Am Kader vum neie Portal vun der Regierung, deen am Febuar 2018 lancéiert gouf, sinn Animatiounsfilmer produzéiert ginn fir verschidden Aspekter vum lëtzebuergesche politesche System aduiovisuell ervirzehiewen.
D’Regierung presentéiert deementspriechend 3 Filmer déi folgend Sujeten thematiséieren:
- D'Chamberwalen
- D'Formatioun vun der Regierung
- Déi deeglech Aarbechte vun der Regierung
Fir d'Ëffentlechkeet bestëmmt, droen dës Filmer zu engem bessere Verständnis vum politesche System bäi.
Am Sënn vum Portal vun der Regierung, sinn d'Filmer a 4 Sproochen produzéiert ginn: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.
D'Filmer sinn an der Rubrik Politesche System an um Youtube Kanal vun der Regierung disponibel.
Communiqué vum Staatsministère / Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung