Coronavirus COVID-19: Informatiounen an Recommandatiounen

De Corona-Virus, wat ass dat ?

D’Coronavire (CoV) bilden eng grouss Famill vu Viren déi Unzeeche vun engem einfache Schnapp bis hin zu méi schlëmmen Otemkrankheete wéi de Middle East Respiratory Syndrome (MERS) oder de Severe acute respiratory syndrome (SARS) kënnen ausléisen. Een neie Coronavirus (nCov) ass eng nei Zort vu Coronavirus, déi bis ewell nach net beim Mënsch nogewise gouf.

De COVID-19 ass déi ustiechend Krankheet, déi ausgeléist gëtt vum leschte Coronavirus, deen entdeckt gouf (SARS-COV2). Dësen neie Virus an dës Krankheet waren net bekannt bis zum Ausbroch an der Verbreedung zu Wuhan (China) am Dezember 2019.

D’Infektioun COVID-19 verleeft an 80 % vun de Fäll harmlos. Allerdéngs ass et wichteg fir verschidde Virkéierunge ze treffe fir datt de Virus sech net an der Populatioun a besonnesch bei ufällegen an zerbriechleche Persoune verbreede kann.

Wou ass deen neie Corona-Virus opgedaucht?

De SARS-COV2 ass eng nei Zort vum Corona-Virus, déi bis ewell nach net beim Mënsch festgestallt gouf. D’Epidemie huet an der chinesescher Stad Wuhan, der Haaptstad vun der Provënz Hubei, ugefaangen. Ufanks huet et esou ausgesi wéi wann d’Epidemie an Zesummenhank mam Maart South China Seafood géif stoen. Op dësem Maart bidden Händler Mieresfriichten, Gefligel, Fliedermais, Murmeldéieren an aner wëll Déieren un, wat drop hindeit, datt de Virus seng Originne bei den Déieren huet. Et huet sech dono erausgestallt, datt de Virus och vu Mënsch zu Mënsch kann iwwerdroe ginn. Et gouf mëttlerweil Fäll an anere Regiounen a China an an anere Länner entdeckt, oft bei Leit, déi virdrun op Wuhan gereest waren. Déi zoustänneg Gesondheetsautoritéite vun de verschiddene betraffene Länner maachen aktuell Recherchen iwwer de Corona-Virus an d’Quelle wou d’Leit sech infizéiert hunn.

Wéieng sinn déi aktuell Risikogebidder?

Risikogebidder ginn definéiert als Zonen oder Regiounen an deenen eng diffus Iwwerdroung vum SARS-CoV-2 bannen der Communautéit nogewise gouf d.h. wou de Virus an der Populatioun zirkuléiert. 

Kontinent

Land

Asien

China (Kontinentalchina, Hong Kong, Macao)

Singapur

Japan

Südkorea

Mëttleren Osten

Iran

Europa

Italien: Lombardei, Venetien, Emilia Romagna, Piemont

Quell : ECDC https://www.ecdc.europa.eu/en/areas-presumed-community-transmission-2019-ncov  

Dës Lëscht kann zu all Ament, opgrond vun den Informatiounen, déi disponibel sinn, änneren. 

Wat sinn d‘Symptomer ?

D’Symptomer variéiere vun enger moderater bis uerger Erkrankung vun den Otemweeër, begleet vu Féiwer, Houscht an Otemproblemer. Eeler Leit a Persounen, déi ënner chronesche Krankheete leiden, schéine méi ufälleg ze si fir Komplikatiounen.

D’Inkubatiounszäit, also d’Zäit tëschen dem Moment wou ee sech ustécht an den éischte Symptomer, läit bei der Infektioun COVID-19 bei maximal 14 Deeg.

Wéi verbreet sech de Corona-Virus COVID-19?

De COVID-19 gëtt iwwerdroe vu Persounen, déi de Virus a sech droen. D’Krankheet ka vun enger Persoun op déi aner iwwerdroe gi duerch kleng Drëpsen, déi beim Ootmen entstinn, an duerch d’Nues oder Mond ausgestouss gi wann eng Persoun houscht oder néitscht.

Dës kleng Drëpse kënne wärend e puer Stonnen op Objeten oder Uewerflächen ronderëm déi betraffe Persoun erëmfonnt ginn. Et kann ee sech mam COVID-19 ustieche wann een dës Objeten oder Uewerflächen beréiert an dono seng Aen, seng Nues oder säi Mond beréiert. Et ass och méiglech, sech mam COVID-19 unzestiechen andeems ee kleng Drëpse vun enger kranker Persoun, déi houscht oder néitscht, anotemt. Dofir ass et wichteg een Ofstand vun iwwer zwee Meter zu enger Persoun ze halen, déi krank ass an déi allgemeng Moossname vun der Hygiène ze respektéieren.

D‘Konsomméiere vun déieresche Produkter, déi wéineg oder guer net gekacht sinn, kann och een Infektiounsrisiko duerstellen. Wann de Produit gekacht ass, dann ass de Virus zerstéiert.

Wat muss ech maache fir mech ze schützen a fir ze verhënneren, datt ech mech ustiechen?

Et gëllen déi nämmlecht Virsiichtsmoossname bei all anerer Infektioun vun den Otemweeër och.

  1. Dat Allerwichtegst: Wäscht Iech reegelméisseg a richteg d’Hänn. Dir fannt déi beschten Aart a Weis fir sech d’Hänn ze wäschen online op sante.lu/coronavirus.
  2. Dir houscht oder néitscht? Maacht dat an een Nuesschnappech aus Pabeier oder an den Ielebou a geheit d’Nuesschnappech nom Gebrauch an eng Dreckskëscht mat engem Deckel.
  3. Verzicht drop anere Leit d’Hand ze ginn oder se op de Bak ze këssen.
  4. Bleift doheem wann Dir krank sidd! Gidd net schaffen!
  5. Evitéiert den noe Kontakt zu kranke Leit (haalt een Ofstand vun op d’mannst 2 Meter)
  6. Vermeit et esouvill wéi méiglech fir Äert Gesiicht mat Ären Hänn ze beréieren.

Ech sinn ufälleg fir krank ze ginn, wéi soll ech mech verhalen?

Wéi d’Gripp, ass de Corona-Virus virun allem fir eeler Leit a Leit mat (schwéieren) gesondheetleche Problemer geféierlech. Schützt Iech virum Corona-Virus wéi Dir Iech virun der Gripp schützt. Respektéiert déi 6 Rotschléi, déi hei méi wäit uewen opgezielt sinn an evitéiert Plazen, déi schlecht belëft sinn a wou sech vill Leit ophalen.

Momentan schéint et esou ze sinn, datt Kanner generell manner schlëmm vum Virus betraff sinn.

 

 

Besteet ee Risiko, datt deen neie Corona-Virus och zu Lëtzebuerg wäert ukommen?

Zum aktuellen Zäitpunkt si Fäll op verschiddene Plazen an Europa opgedaucht. Dës Patiente goufen isoléiert an hir Kontakter goufen ënner Quarantän gesat fir d’Ausbreede vun der Krankheet ze limitéieren. No an no a wann d’Zuel vun de Patienten an Europa klëmmt, geet och d’Warscheinlechkeet an d’Luucht, datt Persounen zu Lëtzebuerg sech mam Corona-Virus infizéieren. Dëst ass also ee warscheinlechen Zenario. D’Autoritéiten an d’Gesondheetsdéngschter si prett fir dës Patienten ze empfänken, ze fleegen an ze isoléieren.

Wéi bereet Lëtzebuerg sech vir ?

Deen neie Corona-Virus kann zu all Ament zu Lëtzebuerg opdauchen. Et ass also wichteg fir de Virus séier ze detektéiere fir esou ze garantéieren, datt de Virus sech net oder nëmme wéineg kann ausbreeden.

D‘Gesondheetsautoritéiten hu Prozeduren opgestallt fir sech ëm Verdachtsfäll ze këmmeren an och d’Kontakter vun de Leit nozevollzéien. Dës Prozeduren goufen allen Dokteren e puer Mol matgedeelt. Den nationale Gesondheetslaboratoire ass vun der Weltgesondheetsorganisatioun unerkannt fir de Virus ze diagnostizéieren. Den nationalen Déngscht vun den infektiéise Krankheeten am CHL ass dorobber virbereet fir eventuell Verdachtsfäll oder confirméiert Krankheetsfäll bei sech opzehuelen. D’Prozedure fir Leit ënner Quarantän ze stellen an d’Prozeduren, wéi d’Kontakter sech selwer iwwerwaache kënnen, goufe vun der Direction de la Santé definéiert a kënne séier vun der Inspection sanitaire ëmgesat ginn.

Lëtzebuerg huet och ee Stock vu spezielle Masken (FFP2) a vu chirurgesche Masken. Dës Maske si fir d‘Fleegepersonal, dat an engem enke Kontakt steet mat Patienten, déi ënnert der Krankheet leiden, geduecht. Lëtzebuerg bedeelegt sech un engem gemeinsamen Akaf mat aneren EU-Memberlänner fir esou de Stock ze erweideren.

Een interministerielle Koordinatiounsgrupp plangt a preparéiert fortlafend Moossnamen, déi ze treffe sinn am Fall vun enger Infektioun mam COVID-19.

Wat ass d’Roll vun der Inspection sanitaire?

 

D’Inspection sanitaire ass eng Divisioun vun der Gesondheetsdirektioun. Hir Aufgabe sinn:

  • D’Sécherstelle vum Schutz vun der ëffentlecher Gesondheet souwuel wat d’Hygiène vum Ëmfeld betrëfft wéi och d’Iwwerwaachen an d’Bekämpfe vun iwwerdrobare Krankheeten
  • D’Organisatioun vun de medezinesche Kontrolle vu Leit aus Drëttstaaten
  • Den Traitement vun Dossieren vu Leit aus dem Ausland, déi wëllen zu Lëtzebuerg behandelt ginn a wou d’Prise en charge net vun den Organisme vun der Sécurité sociale iwwerholl gëtt
  • Fir sech iwwer d’medezinesch Onbedenklechkeet vun Ausweisungen ze prononcéieren

Kann ech an ee Risikogebitt reesen?

Evitéiert souwäit dëst méiglech ass an eng Risikogebitt ze reesen, also eng Géigend wou d'Epidemie am Gaang ass.

Wann Dir trotzdeem an esou eng Risikozon reest, da sidd Dir dem Risiko ausgesat Iech unzestiechen. Haalt Iech dofir souwuel un déi lokal Richtlinne wéi och folgend Rotschléi:

Evitéiert de Kontakt mat Leit, déi krank sinn, speziell mat Leit, déi houschten

Evitéiert Mäert a Plaze wou mat doudegen oder liewegen Déieren gehandelt gëtt

Wäscht Iech reegelméisseg d'Hänn mat Waasser a Seef ODER benotzt een Desinfectant op Basis vun Alkohol

Evitéiert de Kontakt mat Déieren, hire Sekreter an Exkrementer

Et ass méiglech, datt Är Reespläng doduerch ännere well verschidde Plaze riskéieren zougemaach oder ënner Quarantän gesat ze ginn.

Ech war an de leschte 14 Deeg an engem Risikogebitt an ech fille mech net gutt (Féiwer, Houscht, Otemproblemer). Wat muss ech maachen?

Wann Dir Symptomer weist (Féiwer, Houscht, Otemproblemer) an Dir waart an enger Risikozon, oder wann eng Persoun aus Ärem noen Ëmfeld krank ass an an enger vun dësen Zone war, da rufft d'Inspection sanitaire un (+352 247-85650) resp. tëschen 19h00 an 8h00 den 112 an erkläert Ären Historique vun Ärer Rees an Är Symptomer.

Gitt net an eng Salle d'Attente sëtzen a gitt och net an d'Urgences. Fir ze verhënneren, datt Dir aner Leit ustiecht, ass et unzerode fir Ofstand zu deene Leit ze halen. Bedeckt Äre Mond an Är Nues mat engem Nuesschnappech, dat ee kann ewechgeheie wann Dir néitscht oder houscht. Geheit d'Nuesschnappecher an eng Dreckskëscht mat engem Deckel a wäscht Iech oft a richteg d'Hänn.

Ech weise Symptomer (Houscht, Féiwer, Otemproblemer), mä ech war an de leschte 14 Deeg net an engem Risikogebitt. Wat muss ech maachen?

Wann Dir net an enkem Kontakt mat enger kranker Persoun waart, déi a leschter Zäit an engem Risikogebitt war, da braucht Dir Iech net ze beonrouegen. Dir hutt warscheinlech eng saisonal Gripp. Gitt an deem Fall bei Ären Hausdokter.

Wann Dir aus engem Risikogebitt erëmkommt ouni Symptomer ze weisen, mä et kéint awer sinn, datt Dir geleeëntlech Kontakt mat infizéierte Persounen hat, da passt an de 14 Deeg no Ärem Retour op folgend Saachen op:

  • Iwwerwaacht all Dag d'Symptomer (Houscht, Otemproblemer)
  • Moosst d'Féiwer zweemol den Dag
  • Wäscht Iech oft a richteg d'Hänn
  • Evitéiert de Kontakt gebriechleche Persounen
  • Maacht Är üblech Aktivitéite virun

Ech war an enkem Kontakt mat infizéierte Persounen. Wat muss ech an de 14 Deeg no dësem Kontakt maachen, och wann ech keng Symptomer weisen?

  • Bleift doheem an evitéiert de Kontakt mat anere Leit
  • Rufft d'Inspection sanitaire un um (+352) 2478 5650, déi da kann decidéiere fir Iech a Quarantän ze setzen
  • Bleift erreechbar fir d'Inspection sanitaire

Dir hat enke Kontakt wann Dir:

  • Wann Dir mat engem Patient zesummegelieft hutt, wärend dëse Symptomer gewisen huet
  • Wann Dir den Ament, wou ee kranke Patient gehouscht oder genéitscht huet oder och wärend enger Diskussioun
  • Wann Dir Zäit mat engem Flirt verbruecht huet oder intime Kontakt mat enger Persoun hat
  • Mat Äre Schoulkomeroden oder Aarbechtskolleegen zesumme waart
  • Wann Dir am Fliger oder Zuch nieft engem kranke Patient souzt oder wann Dir an engem zouene Raum (wéi z.B. een Auto) mat engem Patient waart.

Wat bedeit et ënner Quarantän gesat ze ginn?

 

Et handelt et sech ëm eng Mesure fir eng u sech gesond Persoun, déi awer enke Kontakt mat enger kranker Persoun hat, ze isoléieren. Dës Mesure, déi drop aus déi ëffentlech Gesondheet ze garantéieren a vun der Inspection sanitaire kann decidéiert ginn, dauert ënnerschiddlech laang, ofhängeg vun der maximaler Inkubatiounszäit vun der Krankheet (Corona-Virus: 14 Deeg). D'Quarantän kann doheem oder an engem Quarantän-Zenter gemaach ginn. Wärend der Quarantän kann déi betraffe Persoun sech net fräi beweegen.

Si gëtt an där Zäit vun der Inspection sanitaire krankgeschriwwe wat gläichzesetzen ass mat engem Krankeschäin an och esou vun der Krankekeess unerkannt ass. Wann d'Quarantän vun den zoustännegen Autoritéite vun engem aneren europäesche Land decidéiert gëtt, da gëtt des Decisioun vu Lëtzebuerg unerkannt.

Wat bedeit eng Isolatiounsmoossnahm?

Et geet hei drëms fir eng Persoun, déi krank an ustiechend ass, ze isoléieren. Dës Mesure gëtt vum Dokter, deen de Patient behandelt, decidéiert. Falls néideg kann den Isolement och vun der Inspection sanitaire gefuerdert ginn z.B. wann de Patient den Isolement oder déi néideg Behandlung refuséiert. D'Dauer vum Isolement hänkt dovun of wéi laang de Patient aner Leit kann ustiechen.

Den Isolement gëtt normalerweis an engem Spidol gemaach, en ass awer och doheem méiglech. Während der Dauer vun der Krankheet, schafft de Patient net wat gläichzestellen mat engem Krankeschäi vum Dokter, deen de Patient behandelt.

Firwat gi keng Kontrollen um Fluchhafe gemaach?

D'Weltgesondheetsorganisatioun gesäit keng zousätzleche Mesurë fir d'Fluchhäfe vir. An der Aviatioun si souwisou streng Prozeduren ze applizéieren. Wann den Equipage vun engem Fliger mierkt, datt ee Passagéier u Bord Symptomer weist, da gëtt dëst Fluchhafe gemellt nach éier de Fliger lant an eng medezinesch Equipe steet um Fluchhafe prett fir de betraffene Passagéier ze betreien. Déi aner Passagéier ginn, ofhängeg dovu wéi enk de Kontakt mam Patient war, vun der Inspection sanitaire betreit.

Kann ech mech ustiechen duerch ee Pak, deen ech aus engem Risikogebitt geschéckt kréien?

De Corona-Virus verbreet sech duerch Flëssegkeete vu Mënschen an Déieren. Et ass net auszeschléissen, datt dës Flëssegkeete wärend e puer Stonnen ausserhalb vum Kierper op Uewerfläche wéi z.B. Päck iwwerliewe kënnen. Dofir ass immens wichteg fir d'Moossnamen am Beräich vun der Hygiène, déi verhënnere sollen, datt ee sech ustécht, ze respektéieren.

Wéini soll een eng Mask undoen?

D'Weltgesondheetsorganisatioun gesäit net vir fir aus präventive Grënn eng Mask unzedoe fir esou ze verhënneren, datt ee sech mam Virus COVID-19 ustécht.

De Gebrauch vu spezielle Masken (FFP2) fir der Infektioun mam Corona-Virus virzebeugen, mécht just an deene Spideeler Sënn, an deene Patiente mam Corona-Virus betreit ginn an a Laboratoiren, wou Analyse vun dëse Patiente gemaach ginn.

Kënne Kanner a Jugendlecher, déi aus engem Risikogebitt erëmkommen, an d'Schoul oder d'Crèche goen?

Sou wéi déi international Recommandatiounen et virgesinn, kënne Kanner a Jugendlecher, déi aus engem Risikogebitt erëmkommen ouni an enkem Kontakt mat enger kranker oder ustiechender Persoun gewiescht ze sinn a wa se keng Symptomer wéi Houscht, Féiwer oder Otemproblemer weisen, direkt zeréck an d'Schoul oder an d'Crèche.

Wann ee Kand oder ee Jugendleche banne 14 Deeg no sengem Retour dës Symptomer weist oder och an enkem Kontakt war mat enger kranker an ustiechender Persoun, da mussen d'Elteren d'Kand doheem versuergen, d'Inspection sanitaire kontaktéieren, iwwer den Historique vun der Rees an d'Symptomer informéieren. Den Dokter vun der Inspection sanitaire evaluéiert d'Situatioun an hëlt déi néideg Mesuren. Gitt net bei Ären Dokter oder an d'Urgencen.

Kënnen Erwuessener, déi aus engem Risikogebitt zeréckkommen, nees hirer berufflecher Aktivitéit nogoen?

Leit, déi aus engem Risikogebitt erëmkommen ouni do enke Kontakt mat enger kranker an ustiechender Persoun gehat ze hunn kënnen nees ufänke mat schaffe wa se keng typesch Symptomer (Houscht, Féiwer, Otemproblemer) weisen.

Wat maachen ech wann ech aus engem Risikogebitt erëmkommen a mäi Patron mech als Virsiichtsmoossnam freet fir doheem ze bleiwen?

Ee Patron kann duerchaus säi Salarié als Virsiichtsmoossnam froe fir doheem ze bleiwen.

D'Absence, déi sech dorausser ergëtt, ass als Dispens vun der Aarbecht ze gesinn an dierf net als congé de recréation verrechent ginn. Et gëtt Iech geroden Äre Patron ze froe fir Iech schrëftlech matzedeelen, datt Dir sollt doheem bleiwen.

Sinn eis Spideeler a Gesondheetsdéngschter virbereet fir vill Patienten ze empfänken?

Jo, eis Spideeler si virbereet. Et gëtt ee spezielle Service fir d'Patienten, déi mam Corona-Virus infizéiert sinn, ze empfänken. Dëst ass de Service national des maladies infectieuses am CHL.

 

Fir all aner Froe an Zesummenhank mam COVID-2019, fannt Dir nëtzlech Informatiounen um Sitte vum Gesondheetsministère www.sante.lu/coronavirus, dem Centre européen de prévention et de contrôle des maladies (ECDC) www.ecdc.eu oder och um Site vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) www.who.int

Aktualiséiert