Scho 400 Persounen hunn am INL erfollegräich um "cours d'initiation au luxembourgeois" deelgeholl

Dës Course gi speziell organiséiert fir déi Leit, déi schonn op d'mannst 20 Joer zu Lëtzebuerg wunnen an iwwert dëse Wee d'lëtzebuergesch Nationalitéit ufroe wëllen.

©INL
Gruppenfoto

 

Zënter deem neien Nationalitéitegesetz vun 2017 huet den INL schonn 20 esou Coursen ugebueden. Bis elo hunn eng 400 Persounen erfollegräich dorun deelgeholl.

An am ganze 15 Sessioune vu jeeweils 2 Stonnen kréien d'Leit en Abléck an d'Sprooch a se sollen doduerch motivéiert ginn, sech an alldeegleche Kommunikatiounssituatiounen op Lëtzebuergesch ze verstännegen.

De 26.November krut eng Grupp vun 29 Studenten aus 15 verschiddene Länner an enger klenger Feierstonn mat hirer Formatrice Ines Quaring, vum Karin Pundel, Directrice vum INL, hiren Zertifikat iwwerreecht. Si hate vum 1. Oktober 2018 bis de 26. November 2018 un engem "cours d'initiation au luxembourgeois" deelgeholl.

Déi nächst Coursë fänken am Laf vum Dezember un an et sinn nach Plaze fräi.

Aschreiwe kann ee sech iwwert www.inll.lu, Rubrik “Nationalité”.

Communiqué vum Institut national des langues  

Aktualiséiert