Aktualiséiert den
Nationalen Dag vun der Resistenz Muer de 24.02.2019 an der Glacis-Kapell a virum Hinzerter Kräiz
Muer Sonndeg ass nationalen Dag vun der Resistenz.
Lëtzebuerg erënnert sech op dësem Dag un all Resistenzler, déi an de Kazetter, Prisongen an Ëmsiidlongslager hiert Liewe gelooss hunn, a ganz besonnesch un déi 23 Membere vun der Resistenz, déi de 25. Februar 1944 – viru 75 Joer – am Hinzerter Bësch erschoss goufen, grad ewéi och un d'Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert an zu Köln ëmbruecht goufen.
1997 hat d'Lëtzebuerger Resistenz fir d'éischte Kéier hir "Journée nationale de la Résistance" gefeiert an den Wonsch ausgedréckt, dass dës Cérémonie sech elo all Joer widderhuelen sollt – op deem Dag, oder no bei dem Dag, op deem soss déi sougenannt "Hinzerter Mass" gefeiert gouf.
Den detailléierte Programm vu muer Sonndeg:
11 Auer: Mass an der Glacis-Kapell. Et séngt d'"Chorale des Exilés" ënnert der Direktioun vun der Madame Albena Vratchanska an dem Clairon d'honneur Edmond Faber, op der Uergel begleet vum Romain Ludwig.
11.50 Auer: Formatioun vum Cortège um Eck Rue de la Faïencerie an Allée de la Résistance et de la Déportation, mat, un der Spëtzt, engem Détachement vun der Arméi, der Militärmusek an de Fändele vun der Resistenz. De Wee bis op de Kierfecht ass net wäit, sou datt d'Resistenzler an hir Sympathisante sech, wann nëmme méiglech, dem kuerze Cortège uschléisse sollen.
12 Auer: Cérémonie virum Hinzerter Kräiz um Niklooskierfecht, Allée de la Résistance et de la Déportation:
Dës Feier besteet aus engem Choral, virgedroe vun der Militärmusek, d'Virliese vun engem Choix vun Texter duerch Schüler aus dem Maacher Lycée, der Seenong vun de Griewer duerch d'Vertrieder vun den dräi Haaptreliounen zu Lëtzebuerg, dem Néierleeë vu Blummen duerch d'Autoritéiten an d'Resistenzler, dem Ofspille vun der "Sonnerie aux morts", der Usprooch vun engem Member vum Organisatiounscomité an dem gemeinsame Sange vun der Heemecht.
Uschléissend ass den traditionelle Rondgang laanscht d'Griewer vun de Victimen.
Communiqué vum Comité fir d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich