Aktualiséiert den
Installatioun vun enger Opnamstruktur fir Patienten niewent dem Centre hospitalier de Luxembourg (CHL)
Am Hibléck vum Kampf géint de Coronavirus (COVID-19), gëtt eng Opnamstruktur fir Patienten niewent dem Centre hospitalier de Luxembourg (CHL) an de nächsten Deeg opgeriicht, dëst mat der Ënnerstëtzung vun der NSPA (NATO Support and Procurement Agency), déi d'Material geliwwert huet.
D'Cargolux huet den Transport fir dëse Projet assuréiert, zwee Flich si schonn ukomm, en drëtte Fluch ass fir dësen Owend virgesinn. D'Struktur wäert an den nächsten Deeg operationell sinn.
Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère / Direction de la défense