Marc Barthelemy Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch genannt

Op Propositioun vum Regierungsrot ass den Marc Barthelemy Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch genannt ginn. Während 18 Joer huet den Marc Barthelemy am Educatiounsministère geschafft, als Premier conseiller an als Professeur-attaché.

De Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch ass eng nei Fonctioun, déi mam Gesetz vum 20. Juli 2018 iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch geschaf gouf. Matt dësem Gesetz ass nach emol ënnerstrach ginn, datt d‘Regierung sech engagéiert, fir d’Roll vum Lëtzebuergeschen an der Gesellschaft ze stäerken an d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur nohalteg ze sécheren.

Konkret ass de Kommissär zoustänneg fir d’Ausschaffen an d’Ëmsetze vun engen 20‑Joresplang ronderëm d’Lëtzebuergescht. Hie gëtt dobäi vun engem interministerielle Comité begleet. De Kommissär suergt och fir eng national Plattform, op där all Formatiounen, Coursë fir Lëtzebuergesch a soss wichteg Informatiounen zesummegedroen an aktualiséiert ginn. Hie kuckt, datt d’Offer u Coursen, fir Lëtzebuergesch ze léieren, duergeet, zu Lëtzebuerg an am Ausland, an datt adäquat didaktescht Material disponibel ass. De Kommissär mécht och de Suivi vun de Kloen iwwert de Gebrauch oder Net-Gebrauch vum Lëtzebuergeschen an den ëffentleche Servicer.

De Kommissär kann op der E-Mail-Adress commissaire@letzebuerger-sprooch.lu kontaktéiert ginn.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert