Commemoratioun zum 75. Anniversaire vun der Ardennenschluecht - Invitatioun fir d'Ëffentlechkeet

Zum 75. Anniversaire vun der Ardenneschluecht, gëtt de 16. Dezember um amerikanesche Kierfecht zu Hamm eng Gedenkzeremonie gefeiert. Vertrieder aus Däitschland, der Belsch, Kanada, den USA, Frankräich, Holland, Polen, Groussbritannien, esou wéi Veterane vun der Schluecht selwer wäerten un der Zeremonie deelhuelen.

Membere vun der Regierung, der Chambre, dem Staatsrot, der Justiz a Buergermeeschteren vu Lëtzebuerg sinn och dobäi.

D'Regierung invitéiert all interesséiert Persounen, fir un der Commemoratioun deelzehuelen, déi de 16. Dezember 2019 um 15:30 Auer um amerikanesche Kierfecht zu Hamm ofgehale gëtt. Well d'Plaze limitéiert sinn, ginn d'Invitatiounen entspriechend der Reiefolleg vun der Aschreiwung verdeelt.

Déi interesséiert Leit kënnen sech ab dem 4. Dezember exklusiv iwwert den Internetsite https://maee.gouvernement.lu umellen.

Mir wëllen dorop opmierksam maachen, datt d'Strooss, déi op den Kierfecht féiert, de 16. Dezember fir de Verkéier gespaart ass. Eng gratis Navette assuréiert den Accès op de Site. Déi logistesch Detailer ginn eréischt no der Aschreiwung matgedeelt.

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung

Aktualiséiert