Neien Akt C45 iwwer Téléconsultatioun an der medezinescher Nomenklatur, dat am Kader vun der Epidemie vum Coronavirus "COVID-19".

Fir de leschte Mesurë gerecht ze ginn, déi am Kampf géint de Coronavirus "COVID-19" geholl goufen, besonnesch wat d'ëffentlech Gesondheet ugeet, gouf en neien Akt an d'Nomenklatur vun den Dokteren opgeholl. Dësen Akt féiert d'Téléconsultatioun an, och wat d'Schreiwe vun Ordonnancen oder Krankeschäiner ugeet.

D'Direction de la santé encouragéiert d'Dokteren, an de Praxen vun der Téléconsultation Gebrauch ze maachen (Telefon, Video-Chat, ...) fir d'Iwwerdroung vum Virus ze limitéieren. Esou kann am Fall vun einfache klinesche Situatioune bei bekannte Patienten e Krankeschäin oder eng Ordonnance ausgestallt ginn.

Dowéint gëtt en neien Akt C45 mam Titel "Télécoinsultation dans le cadre de l'épidémie COVID-19 selon les recommandations de la Direction de la santé, y compris, le cas échéant, l'établissement de prescriptions médicales ou de déclarations d'incapacité de travail" an d'Nomenklatur vun den Akten an de Servicer an der Medezin ageschriwwen. Dëse ka vun engem Generalist oder engem Spezialist ausgefouert ginn. Den Tarif vun dësem neien Akt alignéiert sech op den Akt C1, deen d'Consultatioun vun engem Generalist oder engem Spezialist an der Gériatrie couvréiert, esou wéi et och an anere Länner gemaach gëtt.

Vun elo u kann all Patient mat enger akuter Erkrankung oder enger chronescher Krankheet a priori vun der Téléconsultatioun profitéieren. Allerdéngs ass et d'Decisioun vum Dokter, ob e vun der Téléconsultatioun Gebrauch maach wëll, oder ob en de Patient léiwer perséinlech an enger Consultatioun gesäit.

Fir d'Qualitéit vun der Prise en charge ze garantéieren ass et néideg, datt den Dokter deen d'Téléconsultatioun mécht de Patient och kennt. D'Direction de la santé wäert de concernéierten Dokteren Recommandatioune fir d'gutt Praxis matdeelen, wat d'Téléconsultatioun am Kader vun der COVID-19 Epidemie ugeet.

Communiqué vum Ministère fir sozial Sécherheet

Aktualiséiert