d’Laascht vun de Flüchtlinge muss méi gerecht verdeelt ginn. Eng Gemeinschaft wéi d’EU muss op Solidaritéit a Fairplay opgebaut sinn. Dofir schaffe mir och esou intensiv un enger Reform vum Dublin-Reglement, dat d’Critère setzt wat fir e Land fir den Traitement vun enger Asyldemande zoustänneg ass.

Et gëtt keng Alternativ zu méi Solidaritéit. Wann d’Antrettslänner an enger Kris et net packen, da ginn et massiv “mouvements secondaires”. Als Reaktioun féieren aner Memberstaaten da Bannegrenzkontrollen an, a Schengen ass a Gefor. Dofir plaidéieren ech déi lescht Jore konstant fir eng gerecht Verdeelung vun den Asylbewerber innerhalb vun Europa.

D’EU muss een awer och ënnert enger erweiderter Perspektiv gesinn. Verschidde Partnerstaaten, déi wuel net Member vun der EU sinn, kënnen eis vill bréngen. Ech denken do zum Beispill un déi associéiert Staaten, d’Schwäiz, Island, Norwegen a Liechtenstein, déi Solidaritéit an der Migratiounskris gewisen hunn, obwuel se juristesch zu guer näischt obligéiert waren. Si hunn an de leschte Joren der EU gehollef, méi wéi 7.000 Persounen ze réinstalléieren oder ze relokaliséieren. Dat war e resolut solidarescht Handelen. Dovunner kéinten sech eng Rei Memberstaaten eng Nues voll huelen.

Iwwert d’EU eraus ass den internationale Kader och ganz wichteg. D’UNO soll bis Enn 2018 e globale Pakt fir Flüchtlingen an e globale Pakt fir sécher, geuerdent a regulär Migratioun unhuelen. Obwuel d’Amerikaner sech zeréckgezunn hunn, an obwuel et fir d’EU schwiereg wäert ginn eenheetlech opzetrieden, hoffen ech, dass d’Diskussiounen an der UNO e positiven Impuls brénge fir eng global Gestioun vun der Migratioun, och am europäesche Kontext.

Mam Thema Migratioun wäerte mir eis an den nächste Joren nach vill beschäftegen, souwuel op europäeschem, wéi op weltwäitem Niveau. D’Problemer wäerten net manner ginn, mä et wäert sech erausstellen, ob mir aus der Kris gestäerkt als EU erausgaange sinn, a fir d’Zukunft besser opgestallt sinn. Et bleift nach vill ze maachen an et wäert nach vill Iwwerzeegungsaarbecht musse geleescht ginn, fir dass mir all un engem Strang zéien an eis eng gemeinsam europäesch Asylpolitik ginn.

Nëmme mat enger staarker Europäescher Unioun kënne mir des Erausfuerderungen an de Grëff kréien.

EUROPÄESCH UNIOUN – ZUKUNFT VUN EUROPA

D’Aart a Weis, wéi mir mat der Migratiounsfro ëmginn, seet ganz vill iwwert de Gesondheetszoustand vun Europa aus, an iwwert eis Motivatioun, fir déi schwiereg Erausfuerderungen zesummen unzegoen, an am Sënn vun der Solidaritéit ze léisen.

Wirtschaftlech Erhuelung, mä vill ze héich Jugendaarbechtslosegkeet

Riichte mir elo eise Bléck op d’wirtschaftlech Lag vun der Europäescher Unioun: mir sinn haut an enger besserer Situatioun ewéi nach virun engem Joer. D’Vertraue vun de Bierger an d’europäesch Wirtschaft ass esou héich wéi scho laang net méi. D’Wuesstemszuelen hu sech gutt entwéckelt, och an der Eurozone.

Dës positiv Tendenz ass och bei der Entwécklung vun den Aarbechtslosenzuelen ze bemierken. Bannen engem Joer, vun 2016 op 2017, ass laut Eurostat, d’Zuel vun deenen déi eng Aarbecht sichen em iwwer 1,5 Milliounen erof gaangen. Dat ass ze begréissen, mä mir däerfe keng Entwarnung ginn. Et gi weiderhi grouss Ënnerscheeder tëschent de Memberstaaten, an di héich Aarbechtslosegkeet bei deene Jonken ass eng Zäitbomm, och well nationalistesch a populistesch Beweegungen – op vum rietsen oder lenke Bord – dorausser politescht Kapital schloen.

Denkustéiss

No der Ried zur Lag vun der Unioun vum Europäesche Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an der europapolitescher Grondsazried vum franséische President Emmanuel Macron op der Sorbonne ass an d’Debatt iwwer d’Zukunft vun der Europäescher Unioun erëm neie Schwong komm.

Dialog mam Bierger iwwer Europa

Bis zu den Europawahlen 2019 wäert am Conseil an am Europäesche Parlament d’Zukunft vun der Europäescher Unioun an all senge Facetten diskutéiert ginn. Awer och d’Bierger wäerten zu Wuert kommen. De franséische President huet jo proposéiert fir iwwerall an der Europäescher Unioun Biergerconsultatiounen ze organiséieren. Praktesch all Memberstaaten bedeelegen sech. Bei dëser Initiativ geet et dorëms, de Leit d’Geleeënheet ze ginn, hier Erwaardungen, Wënsch, Virschléi a Suerge mat an d’Diskussioun iwwer d’Zukunft vun Europa anzebréngen. Mir wäerten dann och zu Lëtzebuerg tëschent Mee a Juni eng Rëtsch Diskussioune féieren. Den Ofschloss fënnt statt den 2. Juli, a Präsenz vum Vize-President vun der Kommissioun Frans Timmermans.

Däitsch-franséische Motor

Ier ech elo op e puer Schantercher vun der Europäescher Unioun aginn, erlaabt mir e puer Wuert ze soen iwwert den däitsch-franséische Motor, deen, esou hoffen ech, geschwënn erëm uspréngt. Den Opruff vum Emmanuel Macron zu enger Erneierung vun der Europäescher Unioun ass am Koalitiounsprogramm vun der neier däitscher Regierung opgegraff ginn. Frankräich an Däitschland wëllen, grad ewéi mir, der Europäescher Unioun e neien Impuls ginn, a méi enk op groussen europäesche Froen zesumme schaffen. Di verstäerkt Zesummenaarbecht op europäeschem Plang soll och am neien Élysée-Vertrag tëschent Däitschland a Frankräich ageschriwwe ginn. Fir d’Europäesch Unioun bedeit dëst en neien Opschwong a Richtung vun engem méi onofhängegen an handlungsfäegen Europa.

Institutionell Froen – wichteg awer net dringend

Handlungsfäeg ass d’Unioun just, wann hir Institutioune gutt kenne schaffen. Dofir ass et net verwonnerlech, dass och schonn erëm eng sëllechen institutionell Reformvirschléi debattéiert ginn. Ech sinn net wierklech dovunner iwwerzeegt, dass mir vill kuerzfristeg Ännerunge brauchen, wou mir dach am Moment souvill aner dréngend a substantiell Erausfuerderungen unzegoen hunn.

D’Europäescht Parlament huet sech am Februar kloer fir d’Bäibehale vum Konzept vun de Spëtzekandidate fir d’Europawahlen 2019 ausgeschwat. Ech begréissen dat, well et dozou bäidréit fir dem Bierger d’Europäesch Unioun méi no ze bréngen. Dëst war jo och eng vun de Prioritéite vun eiser Presidence am Joer 2015. Eng endgülteg Léisung soll fonnt ginn am Kader vum Dialog tëschent dem Europäesche Rot an dem Europaparlament. Dobäi däerf et net zu enger Frontalkollisioun tëschent de Kompetenze vum Europäesche Parlament a vum Europäesche Rot kommen, mat der Konsequenz, dass keng Decisioun géif geholl ginn. De Kommissiounspresident sollt, als entscheedende Critère, gedroe si vun enger breeder Majoritéit am Europaparlament.

Wat d’Aféiere vu sougenannten transnationale Lëschten ubelaangt, sou ass dat eng interessant Iddi di zu eisem Land passt, well mir ëmmer fir e Maximum vun europäescher Integratioun stoungen a weiderhin och stinn. Dës Iddi ass jo fir 2019 net méi aktuell.

Eng aner institutionell Fro déi debattéiert gëtt, ass déi vu der Ëmstrukturéierung vum Europaparlament nodeems d’Vereenegt Kinnekräich, vun Abrëll 2019 un, kee Member méi vun der Europäescher Unioun wäert sinn. De Virschlag, deen um Dësch läit gesäit ënnert anerem vir, d’Zuel vun de Parlamentarier vu 751 op 705 ze reduzéieren a 27 vun de 73 britesche Sëtz op 14 Memberstaaten ze verdeelen. Mir wäerten dësem Virschlag am Rot vu Juni zoustëmmen, well mir der Meenung sinn, dass di sougenannten degressiv Proportionalitéit doduerch garantéiert bleift, an di lëtzebuergesch Sëtz net u Bedeitung verléieren. 

Aner Reformiddien, wéi zum Beispill de Virschlag, d’Zuel vun den EU-Kommissären ze reduzéieren, oder de Virschlag, d’Funktioun vum Europäesche Kommissiounspresident mat där vum President vum Europäesche Rot ze fusionéieren, riskéieren den aktuellen institutionelle Kader vun der Unioun staark ze veränneren. Mir mussen oppassen, dass mir déi interinstitutionell Balance, déi mir elo hunn, net duercherneebréngen. Doriwwer eraus ass de Wëlle vu ville Memberstaaten, fir a Richtung vun enger Verännerung vun de Verträg ze goen, net iwwerméisseg grouss. Gläichzäiteg brauche mir awer eng oppen an éierlech Diskussioun iwwer des Virschléi, bei deenen et em di méi laangfristeg Perspektive vun der Unioun geet. An dofir wäert sech Lëtzebuerg an dës Debatt konstruktiv mat abréngen.

Wirtschafts- a Währungsunioun

A Saache Wirtschafts- a Finanzfroen si mir elo aus de Krisenzäiten eraus, an di aktuell positiv “Wiederlag“ erlaabt et eis no vir ze kucken a Reforme fir d’Eurozone an d’A ze faassen, di eis gemeinsam Währung nach méi fit fir d’Zukunft maache wäerten.

D’Diskussioun iwwert d’Verdéiwung vun der Wirtschafts- a Währungsunioun ass net nei. Si gëtt schonns zanter hirer Aféierung gefouert – mol méi, mol manner. D’Dynamik, déi 2015 mat der Publikatioun vum Rapport vun de fënnef Presidente lancéiert gouf, huet an der lescht nach e Krack zougeluecht. No hirem Reflexiounspabeier vum leschte Mee huet d’Kommissioun nämlech zejoert am Dezember op Kleeserchersdag hier nei Propositiounen op den Dësch geluecht. Verschidden Iddien dovunner si fir elo gläich, anerer kommen eréischt méi spéit a Fro. Parallel dozou lafen och intensiv Gespréicher fir d’Banken-Unioun ze vervollstännegen, fir d’Risiken am europäesche Bankesecteur weider ze kierzen a fir méi Solidaritéit kenne spillen ze loossen. An dat ass am Interesse vum Bierger, well d’Iddi déi ass, dass no enger Bankefaillite net de Steierzueler de Kapp duerhale muss. Donieft gëtt och iwwerluecht fir den Europäesche Stabilitéitsmechanissem (ESM), dee jo säi Sëtz hei zu Lëtzebuerg huet, weider ze stäerken an an en Europäesche Währungsfong auszebauen. Hei si mir der Meenung, dass et wichteg ass e System, dee fonctionnéiert, net kuerzfristeg iwwer Bord ze geheien, bis mir en anere kréien, dee vun allen gedroe gëtt. Dat heescht ënnert anerem, dass mir weider um intergouvernementale Wee viru schaffen, och wa mir eis sollte bewosst sinn, dass dëst am Fong géint de Geescht vum Vertrag vu Lissabon geet, wou déi communautaire Approche misst d’Regel sinn, an déi intergouvernemental d’Ausnam.

Wat d’Budgetsfroen ugeet, si mir der Meenung, dass et net néideg ass fir e neie Budget just fir d’Eurozone ze schafen. Déi beschte Léisung wier an eisen Aen déi, di de Kommissiounspresident virgeschloen huet, eng spezifesch Budgetslinn am EU-Budget virzegesinn, iwwert déi mir an der Europäescher Unioun d’Investitiounen an d’Zukunft weider kënne verstäerken.

De Moment soll ee kënne festhalen, dass all wichteg Froen, di sech op Reformiddien an der EU bezéien, nach zimlech iwwerflächlech an abstrakt diskutéiert ginn. Dës kéint sech kuerzfristeg vu muer un änneren, wann di nei däitsch Regierung a Funktioun ass. Dobäi wëlle mir als Lëtzebuerger Regierung hëllefen, dass an der Debatt eenzeg an eleng d’Wuel vun der Europäescher Unioun taktesch wéi strategesch iwwerweit.

Europäesch Steierpolitik

Och an der europäescher Steierpolitik sinn an de leschte Méint verschidden Iddien no vir bruecht ginn. Do wier ënnert anerem de Virschlag ze ernimmen, fir um europäesche Plang eng gemeinsam Reguléierung vun de Steiertauxe vun de Betriber virzehuelen.

Et muss een hei kloer soen dass Lëtzebuerg natierlech net fir Steierdumping ass, an och net fir eng Course no ënnen duerch iwwerdriwwen niddereg Steiertauxen. An deem selwechte Sënn huet dës Regierung och Schrëtt ënnerstëtzt, déi et wäerten erlabe fir géint aggressiv Steierplanung virzegoen. Ech verweisen hei op déi sougenannten Direktiv ATAD, “Anti Tax Avoidance Directive”, déi Lëtzebuerg an deenen nächste Méint an nationaalt Recht ëmsetze wäert. A well d’Regierung an de leschte Jore grouss Ustrengungen op deem Plang gemaach huet, misst et och méiglech sinn, e rouegen a konstruktiven Dialog mat der Europäescher Kommissioun iwwert dee Sujet ze féieren.

Op der anerer Säit wier eng Koordinatioun, oder souguer eng Harmonisatioun vun de Steiertauxe vun de Betriber eng wäitreechend Entwécklung, déi e substantiellen Impakt op d’Souveränitéit vun de Memberstaaten géif hunn, well d’Steierregelungen an all EU-Staat spezifesch gepräägt sinn. Di eng hunn zum Beispill héich direkt Steieren a mi niddereg indirekt Steiere wéi eist Land. Bei aneren ass et just de Géigendeel.

Bei dëser Debatt sollt een och net vergiessen, dass d’Fro vun enger Harmoniséierung vun de Steiertauxen net isoléiert ka betruecht ginn. Et ass eng Fro, déi sech an där méi globaler Debatt vun enger Steierharmoniséierung innerhalb vun Europa beweegt. Et ass drop hinzeweisen, dass d’EU-Kommissioun schonns 2016 wäitgoend Pläng virgeluecht huet fir eng Harmoniséierung vun der Bemiessungsgrondlag vun de Betriber ze verwierklechen. Dës Diskussioune sinn nach am Gaang, Lëtzebuerg mécht do konstruktiv mat, an d’Regierung wäert an dësem Kontext och den Dialog mat der Chamber weiderféieren.

Virum Hannergrond dass d’Virschléi vun der Kommissioun iwwert d’Harmoniséierung vun der Bemiessungsgrondlag ënnert der Prämisse gemaach goufen, dass d’Kompetenz vun de Memberstaaten fir hier Besteierungstauxe festzeleeën dovunner net beréiert géife ginn, ass d’Iddi vun enger Koordinatioun an Harmoniséierung vun de Steiertauxen eng ganz nei Entwécklung. D’Regierung ass virsiichteg fir an dës Richtung ze goen, zemools am Kontext vun der Diskussioun iwwert eng eventuell Harmonisatioun vun der Bemiessungsgrondlag.

Lëtzebuerg ass fir eng fair a kohärent Besteierung vun internationale Betriber, an huet dat och an de leschte Jore gewisen, zum Beispill am Kader vun de Gespréicher iwwert de BEPS. Wat méi spezifesch d’Besteierung vun digitalen Aktivitéiten ugeet, sou ass Lëtzebuerg averstanen, dat déi aktuell Regelen net ëmmer un d’Realitéit vum Internet ugepasst sinn. Lëtzebuerg setzt sech an deem Kontext fir eng kohärent Approche, a fir fair a gläich Konditiounen, an. Dofir striewe mir eng Léisung um Niveau vun der OECD un. Sou eng Léisung soll et eis erlaben net nëmmen d’EU-Länner, mä och di aner grouss industriell Natiounen, wéi Japan an d’USA, mat anzebannen. Dëst entsprécht den Ustrengungen déi an de leschte Joren op internationalem Niveau ënnerholl goufen. An et ass virun allem am Sënn vun der Wettbewerbsfäegkeet vun der europäescher Wirtschaft.

Soziaalt Europa

Ee Schantjen op deem besonnesch vill Fortschrëtter op europäeschem Niveau an deene leschte Méint gemaach goufen ass dee vum sozialen Europa. D’Kommissioun huet sech jo zu Recht den Ausbau vun der sozialer Dimensioun vum Bannemaart op de Fändel geschriwwen, a se huet, zesumme mam Rot a mam Europaparlament, geliwwert. Lëtzebuerg setzt sech ganz staark fir deen Ausbau vun dëser sozialer Dimensioun an.

D’fräi Beweegung vu Persounen, Wueren, Déngschtleeschtungen a Kapital gehéieren zu de Fundamenter vun der Europäescher Unioun, an ech brauch Iech jo sécher net drun ze erënneren, dass d’Lëtzebuerger Wirtschaft déi wier, déi als éischt an am meeschten drënner leide géing, wann dës véier Fräiheete protektionistesche Reflexer géingen zum Affer falen, an se just nach um Pabeier géingen existéieren. Fir dass de Bannemaart Wuesstem bréngt, an eng gréisser Auswiel u Wuere fir de Konsument, ouni sozialen Dumping, brauche mir sozial Mindeststandarden, gekoppelt un Kontrollméiglechkeeten duerch déi national Autoritéiten.  

Ee Beispill vir déi intensiv legislativ Aarbecht ass d’Tatsaach, dass een sech bei der Ännerung vun der Direktiv “Detachement” vun den Aarbechter eens ginn ass. Lëtzebuerg huet sech mat vill Energie dofir agesat, dass d’Léisung ambitiéis an ëmsetzbar ass. Dësen Accord gesäit virun allem vir, dass en detachéierte Salarié deeselwechte Loun, mat Primmen an Dispositiounen aus Kollektivverträg, kritt wéi ee Salarié deen déi selwecht Aarbecht mécht, mä an deem Land wunnt an deem déi Aarbecht gemaach gëtt. Fir den Transportsecteur, dee jo par Definitioun mobil ass, gëtt am Moment un enger spezifescher Léisung geschafft. Och hei setzt Lëtzebuerg sech fir e sozial ambitiéisen Accord an, a leet den Accent virun allem op d’Kontrollméiglechkeeten fir Gefuddels, Beducksen a Mëssbrauch ze verhënneren.

Enn d’lescht Joer hunn de Rot, d’Parlament an d’Kommissioun dann och e sougenannte “Pilier vun de soziale Rechter” adoptéiert, deen eng Rei vu Rechter a Prinzipie festleet, di EU-wäit gëllen, vun Aarbechtskonditiounen iwwer sozial Sécherheet a Pensioune bis hin zur Ausbildung an zur Chancëgläichheet. Elo gëllt et natierlech, déi Prinzipien an der Praxis ëmzesetzen. An do erwaarde mir eis déi néideg legislativ an net-legislativ Impulser vun dëser Kommissioun, a vun der nächster.

Ee Wuert nach zur Revisioun vum Reglement iwwert d’Koordinatioun vun de soziale Versécherungssystemer. Hei gesäit de Virschlag vun der Kommissioun e Paradigmewiessel vir, wat d’Indemnitéite vum Aarbechtslosegeld fir Frontalieren ubelaangt. D’Iddi, dass de Grenzgänger zukünfteg vun der ADEM soll ofhänken, wann en an de Chômage sollt kommen, ass besonnesch an deem Sënn problematesch, dass d’ADEM keng Méiglechkeet huet ze kontrolléieren ob dës Net-Residenten iwwert d’Period vun hirer Aarbechtslosegkeet d’Bedingungen erfëllen déi gëllen, fir d’Lëtzebuerger Indemnitéiten ze kréien. Dat wat d’Kommissioun hei proposéiert, ass einfach net ëmzesetzen, an dës Regierung huet intensiv geschafft a wäert och weider schaffe fir dass hei eng aner Léisung fonnt gëtt, déi och an der Praxis ëmgesat ka ginn.

Neie Finanzkader

Zu den Erausfuerderunge virun deenen d’Europäesch Unioun steet, gehéieren awer och d’Verhandlungen iwwer de Finanzkader fir d’Zäit no 2020. Wéinst dem Brexit geet de Bäitrag vum Vereenegte Kinnekräich verluer, dat waren 2016 méi wéi 12 Milliarden Euro. An dat zu engem Moment, wou d’Europäesch Unioun viru groussen Aufgabe steet: Digitaliséierung, Migratioun, Verdeedegung, Sécherheet fir just e puer Beräicher ze nennen. Ouni déi néideg Mëttel kann d’Europäesch Unioun hir Zieler net erreechen. Dofir musse mir eis em een zukunftsfäegen an effiziente Finanzkader beméien. All Memberstaat muss do seng Responsabilitéiten eescht huelen an eng Hand mat upaken. Dat heescht, dass och d’Lëtzebuerger Regierung bereet ass, fir méi an d’Dëppen anzebezuelen, wa mir iwwerzeegt sinn, dass déi Erhéijung vum europäesche Budget dem europäeschen Interêt dengt.

Momentan gëtt och vill doriwwer diskutéiert, fir den Zougang zu EU-Fongen u gewësse Konditiounen ze knäppen. Zu dësen Iddie gehéiert, dass den Zougang op d’Kohäsiounsfongen un de Respekt vu Prinzipie vum Rechtsstaat gebonne soll ginn. Eng aner Iddi ass déi, op de Wee vun enger positiver Konditionalitéit ze goen an deene Memberstaaten ze hëllefen, déi beispillsweis méi Flüchtlingen ophuele wéi anerer. Et muss verhënnert ginn, dass den eigentleche Sënn vun der europäescher Kohäsiounspolitik ënnergruewe gëtt. D’Zil vun der Kohäsiounspolitik ass et nämlech, d’Memberstaaten zesummenzeféieren – dat gëtt jo am EU-Jargon “Konvergenz” genannt – an di wirtschaftlech Ënnerscheeder ze reduzéieren. An dat Instrument soll och bestoe bleiwen. Wa mir de Benefice vu Struktur- a Kohäsiounsfongen un d’Rechtsstaatlechkeet knäppen, da schloe mir e falsche Wee an, a mir bestrofen eigentlech di Falsch. Mä nokucke, wa Memberstaaten déi elementaarste Prinzipie vun der Solidaritéit mat Féiss rennen, geet och net.

Mir brauchen also eng Léisung, déi ganz am Sënn vum Prinzip vun der Solidaritéit ass, ouni déi eis Unioun net funktionéiere kann. Ech hunn et schonn e puermol ugedeit: d’Solidaritéit muss erëm zum Haaptbestriewe vun der Unioun ginn. Dass Memberstaaten sech der europäescher Solidaritéit entzéie fir bannepolitesch kuerzfristeg Gewënn ze maachen, féiert eis an di falsch Richtung. Mat engem Mechanismus vu positiver Solidaritéit fir déi Länner di sech an der Flüchtlingspolitik abréngen, a mat drastesche Strofe – wéi den Europäesche Geriichtshaff dat virzeechent – fir déi di sech futtéieren, géif richteg agéiert ginn.

Rechtsstaatlechkeet

Net manner wichteg wéi d’Solidaritéit sinn eis gemeinsam Grondwäerter a Prinzipie vum Rechtsstaat, sou wéi se am Artikel 2 vum EU-Vertrag definéiert sinn. Ouni de Respekt vun dëse Grondwäerter kënne mir d’Europäesch Unioun net als eng Unioun vun de Wäerter verstoen. Vun engem Rechtsstaat ouni Ofstréch profitéiert all Bierger. An eenzele Memberstaaten stinn d’Prinzipie vun der Rechtsstaatlechkeet säit enger Zäit bedauerlecherweis erëm am Zweiwel. Et geet do em Memberstaaten, déi sech net méi un d’Critère vu Kopenhagen – deenen hire 25. Anniversaire mir dëst Joer feieren – halen.

Als Reaktioun op Problemer wat d’Situatioun vun der Rechtsstaatlechkeet a Polen betrëfft, huet d’Europäesch Kommissioun am Dezember vum leschte Joer d’Artikel-7-Prozedur ageleet. D’Kommissioun huet bis ewell am Ganze véier Recommandatioune publizéiert, déi detailléiert beleeën, dass a Polen eng eendeiteg Gefor vun enger schwéierer Verletzung vun der Rechtsstaatlechkeet besteet. An d’Venedeger Kommissioun vum Europarot, déi wéi der wësst, sech aus eminente Juristen zesummesetzt, huet déiselwecht Konklusioune gezunn. Zesumme mat den anere Länner déi zum Grupp vun de Frënn vum Rechtsstaat gehéieren ënnerstëtze mir d’Kommissioun an hiren Aktiounen a setze weiderhin op en Dialog mat Polen, an der Hoffnung, dass di polnesch Regierung hire Kurs korrigéiert an d’Onofhängegkeet vun der Justiz erëm hierstellt. Sollt dëst net de Fall sinn – an am polnesche Parlament ass an der leschter Woch déi kontestéiert Justizreform duerchgewénkt ginn – dann ass de Mechanismus vum Artikel 7 unzewenden. Ech begréissen, dass et erëm en Dialog tësche Polen an der Kommissioun gëtt, wat méintelaang net de Fall war. Mä wat d’Substanz ubelaangt, gesinn ech net, dass mir weiderkommen. Dorunner ännert och dat Wäissbuch näischt, dat di polnesch Regierung d’lescht Woch iwwert hir Justizreforme verëffentlecht huet.

A wat an Ungarn lass ass, dat huet keen Numm: Organisatiounen, déi Refugiéen hëllefen, gi kriminaliséiert! Och Ungarn beweegt sech leider ganz rapid a Richtung Artikel 7.

An der EU muss all Bierger d’Garantie hunn an enger Demokratie ze liewen, wou jiddereen seng Meenung soe kann, wou e d’Recht huet zu fräie Medien, op onofhängeg Riichteren, wou d’Séparation des pouvoirs respektéiert gëtt a wou alles wat sech em fundamental Mënscherechter handelt 100% konform ass mat den EU-Traitéen an dem internationale Recht. Dëst ass den Zement vun der EU als Friddensprojet. Deen däerf net bréckelen.

Brexit

Et ass elo bal e Joer hier, dass déi britesch Regierung beschloss huet, d’Europäesch Unioun ze verloossen. Et ass kloer, dass mam Brexit kee wënnt. Mir sinn do an enger sougenannter “lose-lose“ Situatioun. D’Zukunft vun der Europäescher Unioun wäerte mir also leider mussen ouni d’Brite gestalten, d’Zukunft vun Europa awer hoffentlech net. Et ass ze wënschen, dass och nom Austrëtt d’Vereenegt Kinnekräich e wichtege Partner bleift.

Säit virleschter Woch läit d’Austrëttsofkommes um Dësch, an dat d’Resultater vun der éischter Phase vun den Austrëttsverhandlungen iwwert d’Rechter vun de Bierger, Irland an d’Finanzen agefloss sinn. Dësen Text soll am Hierscht ënnerschriwwe ginn, an dono vum briteschen an dem Europäesche Parlament ratifizéiert ginn. En enthält och d’Regelung vun der Iwwergangsphas, déi vum 30. Mäerz 2019 bis den 31. Dezember 2020 dauere soll. Während där Zäit géif d’Vereenegt Kinnekräich Deel vum Bannemaart bleiwen, déi selwecht Verflichtungen hunn wéi en EU-Member, awer net méi an den Institutiounen vertruede sinn: dat nennt sech am EU-Jargon “everything but institutions”.

D’Austrëttsofkommes regelt d’Rechter vun de Bierger, déi hiert Recht op fräi Zirkulatioun virum Enn vun der Transitiounsphase ausgeüübt hunn. Do ass gutt geschafft ginn, mä et sinn awer nach wichteg Elementer ze klären. Esou wéi et bis elo am Text steet, géife britesch Bierger, déi bis zum Enn vun der Transitiounsphase op Lëtzebuerg kommen, no der Transitiounsphase hiert Recht verléieren, an engem aneren EU-Land ze schaffen oder Déngschtleeschtunge vu Lëtzebuerg aus an engem aneren EU-Land unzebidden. Hir fräi Beweegung wär eenzeg an eleng op Lëtzebuerg beschränkt. Besonnesch am Fall vu Lëtzebuerg mécht dat net vill Sënn.

Wat d’Fro vun der irescher Grenz betrëfft, sinn d’EU27 mat de Briten eens ginn, dass eng haart Grenz op der irescher Insel ze vermeiden ass, an de “Good Friday Agreement” oprechterhale muss ginn. Zur éischter Versioun vum Austrëttsofkommes gehéiert e Protokoll deen eng Léisung an der Nordirland-Fro virgesäit. Dës Léisung seet, dass Nordirland europäesch Regelen iwwer d’Gidder applizéiere muss. Dës Léisung gräift awer nëmmen dann, wann déi iresch Fro net iwwert eis zukünfteg Bezéiung mat dem Vereenegte Kinnekräich oder duerch spezifesch Léisunge gekläert ka ginn. D’EU27 si prett, déi britesch Virschléi fir spezifesch Léisungen nozelauschteren. All Virschléi mussen awer kompatibel si mat der Integritéit vum Bannemaart a vun der Zollunioun.

Wat déi zukünfteg Partnerschaft mam Vereenegte Kinnekräich ubelaangt, do ass nach vill Aarbecht ze leeschten. Di grouss Linnen an den Inhalt vum neien Ofkommes sollen niddergeschriwwe ginn an enger Deklaratioun, an un d’Austrëttsofkommes drugehaange ginn. An d’Basis dozou liwweren d’Schlussfolgerunge vun de Staats- a Regierungscheffe vun den EU27 dëse Mount.

De President Tusk huet d’lescht Woch zu Lëtzebuerg säi Virschlag iwwer di zukünfteg Bezéiung mam Vereenegte Kinnekräich duergeluecht. Hie schléit eng Zesummenaarbecht vir am Kampf géint den internationalen Terrorismus an d’international Kriminalitéit, en Ofkommes, dat sécherstellt, dass de Fluchverkéier net zesummebrécht, an och den Zougang zu den EU-Programmen am Beräich vun der Recherche, der Innovatioun, der Educatioun an der Kultur. Wat déi zukünfteg Wirtschaftsbezéiungen ubelaangt, do proposéiert de President vum Conseil européen e Fräihandelsofkommes an en Zollofkommes ofzeschléissen.

Des envisagéiert Zukunftsgestaltung um Wirtschaftsplang ergëtt sech deelweis aus deem, wat di britesch Regierung a leschter Zäit gesot huet, iwwert dat wat se wëllt, an dat wat se net wëllt, an aus dem Wëlle vun den EU27 dofir ze suergen, dass e Land nom Austrëtt aus dem Bannemaart an aus der Zollunioun net besser do steet ewéi e Member.  

D’Brite wëllen eng autonom Handels- a Reguléierungspolitik féieren, si wëllen nees d’Kontroll iwwert hier Grenzen, an och iwwert den Zoufloss vu Persounen hunn. Virun allem awer wëllen si sech wäit ewech hale vum Europäesche Geriichtshaff.

D’Lëtzebuerger Positioun ass déi heiten: jo, mir wëllen enk Bezéiunge mam Vereenegte Kinnekräich behalen; wichteg ass allerdéngs och d’Preservatioun vun der Integritéit vum Bannemaart, a vun der europäescher an der Lëtzebuerger Wettbewerbsfäegkeet – besonnesch där vun der Finanzplaz. Dofir si mir géint all Zorte vu Kiischteplécke, “cherry picking” wi d’Englänner soen : den Zougang op de Bannemaart ass just méiglech, wann den Drëttstaat kloer Verflichtungen ageet, besonnesch um Plang vun der Reguléierung, an deemno och d’Autoritéit vum Europäesche Geriichtshaff unerkennt.

E Kiischteplécken däerf et awer och net ginn op der Säit vun den EU27: all Memberstaat huet deen een oder anere Beräich, dee fir hie méi wichteg ass, ewéi en aneren. Hei muss de Prinzip vun der Solidaritéit tëschent de 27 gëllen: am zukünftegen Ofkommes mat de Brite muss de spezifesche Suerge vun all Memberstaat Rechnung gedroe ginn. Am Fall vu Lëtzebuerg gehéieren dozou och d’Finanzdéngschtleeschtungen.

Jo, de Brexit ass eng Erausfuerderung. An d’Zäit leeft eis e bësse fort. D’Betriber, och d’Bierger an d’Verwaltunge mussen sech op all méiglechen Zeenarioe virbereeden. En “no deal“ Zeenario ass nach net vum Dësch. Trotz allem sinn ech awer zouversiichtlech, dass mir eng gemeinsam Léisung fanne wäerten.  

Erweiderung

Di eng wëllen eraus, an déi aner wëllen eran... D’Bäitrëttsverhandlunge gi mat dräi vun de fënnef Bäitrëttskandidate gefouert, mat Serbien, Montenegro an, um Pabeier, zënter 2005, mat der Tierkei.

 

Am Abrëll wäert d’Kommissioun am Kader vun der Publikatioun vum Erweiderungspaquet uginn, ob déi aner zwee Kandidatelänner, d’fréier jugoslawesch Republik Mazedonien an Albanien, d’Konditioune fir Verhandlungen unzefänken erfëllen.

All Land vum Balkan brauch eng glafwierdeg Erweiderungsperspektiv, och Bosnien an de Kosovo. Et ass awer ganz kloer, dass de Bäitrëttsprozess en individualiséierte Prozess ass, an dass de Respekt vun de Bäitrëttsbedingungen ausschlaggebend ass. Ech hunn d’lescht Joer bal all Land am Westbalkan besicht, fir mir eng Iddi ze maachen iwwert de Stand vun de Reformen.

Am Februar huet d’Europäesch Kommissioun hier nei Strategie fir d’Regioun proposéiert. No der Publikatioun vum Erweiderungspaquet am Abrëll wäert de Sommet vu Sofia am Mee de Startschoss gi fir d’Ëmsetzung vun der neier Strategie.

Wat d’Tierkei ubelaangt, ass näischt ze beriichten iwwer Bäitrëtt. Am Ament gëtt net verhandelt, kee Komma, kee Punkt. Ech hu gesot firwat. De 26. Mäerz fënnt zu Varna a Bulgarien e Spëtzentreffen EU-Tierkei statt. Wann dat Gespréich d’Äis kéint briechen, tant mieux. Mä den tierkesche President muss aus senge Versprieche konkret Fortschrëtter um Plang vun de Mënscherechter maachen. Op Lëtzebuergesch gesot: d’Dieren vun de Prisonge mussen opgemaach ginn, an d’Dieren vum Onrechtsstaat mussen zougemaach ginn. Soss komme mir kee Schrëtt weider.  

Fir eng formell Suspendéierung vum Bäitrëttsprozess trëtt Lëtzebuerg, wei 95% vun de Memberlänner, grad ewéi d’Kommissioun net an, well et eis wichteg ass, der Zivilgesellschaft an deem Land d’Dieren net zouzeklaken.

Handelspolitik

Nodeem 2016 ganz am Zeeche stoung vun der Ënnerschrëft vum CETA, war 2017 e rouegt Joer wat d’Handelspolitik ugeet. Dir wësst, dass d’belsch Regierung dem Europäesche Geriichtshaff d’Fro gestallt huet, ob den ICS – Investment Court System – kompatibel ass mam Vertrag vu Lissabon. Éier mir kennen d’Ratifikatioun vum CETA an d’Weeër leeden, ass op d’Äntwert vum Geriichtshaff ze waarden.

D’Fro vum Investiounsschutz hat 2017 och méi breet juristesch Konsequenze wat d’europäesch Handelspolitik ugeet. Am Mee 2017 huet nämlech den Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg entscheet, dass d’Handelsofkommes mat Singapur eng gemeinsam Kompetenz vun der Unioun a vun de Memberstaaten ass, ebe wéinst dem Investitiounsschutz a gewësse Forme vun indirekten Investissementer, déi am Ofkommes virgesi sinn. Doropshin huet d’Kommissioun virgeschloen, dass an Zukunft d’Handelsofkommesse solle gespléckt ginn: op der enger Säit en Handelsofkommes, dat nëmme vum Europäesche Parlament soll ratifizéiert ginn; op der anerer Säit en Ofkommes iwwert Investissementer, dat vum Europa-Parlament a vun de regionalen an nationale Parlamenter soll ratifizéiert ginn.

Dës nei Approche vun der Kommissioun ass nach net formell vun alle Memberstaaten akzeptéiert ginn. Di meescht erkennen awer un, dass d’Europäesch Unioun verantwortlech ass fir d’europäesch Handelspolitik, an dass d’Virschléi vun der Kommissioun an deem Sënn de Geescht vun den EU-Vertreeg an d’demokratesch Legitimitéit vum Europaparlament respektéieren. Dat soll awer net heeschen, dass di national Parlamenter net méi implizéiert solle ginn. D’Kommissioun huet sech nämlech engagéiert, di national a regional Parlamenter “parfaitement” – dat ass d’Wuert dat vum Jean-Claude Juncker benotzt ginn ass – ze informéieren iwwert d’Verhandlunge vu bilateralen Ofkommessen. Wa mir dann tatsächlech op de Wee vu gespléckten Ofkommesse ginn, da musse mir och dofir suergen, dass d’Kooperatioun mat de Parlamenter vun de Memberstaaten och wierklech ëmgesat gëtt.

Doriwwer eraus huet d’Kommissioun entscheet, all d’Projete vu Mandater ze publizéieren, an och de Rot opgefuerdert, déi Mandater ze publizéieren, déi hien ugeholl huet.

D’Publikatioun vun de Mandater, och déi di vum Rot approuvéiert gi sinn, ass eppes wat ech säit laangem gefrot hunn. Mir brauchen onbedéngt méi Transparenz an eiser Handelspolitik, an ech si frou dat d’Kommissioun endlech dëse Wee ageschloen huet. Op dëser Plaz well ech hei d’Aarbecht an den Engagement vun der Kommissärin Malmström begréissen, di sech fir di néideg Transparenz an de Kontakt zu de regionalen an nationale Parlamenter perséinlech agesat huet.

Am Fong géif ech gären iwwert d’Erfolleger vun enger multilateraler Handelspolitik schwätzen, déi fir jiddereen do ass, a virun allem fir déi äermst ënnert de Länner. Mä do fält de Bilan leider extrem erniichternd aus. Am Dezember huet zu Buenos Aires d’ministeriell Reunioun vun der Welthandelsorganisatioun stattfonnt. An dozou kann ee leider just soen, dass et eng verpasste Geleeënheet war fir de Welthandel erëm opliewen ze loossen a méi inklusiv ze gestalten. Bis op e puer kleng Entscheedungen, sinn sech d’Memberstaaten zu Buenos Aires net eens ginn, wéi et an Zukunft an der Welthandelsorganisatioun soll virugoen.

Eng Welthandelsorganisatioun brauche mir awer méi wie jee. De Welthandel muss onbedéngt an engem multilaterale Kader reguléiert ginn. D’Alternativ ass Chaos an d’Recht vum Staarken, seng Handelspolitik dem Klengen ze imposéieren. D’USA blockéieren am Moment d’Nominatioun vun neie Riichter. Wann dat esou weider geet, kann d’Geriicht vun der Welthandelsorganisatioun net méi schaffen.

D’Tendenz vun der amerikanescher Regierung fir d’Saache wëllen unilateral ze regelen, ouni Dialog an ouni op Frënn an Alliéierter opzepassen, huet sech an de leschten Deeg dramatesch verschäerft. Et ass kengem entgaangen, dass de President Trump schaarf Moossnamen an de Secteure vum Stol a vum Aluminium net nëmmen ugekënnegt, mee och de leschten Donneschden ëmgesaat huet. D’EU huet sech bereet erkläert, determinéiert a mesuréiert ze reagéieren, a vollem Aklang mat de Regele vun der Welthandelsorganisatioun. Mir däerfen eis net onnéideg provozéieren an a Richtung Handelskrich dreiwe loossen, mee anerersäits musse mir eis Interesse verteidegen.

An dësem Kontext huet d’Kommissioun dräi Optiounen identifizéiert, déi mir deelen. Fir d’éischt emol ass et ganz wichteg, dass mir bei der Welthandelsorganisatioun kloen, mam Zil, dass di amerikanesch Moossnamen als inkompatibel mam Handelsrecht erkläert ginn. Dat wäert awer net vun haut op muer geschéien. Dofir gesäit déi zweet Optioun vir, de Milliardeschued fir eis Industrie an de nächste Méint ze neutraliséieren, andeems mir selwer Moossname géint amerikanesch Importer huelen, am volle Respekt vum Recht a vun de Prozedure vun der OMC. Dës Moossname wäerte Stol betreffen, mee och verschidden emblematesch Industrie- an Agrarprodukter. Drëttens musse mir dofir suergen, dass den europäesche Maart net iwwerschwemmt gëtt mat Produkter, déi net méi an Amerika verkaf kënne ginn. Dat geet iwwert d’Ëmsetzung vu provisoreschen « mesures de sauvegarde » op Stol an Aluminium.

D’Lëtzebuerger Stolindustrie ass betraff an der Héicht vun 10% vun eise Stolexporter. Dofir hoffe mir nach ëmmer, dass d’amerikanesch Regierung agesäit, dass Europa als laangjärege Partner objektiv gesinn net nëmme keng Gefor duerstellt, mee och hëllefe kann, besonnesch bei der Sich no Léisungen, fir de Problem vun den Iwwercapacitéiten am Stol ze regelen. En éischt Gespréich leschte Samschden zu Bréissel huet awer leider keng Friichte gedroen, an den amerikanesche President schéngt elo eng Ännerung vun den EU-Importrechter erzwéngen ze wëllen.

Dat kënne mir net akzeptéieren. Wann di amerikanesch Regierung eng Ausnam fir Europa weiderhin ausschléisst, wäerte mir geschlossen hannert der Kommissioun stoen, fir d’Interesse vu Lëtzebuerg an Europa ze garantéieren.

Mir däerfen net vergiesse, wéi Protektionismus an Handelskricher der Welt geschuet hunn a ganz oft Konflikter ausgeléist hunn.

AUSSEPOLITIK AN DER NOPERSCHAFT VUN DER EU

A wa mir vu Konflikter schwätzen, da kucke mir leider och an d’Noperschaft vun der EU, an zwar no Osten, a Richtung Ukrain a Russland. Méi wéi 10.000 Leit sinn zënter 2014 bei Kämpf am Oste vun der Ukrain ëm d’Liewe komm, a méi wéi 23.000 goufe blesséiert. Mir sinn immens beonrouegt iwwert d’Ausmooss vun der Gewalt, déi an där Géigend zu engem dagdeegleche Begleeder ginn ass. Virun engem Joer konnt ech mir selwer e Bild maache vun der Lag am Donbass. Et ass natierlech d’Zivilbevëlkerung, déi op béide Säite vun der Kontaktlinn am meeschte leit. Déi regelméisseg Zerstéierung vu liewenswichtegen zivillen Infrastrukturen, d’Bombardementer vu Wunnengen, dat alles ass inakzeptabel. An der Ostukrain wiisst eng ganz Generatioun op, déi de Krich all Dag erlieft a fir déi d’Gewalt en normaalt Element vum Liewe gëtt.

Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’territorial Integritéit vun der Ukrain innerhalb vu sengen international unerkannte Grenzen, seng Souveränitéit a seng Unitéit. A mir ënnerstëtzen all Ustrengungen, virun allem am Normandie-Format an an der trilateraler Kontaktgrupp vun der OSZE, fir dass sech d’Situatioun an déi richteg Richtung entwéckelt. An der Ëmsetzung vun de Minsker Ofkommesse mussen natierlech och weider Fortschrëtter gemaach ginn.

Wat d’Hëllef vu Lëtzebuerg ugeet huet eis Regierung zënter dem Ufank vum Konflikt iwwert 1,7 Milliounen Euro fir humanitär Projeten an der Ukrain ginn, an dat virun allem fir sanitär Infrastrukturen a Projeten, déi och Kanner zegutt kommen. D’OSZE Missioun wäerte mir och weider ënnerstëtzen.

2017 war e wichtegt Joer fir d’Verdéiwung vun de Bezéiungen tëschent der Ukrain an der Europäescher Unioun: den Assoziatiounsvertrag an d’Fräihandelsofkommes sinn offiziell a Kraaft getrueden, an d’Visasflicht fir d’Ukrainer ass ofgeschaaft ginn. Esou huet d’Unioun de Reformen an der Ukrain Rechnung gedroen. Mä eis ukrainesch Noperen hunn nach e ganz laange Wee viru sech: a Saache Bekämpfung vu Korruptioun, an a Saache Reform vun der Justiz ass nach vill ze maachen. Et spiert een e bëssen, dass den Enthusiasmus fir d’Reforme resolut weiderzedreiwen, sech e bësse getässelt huet. Dat erkläert sech deelweis doduerch dass d’nächst Joer Wahle sinn an der Ukrain. An dach muss d’ukrainesch Regierung hir Responsabilitéiten huelen. An ech géif d’ukrainesch Regierung och un d’Häerz leeën, d’Recommandatioune vun der Venedeger Kommissioun vum Europarot iwwert dat neit Edukatiounsgesetz ëmzesetzen.

Wat d’Bezéiung mat Russland ugeet, do géif ech mat eise bilaterale Bezéiungen ufänken, déi geschwënn 127 Joer al sinn. Eis Zesummenaarbecht mat Russland betrefft eng ganz Rei vu Beräicher, vun der kultureller an akademescher Zesummenaarbecht iwwert d’Industrie bis hin zu den neien Technologien. Mir hunn et och fäerdeg bruecht, zesummen op engem méi donkele Kapitel vun eiser Geschicht zesummen ze schaffen. Am Summer kréien eis national Archiven déi digitaliséiert Dossieren iwwert d’Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierte vun Tambov, a Russland huet eis d’lescht Joer Archiven zum Anniversaire vum Londoner Vertrag iwwerreecht.

Um europäesche Plang huet sech näischt gedoen. D’Sanktioune, déi d’EU géint 150 Leit an 38 Entitéiten no der illegaler Annexioun vun der Krim duerch Russland ugeholl huet, si gëschter verlängert ginn. D’Wirtschaftssanktioune lafen Enn Juli viraussiichtlech aus. Am Juni wäert den Europäesche Rot d’Verlängerung diskutéieren. Ech kann deem net virgräifen, ech stelle just fest, dass et kee positiivt Element ze verbuche gëtt.

Russland ass e ganz wichtege Partner vun der Europäescher Unioun, e wichtegt europäescht Land, Member vum Europarot a vun der OSZE, mä och Russland huet sech natierlech un d’Spillregelen an internationaalt Recht ze halen. Et mécht mir Suergen, dass d’USA a Russland, zwee entscheedend Länner fir de Fridden op dëser Welt, sech net nëmmen iwwert all méiglech Regelen ewechsetzen, mä och nach ëmmer méi ausenaner driften. Dat kann net gutt sinn, net fir d’Welt a net fir Europa.

Nom Oste kommen ech zu eiser Noperschaft am Süden.

Siwe Joer nodeems de Ben Ali aus Tunesien geflücht ass an dat sougenannten "arabescht Fréijoer" ausgeruff gouf, ass d’Situatioun an der Regioun beonrouegend wéi seele virdrun. Ech war Uganks Februar op Besuch an Tunesien, wou déi demokratesch Transitioun erfollegt ass. Mä d’Demokratie steet esoulaang op wackelege Been, wéi d’Ekonomie sech net verbessert. Mir wëllen dofir eis Kooperatioun mat Tunesien verdéiwen.

Vill Länner am Noen a Mëttleren Osten – Syrien, Irak, Jemen, Libanon, Katar, fir nëmmen déi ze nennen – sinn direkt affektéiert vun der Joerzéngten aler Rivalitéit tëschent Saudiarabien an dem Iran. Di Rivalitéit ass leider am Gaang, sech geféierlech ze verschäerfen. Hei geet et dorëms, wien d’Iwwerhand an der Regioun huet. Et ass e politesche Konflikt, net e reliéise Konflikt tëscht Sunniten a Schiiten, woubäi d’Relioun natierlech ëmmer ka fir politesch Zwecker mëssbraucht ginn. Ech hoffen, dass d’Mediatioun, notamment vum Kuwait a vum Oman, ka gräifen, fir d’Tensiounen erofzeschrauwen.

De Fridden an d’Sécherheet vun der EU hänke staark vun den Entwécklungen an dëser Regioun of. Mir musse mat eise Partner kooperéieren, fir de gemeinsame Menacë Meeschter ze ginn. Dozou gehéiert de Kampf géint den Terrorismus, dee muss zesummen gefouert ginn, mat aller Determinatioun, ouni ons Wäerter an de Rechtsstaat op d’Spill ze setzen.

Virun dräi Méint huet de Premier vum Irak annoncéiert, dass säi Land no enger dräijäreger Campagne komplett vun Daech befreit ass.

An deenen dräi Joren hunn iwwert 18.000 Iraker hiert Liewe verluer. A wäit Deeler vum Irak sinn zerstéiert ginn. Obwuel den Irak ënnerstëtzt ginn ass vun der globaler Koalitioun, an där Lëtzebuerg och Member ass, hunn d’Iraker déi meeschte Sacrifice gemaach, fir hiert Land, mä och fir eis alleguer.

Fir eis Solidaritéit mam Irak an am Kampf géint den Terrorismus ze ënnersträichen, hunn ech am Februar un zwou Konferenzen am Kuwait deelgeholl: d’Reunioun vun der globaler Koalitioun, wou mir iwwert d’Fortschrëtter am Kampf géint Daech geschwat hunn, an d’Konferenz fir d’Rekonstruktioun vum Irak. Lëtzebuerg setzt sech an duerch humanitär Hëllef an Deminage, an Zesummenaarbecht mat eisen UNO-Partner, fir eng gutt Grondlag fir d’Rekonstruktioun am Irak ze schafen.

D’Rekonstruktioun huet och eng politesch a sozioekonomesch Dimensioun. Den irakesche Premier huet annoncéiert, dass déi nächst grouss Erausfuerderung de Kampf géint d’Korruptioun ass.

Wann ee wëll dem Terrorismus am Irak de Nährbuedem entzéien, da mussen et Fortschrëtter ginn a Punkto national Reconciliatioun a politesch Reformen. Nodeem de kurdeschen Onofhängegkeetsreferendum vill politesche Schued ugeriicht huet, musse Bagdad an Erbil en Accord fannen. Béid Parteie kënnen opbauen op di gutt Zesummenaarbecht tëschent de kurdesche Peshmerga an den irakeschen Truppen, déi decisiv fir d’Defaite vun Daech zu Mossul war.

AFRIKA

Eis Noperschaft, dat ass och Afrika. A senger Dynamik an a senger Vilfalt ass den afrikanesche Kontinent en extrem wichtege Partner fir Europa a fir Lëtzebuerg. Eis Sécherheet a Wuelbefannen hänken enk mateneen zesummen. Wann haut 1,2 Milliarde Leit an Afrika liewen, wäerten et der 2050 2,5 Milliarde sinn. D’Halschent vun der afrikanescher Bevëlkerung huet haut manner wéi 18 Joer. 2030 wäerten et der zwee Drëttel sinn. Dësen Trend bréngt vill Potential a vill Erausfuerderunge mat sech.

De fënnefte Sommet tëschent der Europäescher Unioun an der Afrikanescher Unioun, am November d’lescht Joer zu Abidjan, huet zu Recht d’Jugend an de Mëttelpunkt gesat. Do sinn eng Rei Prioritéite festgehale ginn, wou mir an de nächste Jore méi enk zesummeschaffe wëllen, fir der afrikanescher Jugend besser Perspektiven ze ginn: nieft Friddenssécherung, Gouvernance a Mobilitéit sinn dat d’Investissementer an d’Educatioun, d’Wëssenschaften an den technologesche Fortschrëtt. Hei huet Lëtzebuerg eppes unzebidden.

E nohaltege Fridden a Prosperitéit sinn nëmme méiglech, wann et mam Rechtsstaat klappt an d’Mënscherechter respektéiert ginn. D’Jugend a villen afrikanesche Länner verlaangt do, zu Recht, ëmmer méi vun der politescher Klass.

Et gi vill Krisen an Afrika, an et muss alles dru gesat ginn, fir dass se geléist ginn a keng neier entstinn. Präventioun ass wichteg. An deem Kontext si mir besuergt iwwert d’Diskussiounen, di a Südafrika iwwert d’Expropriatioun vun de Bauere opkomm sinn, ouni dass finanziell Entschiedegunge solle gemaach sinn.

Anerersäits mécht et Hoffnung ze gesinn, dass déi kontinental a regional Institutiounen, vun der Afrikanescher Unioun bis zu regionalen Organisatiounen, aktiv un der Präventioun a Resolutioun vu Konflikter schaffen.

De G5 Sahel ass e ganz gutt Beispill dofir. Di fënnef Länner aus der Regioun vum Sahel, Mauretanien, de Mali, de Burkina Faso, de Niger an den Tschad, hunn sech zesumme gedoen, fir hir gemeinsam Erausfuerderungen unzepaken. De 6. Februar konnt ech selwer zu Niamey am Niger um Sommet vum G5 Sahel deelhuelen, an ech war beandrockt vun der Determinatioun vu mengen afrikanesche Kollegen, fir d’Sécherheet an der Regioun an de Grëff ze kréien.

A manner wéi engem Joer hunn si et fäerdeg bruecht, eng Force conjointe op d’Been ze stellen an déi éischt Operatiounen op der Grenz tëschent dem Mali, dem Niger an dem Burkina Faso duerchzeféieren. Dës Force conjointe soll, wann se bis komplett operationell ass, d’Grenzen tëschent de fënnef Länner besser kontrolléieren an esou hëllefen, den Terrorismus, déi organiséiert Kriminalitéit an de Schmuggel ze bekämpfen. Wéi akut d’Gefor vum Terrorismus ass, huet d’Attack, déi den 2. Mäerz den Zentrum vu Ouagadougou getraff huet, leider erëm bewisen.

Lëtzebuerg, zesumme mat der UNO, der EU an aneren internationale Partner ënnerstëtzt de G5 Sahel, a mir wenden do eis bewäerten Approche vun den “3D” un: d’Mëttel vun der Diplomatie, vum Developpement a vun der Defense gi komplementar agesat. Eleng d’lescht Joer war dat en Effort vu ronn 100 Milliounen Euro. Nieft onsem laangjäregen Engagement am Sahel an der Entwécklungszesummenaarbecht si mir och aktiv am Kader vun der Europäescher Sécherheets- a Verdeedegungspolitik, a mir hunn decidéiert, d’Force conjointe G5 Sahel mat medezineschem Equipement a Formatiounen an Héicht vun 1,1 Milliounen Euro ze ënnerstëtzen. Well mir iwwerzeegt sinn, dass de Mali eng zentral Roll an der Regioun spillt, ënnerstëtze mir och spezifesch de Friddensprozess an deem Land.

ASIEN

D’Relatioune mam asiatesche Kontinent sinn och ganz wichteg fir d’Europäesch Unioun a fir eis. Dofir si mir an der Tëschenzäit mat fënnef Ambassaden an Asien vertrueden. Eis  Ambassaden decken am Ganze 15 asiatesch Länner of an och de Sekretariat vun der ASEAN, der Associatioun vun de Süd-Ost-asiateschen Natiounen, deen zu Jakarta, an Indonesien baséiert ass.

De leschten November hate mir eng Staatsvisite a Japan am Kader vum 90. Anniversaire vun eisen diplomatesche Bezéiungen. Dëst war eng grouss Éier fir Lëtzebuerg, well et eng vun deene leschte Staatsvisitte war, déi de japanesche Keeser Akihito empfaangen huet, ier en den Troun am Abrëll 2019 sengem Nofolger iwwerléisst.

Eis Relatioune mat China, dem gréisste Wirtschaftspartner vu Lëtzebuerg an Asien, hunn sech weider gutt entwéckelt, dëst och am Kader vum 45. Anniversaire vun eisen diplomatesche Bezéiungen, dee mir d’lescht Joer gefeiert hunn.

Eis Kontakter mat China sinn extrem villfälteg a betreffen ëmmer méi verschidde Ressorten. Eng ganz Rei vun héije Visitten d’lescht Joer, mä och schonn am Ufank vun dësem Joer, hunn dat gewisen. Ech hunn selwer de chineseschen Ausseminister Wang Yi am November am Myanmar gesinn, fir mat him de Point iwwert eis bilateral Bezéiungen ze maachen.

Zur Villsäitegkeet vun eise Relatioune gehéiert och, dass mir, als Member vun der EU an am Kader vun de Vereenten Natiounen, zesumme mat China iwwert d’Situatioun vun de Mënscherechter schwätzen.

Den Dialog ass wichteg an d’Lëtzebuerger Diplomatie wäert sech weiderhin drëm beméien, déi politesch, ekonomesch a kulturell Bezéiunge mat China ze verstäerken.

Am asiatesche Raum däerfe mir natierlech eis wichteg politesch a wirtschaftlech Relatioune mat Indien net vergiessen. Et ass keen Zweiwel, dass mir och eis Zesummenaarbecht mat Länner wei Indonesien, Malaysien, Singapur a Thailand  wäerte verstäerken.

Eng grouss Gefor fir d’Regioun an doriwwer eraus fir de Fridden an d’Stabilitéit op der Welt bleift Nordkorea, ënnert dem Regimm vum Kim Yong Un. Et geet drëm, mat de Sanktioune weiderhin Drock op Nordkorea ze maachen, mä awer och eng Dier fir den Dialog opzeloossen, fir eng friddlech Léisung ze fannen.

Während den Olympesche Wanterspiller zu Pyeongchang ass et zu engem Rapprochement tëschent Süd- a Nordkorea komm. Elo ass e Sommet tëschent dem südkoreanesche President an dem nordkoreanesche Leader fir Enn Abrëll ugesot ginn. Bei aller néideger Virsiicht wier et natierlech ze begréissen, wann dësen interkoreanesche Sommet, den drëtten zënter dem Koreakrich, géif stattfannen. Dat gëllt och fir de Sommet tëschent dem Donald Trump an dem Kim Yong Un, dee fir de Mee an Aussiicht gestallt ginn ass. Et bleift ze hoffen, dass dat zu engem multilateralen Dialog ka féieren, an dass et op deem Wee zur kompletter nuklearer Ofrëschtung vun Nordkorea komme kann. D’Awierke vu China a vun Amerika wäert hei eng kruzial Roll spillen.

AMERIKA / LATÄINAMERIKA

Ech hu grad Amerika erwäänt.

Et huet sech leider iwwert di lescht Méint bestätegt, wat vill vun eis gefaart hunn. Amerika ass am Gaang, sech lues a lues aus de multilateralen Enceinten zeréckzezéien. Esou huet di amerikanesch Regierung ugekënnegt, sech wëllen aus dem Paräisser Klima-Accord zeréckzezéien. D’Amerikaner huelen och net méi Deel un de Verhandlungen, um Niveau vun der UNO, fir e globale  Pakt fir sécher, geuerdent a regulär Migratioun. Dës Administratioun interesséiert sech wéineg fir d’Definitioun an d’Verdeedegung vun de multilaterale Regelen, déi mir zesummen säit dem Zweete Weltkrich ausgeschafft hunn an déi, notamment am Kader vu Fräihandelsofkommessen, fir all Partië, am Respekt vu gemeinsame Wäerter Benefice solle schafen. Am Géigendeel, de President Trump a seng Regierung fuere ganz op der Schinn “America First”.

Dëst stellt di transatlantesch Partnerschaft, zu där mir weiderhin 100% stinn, virun neien Erausfuerderungen. Trotz dëse Schwieregkeete geet et, méi wie jee, drëm, den Dialog proaktiv ze sichen.

Um amerikanesche Kontinent wëll ech awer och eis Partnerschafte mat Länner aus Latäinamerika, besonnesch mat Mexiko, Chile a mam Mercosur ervirsträichen. D’Europäesch Unioun well dës strategesch Partnerschafte verdéiwen duerch nei politesch an ekonomesch Accorden, déi eis demokratesch a sozial Valeuren um internationalen Niveau verankeren.

Den Accord iwwert de politeschen Dialog an d’Kooperatioun tëschent der EU a Kuba ass säit dem leschte Joer a Kraaft. D’Chamber huet en am Januar dëst Joer ratifizéiert. Den Accord mécht en neit Kapitel an de Relatiounen tëschen der EU a Kuba op, andeems en et erméiglecht, duerch de politeschen Dialog an di sektoriell Kooperatioun op wichtegen Dossiere wéi Mënscherechter oder ekonomesch Reformen zesummenzeschaffen. Dat ass em sou méi wichteg zu enger Zäit, wou den Zesummenhalt op Basis vu gemeinsame Wäerter och a Latäinamerika gelidden huet, op Grond vun der Situatioun am Venezuela.

Dëst Land entwéckelt sech ëmmer méi zu engem autokratesche Regimm ënnert dem Maduro, dee säit dem August vum leschte Joer di dräi Pouvoire kontrolléiert. Déi humanitär Situatioun gëtt ëmmer méi prekär. D’EU ënnerstëtzt Initiativen, fir en Dialog tëschent der Regierung an der Oppositioun hierzestellen, a mécht gläichzäiteg mat Sanktiounen Drock. Hei ass et wichteg, dass mir eis geschlossen als EU fir eng demokratesch Entwécklung am Venezuela asetzen.

Et ginn awer och méi positiv Entwécklungen a Latäinamerika. Heizou gehéiert zweiwellos de Friddensprozess a Kolumbien, deen trotz enger Rei Hürde virukënnt. Mir mussen an deenen nächste Méint virun allem d’Presidentschaftswahlen am A behalen. Se wäerten e kritesche Moment duerstellen. Lëtzebuerg ënnerstëtzt de Friddensprozess och dëst Joer mat enger Kontributioun un e Projet, deen d’Justiz fir d’Iwwergankszäit a Kolumbien stäipt. Mir bedeelegen eis weider un den EU-Fong fir Kolumbien.

Mat der Ouverture vun eiser Ambassade zu Brasilia, eiser éischter Ambassade um südamerikanesche Kontinent, wëllt Lëtzebuerg seng politesch an ekonomesch Bezéiunge mat Brasilien a mat der Regioun verdéiwen. Brasilien ass grouss wéi e Kontinent. Et ass eng Regioun, déi fir eis Entreprisen ëmmer méi wichteg gëtt, a mat där mir historesch enk verwuerzelt sinn, och duerch d’Geschicht vun der Stolindustrie. Et gëtt haut eng grouss Unzuel vu Brasilianer Lëtzebuerger Ofstamung, déi stolz op hier Wuerzele sinn, an sech aktiv dorunner bedeelegen, fir de Bezéiunge mat Lëtzebuerg e neien Impuls ze ginn. Bei der Aweiung vun eiser Ambassade den 1. Mäerz dëst Joer konnt ech selwer des Dynamik gesinn a mir e Bild vum Räichtum vun eise Liene mat Brasilien maachen.

SÉCHERHEET

Fir di transatlantesch Partnerschaft a fir eis Sécherheet spillt d’NATO eng zentral Roll. D’Sommete vu Wales 2014 a Warschau 2016 hunn déi prinzipiell Richtung vir ginn. Lëtzebuerg dréit säin Deel zur kollektiver Verdeedegung bäi. Mir hun aktiv bei der Réckversëcherung matgemaach, notamment mam Stationement vun engem Lëtzebuerger Kontingent a Litauen, a mir wäerten dat och weider maachen.

An der EU ass Enn d’lescht Joer e wichtege Schrëtt no vir gemaach ginn. Lëtzebuerg huet di stänneg strukturéiert Zesummenaarbecht, kuerz PESCO genannt, mat lancéiert. Mir gehéieren domadder zu deene Länner, déi eng méi enk Kooperatioun an der europäescher Defense ustriewen. Dee Schrëtt war néideg, fir eis Investissementer, eis Recherche an eis Capacitéiten als Europäer méi koordinéiert an effikass virun ze dreiwen. Fir Lëtzebuerg ass et ganz kloer: eng staark EU-Defense stäerkt och d’NATO.

Ech wëll nach eng Kéier drop hiweisen, dass een sech net op d’Fro vun den 2% dierf fokusséieren. Sécherheet ass méi wéi nëmmen Affär vun Defense. Wa Lëtzebuerg 1% vu sengem RNB an d’Entwécklungshëllef an an d’humanitär Hëllef investéiert, dann dréit dat och zur Sécherheet bäi. A wa vill Länner dat géife maachen, da wiere vill manner Konflikter op der Welt.

Am Sënn och vun der “3D” Approche bedeelege mir eis weider un zivil a militäresch Missiounen. Sief dat en Demineur am Afghanistan, e Polizist am Niger, e Patrullen-Fliger iwwert dem Mëttelmier, en Ënneroffizéier an der EU-Trainingsmissioun am Mali oder Capacitéite fir Satellitten-Kommunikatioun: Lëtzebuerg péckt mat un a gëtt vu senge Partner als responsabelen a solidareschen Acteur ugesinn.

Responsabel sinn heescht och, sech fir eng méi sécher Welt mat manner Waffen asetzen. Lëtzebuerg mécht dat.

An de nächste Méint wäert e neit Gesetz a Kraaft trieden, dat eisen nationale Kader fir d’Exportkontroll vu sensibele Gidder moderniséiert. Deemno wäert eng gemeinsam Entscheedung vum Wirtschaftsminister a vum Ausseminister néideg sinn, fir sécher ze stellen, dass militäresch Equipementer oder aner sensibel Wueren net iwwer Lëtzebuerg op Platzen transportéiert ginn, wou de Risiko besteet, dass se géife fir Violatioune vum internationale Recht gebraucht ginn.

Dat entsprécht eisen Obligatiounen ënnert dem ATT (“Arms Trade Treaty”), dem internationale Vertrag, deen de Waffenhandel reguléiert.

BENELUX A SIÈGE

Handel, Export, Transit: trotz eiser globaliséierter Welt bleiwen déi bilateral Bezéiungen mat eisen Nopeschlänner ganz wichteg. Dir wësst, dass d’Benelux-Unioun dëst Joer seng 60 Joer feiert. Hei kucke mir, dass ons dräi Länner d’Kooperatioun op déi Secteure konzentréieren, déi de Bierger konkret eppes bréngen. Mir beméien eis an deem Kader, zesumme mam Wirtschaftsministère, géint déi territorial Restriktioune virzegoen, déi eis Eenzelhändler zu Lëtzebuerg um internationale Plang benodeelegen.

Gemeinsam Benelux-Visitten a Stellungname weise ganz kloer, dass mir zesumme méi Afloss hunn a méi beweege kënnen. De Benelux soll weider senger Roll als europäesche Laboratoire gerecht ginn. Wësse musse mir allerdéngs, dass et ënner anerem a Froe vun EU-Reformen Divergenze ka ginn tëschent de Benelux-Länner. Beispill: di hollännesch Positioun a Saache Finanzmëttele vun der EU no 2020. Lëtzebuerg deelt déi Positioun net. 

Am 60. Joer vun der Benelux-Unioun huet Lëtzebuerg fir d’éischte Kéier eng gemeinsam Institutioun kennen empfänken: de Benelux-Geriichtshaff. Dëst ass kohärent mat der Entwécklung vun engem internationale Kompetenzzenter am Justizberäich zu Lëtzebuerg a spigelt och déi wuessend Bedeitung vun deem Geriicht erëm.

Mat senger Politik vum Siège schafft Lëtzebuerg weiderhin drun, fir d’Präsenz vun den europäeschen an internationalen Institutiounen, déi hire Sëtz hei am Grand-Duché hunn, ze consolidéieren a weider ze entwéckelen.

Mat der Europäescher Kommissioun gi mir eis drun, fir den Accord ëmzesetzen, deen ech Enn 2015 mat der Kommissärin Georgieva ofgeschloss hunn. An deem Accord hate mir jo ënnert anerem festgehalen, dass d’Kommissioun hier Präsenz an dräi Beräicher géing ausbauen: am finanziellen, am juristeschen an am digitale Beräich. Deen Accord ass wichteg fir Lëtzebuerg a mir gesinn do vill Complementaritéit mat der Entwécklung vun eiser Wirtschaft a vum Standuert Lëtzebuerg. D’Adoptioun vum Reglement d’lescht Joer iwwert d’Schafe vum europäesche Parquet – an deem Lëtzebuerg als Siège confirméiert gëtt – ass och eng gutt Nouvelle fir de Grand-Duché. Nieft der europäescher Cour de Justice an dem Tribunal gëtt esou de juristesche Pôle hei zu Lëtzebuerg verstäerkt.

2018 ass och e wichtegt Joer fir d’NSPA, d’NATO Agence, déi hire Sëtz zu Capellen huet. Si feiert dëst Joer de 60. Anniversaire vun hirem Bestoen an de 50. Anniversaire vun hirer Präsenz hei zu Lëtzebuerg. Mir sinn houfreg si hei ze hunn. Et ass eng Agence mat weiderhi vill Potential an eis Zesummenaarbecht ass ausgezeechent.

WIRTSCHAFTSDIPLOMATIE

D’Lëtzebuerger Diplomatie steet am Déngscht vum Land, vun de Bierger an och vun de Betriber. Si leescht esou hire Bäitrag zur Entwécklung vun eiser Wirtschaft.

Am Sënn vun enger dynamescher “Diplomatie économique” geréiere mir och eise Reseau vun Ambassaden, Konsulater, Handels- an Investmentburoën, d’LTIOen, déi vum Wirtschaftsministère ofhänken. Mir sinn elo an 32 Länner mat bilateralen Ambassade präsent. Dobäi kommen nach eis Stänneg Vertriedungen bei de multilateralen Organisatiounen, d’Co-Accreditatioune vun eisen Ambassaden, eis Net-Resident Ambassadeuren, eis Generalkonsulater, eis Honorarkonsulater an Aussewirtschaftsberoder. Ech wëll op dëser Plaz soen, dass am ganze Reseau eis Mataarbechter mat vill Asaz schaffen.

Eis Wirtschaftsdiplomatie verfollegt ganz konkret Ziler. Am Kontext vu menger Visite zu Lima, Enn 2017, hunn d’Autoritéite vum Peru hiren Accord ginn, fir Lëtzebuerg vun hirer schwaarzer Lëscht ze sträichen, wat am Januar dëst Joer dann och geschitt ass. Ähnlech positiv Resultater gouf et mat Armenien. Esou Demarchë si wichteg fir den internationalen Image vu Lëtzebuerg, an hunn en Afloss op d’Konditiounen, ënnert deenen eis Betriber am Ausland operéiere kënnen. Den Ausseministère wäert sech och an Zukunft fir esou Ziler asetzen.

CONCLUSIOUN

A menger Ried hunn ech vill Situatiounen a munch Politiker am Ausland zum Deel ganz kritesch betruecht.

Entgéint deem, wat oft gemengt gëtt, ass d’Diplomatie net d’Konscht, fir ronderëm de Bräi ze schwätzen. E gudden Diplomat ass net deen, deen zwee Mol nodenkt, fir näischt ze soen, wéi e fréiere britesche Premier eemol sot. D’Diplomatie brauch d’Éierlechkeet an eng gesond Dosis Franc-parler. Dialog – an dat ass jo d’Häerzstéck vun der Diplomatie a vun der Aussepolitik – kann nëmme klappen, wann een och bereet ass, Tacheles ze schwätzen, also eng kloer Sproch ze schwätzen an heiansdo och onbequem Wourechten ze soen.

Dobäi muss een natierlech selwer kënne Kritik astiechen. Dat gëllt och fir Lëtzebuerg. Virun zwee Méint war ech zu Genf, fir am Mënscherechtsrot eisen nationale Rapport fir den “Examen périodique universel” virzestellen. Do hu vill Länner d’Wuert ergraff, fir di Fortschrëtter, di eis Regierung an di zoustänneg Verwaltunge gemaach hunn, ze luewen. Et sinn och eng Rëtsch konstruktiv Recommandatioune komm, wéi mir eis Politike fir de Respekt an d’Fërderung vun de Mënscherechter zu Lëtzebuerg nach kënne verbesseren. Déi Rotschléi wäerte mir opgräifen, fir virunzekommen an dësem ganz wichtege Beräich.

Lëtzebuerg lieft vun engem multilaterale System, deen no der Regel vum Recht funktionéiert. A mir wëllen an Zukunft weiderhin eis Verantwortung an deem System iwwerhuelen, am Asaz fir eis Wäerter a fir d’Mënscherechter.

Dëse Mount gëtt Lëtzebuerg op Aluedung vu Chile a Kanada Member vun der “Equal Rights Coalition”, e Grupp vu Länner, déi sech fir d’Rechter vun den LGBTI-Persoune staark maachen. Domatter gëtt eisen Engagement an deem Domaine international unerkannt.

Dëst Joer plange mir och, en nationalen Aktiounsplang unzehuelen, fir d’UNO-Richtlinne fir d’Entreprisen an d’Mënscherechter ëmzesetzen.

Vu Mäerz 2019 bis Mäerz 2020 huet Lëtzebuerg d’Presidence vun der Internationaler Allianz fir d’Erënnerung un den Holocaust. Eis Presidence gëtt ënner anerem markéiert vun der Commemoratioun vum 75. Anniversaire vun der Befreiung vun Auschwitz. An enger Zäit, wou déi lescht Iwwerliewend vum Zweete Weltkrich eis verloossen, wëlle mir hëllefen, dass d’Mémoire an d’Lektioune vun der Shoah weiderliewen.

Dir wësst, dass Lëtzebuerg seng Kandidatur gestallt huet, fir an de Joren 2022 bis 2024 als Vollmember fir d’éischte Kéier an eiser Geschicht Verantwortung am UNO-Mënscherechtsrot ze iwwerhuelen. Mir wëllen e fiabelen, engagéierten a couragéierte Member vum héchste Gremium vun der UNO fir d’Mënscherechter ginn.

Eis ganz positiv Erfarung am UNO-Sécherheetsrot 2013-2014 wäert eis do zegutt kommen. Et ass och dës Erfarung, di Lëtzebuerg dozou bruecht huet, eng nei Kandidatur fir de Sécherheetsrot ze stellen, fir d’Joren 2031-2032.

Dir gesitt, d’Lëtzebuerger Diplomatie huet net nëmmen d’Krise vun haut, mä och de Long Terme fest am Bléck. Wat d’Stäerkt vun eiser Aussepolitik ausmécht, a mengen Aen, ass d’Kontinuitéit an der Saach, an d’Kontinuitéit am Engagement. Dozou dréit och d’Chamber hiren Deel bäi, am Sënn vun der parlamentarescher Diplomatie. Ech wëll Iech dofir Merci soe fir Äert Beméien.

Am Summer dëst Joer hätt de Nelson Mandela seng 100 Joer gefeiert. De “Madiba” huet inspiréiert duerch säi Courage an d’Dignitéit, mat där hien den Apartheid-Regimm a Südafrika bekämpft an iwwerwonnen huet. Folgend Devise gëtt oft an Zesummenhang mam Nelson Mandela bruecht, a se passt och bei säi Liewenswierk: “It always seems impossible until it’s done”.

Et bleift nach vill ze maachen, fir dass d’Welt esou dréint, wéi se misst. Mä mat der richteger Astellung ass villes méiglech.

 

Ech soen Iech Merci.

 

Aktualiséiert