Lancement vum virtuellen Espace "KannerDoheem"

D'lescht Woch huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend den Internetsite www.schouldoheem.lu lancéiert. De Site ass geduecht fir d'Schüler, d'Enseignanten an d'Eltere wärend der Zäit wou d'Coursen aussetzen, beim Léieren a Ënnerriichten iwwer Distanz ze ënnerstëtzen.

De Site ass mam neien Espace "KannerDoheem" erweidert ginn, dee sech op d'Aktivitéite vun de Kanner ausserhalb vum schoulesche Kontext bezitt. Och wann d'Kanner doheem bleiwen, ass et evident, datt se net dee ganzen Dag fir d'Schoul léieren. Dofir ass et wichteg, hinnen an dëser spezieller Situatioun och Aktivitéiten ze proposéieren, mat deene se sech an hirer Fräizäit kënne beschäftegen. Den Espace "KannerDoheem", dee vum Nationale Jugendservice (SNJ) geréiert gëtt, ënnerstëtzt d'Elteren an hirer Aufgab andeems en eng ganz Rei Aktivitéiten, esou wéi spilleresch an amüsant Iddie fir d'ganz Famill proposéiert.

Mir sëtzen all am nämmlechte Boot wat de COVID-19 ugeet, an et ass an deem Sënn wou den Espace "KannerDoheem" entwéckelt ginn ass. Déi aktuell Situatioun ass wéi eng Rees um Mier erkläert, eng wéi se fréier hätt kéinte stattfannen. Fréier, wann de Kapitän a seng Equipe sech op eng laang Iwwerfaart virbereet hunn, wousste se net ëmmer, wéi laang se bis an den nächsten Hafe bräichten a wéi eng Aventuren op se géinge waarden. Genau ewéi op engem Schëff, proposéiert de Site Aufgaben déi ee soll léisen (Aktivitéiten) a Bastelaktivitéiten an Experimenter géint d'Langweil (Tutorial). De Kapitän gëtt seng Instruktiounen (Tipp vum Dag) a seng Rotschléi un d'Equipe (Sproch vum Dag). D'Evenementer vum Dag ginn an engem Schëffsjournal dokumentéiert (Logbuch).

All Dag, gi véier nei Aktivitéiten, fir Kanner vun 1-4 Joer a Kanner vu 4-12 Joer, proposéiert. Dobäi kommen een Tutorial mat verschiddene Basteliddien, e wichtege Rotschlo an e witzege Sproch fir déi gutt Laun.

Déi ganz Rubrik "Aktivitéiten" ass dorobber ausgeriicht d'Kanner ze ënnerhalen an hinnen ze hëllefe méi einfach duerch dës schwiereg Zäit ze kommen an dobäi d'Zäit déi si virun engem Ecran verbréngen ze limitéieren. Fir all Altersklass ginn et véier Modullen: iwwerleeën , kreativ sinn, un anerer denken et sech beweegen.

Aktuell ginn et esou vill kreativ Initiativen um Internet, dass all Dag en neie Link verëffentlecht gëtt, deen op aner Sitte mat interessanten Aktivitéite verweist.

Et ass wichteg mat de Kanner iwwert dat ze schwätze wat si am Moment erliewen an hinnen d'Méiglechkeet ze ginn, fir sech auszedrécken. Dowéinst ass eng lescht Rubrik vum Internetsite #KannderDoheem d'"Logbuch". Et geet dorëmmer de Kanner eng Méiglechkeet ze ginn opzeschreiwen an ze mole wéi si sech all Dag fillen. Gläichzäiteg erlaabt dëst Logbuch eng Trace ze hale vun der eemoleger Kris déi mir haut erliewen.

An dëser Zäit vu Gefaangenschaft déi och gläichzäiteg eng Isolatiounsphas ass, si mir gezwongen eis perséinlech Kontakter op e strikte Minimum ze reduzéieren. Et ass wichteg connectéiert ze bleiwen an ze wëssen, dass mir net eleng sinn. An deem Sënn proposéiert de Site den Elteren hir Fotoe vun den Aktivitéiten op Facebook an Instagram ënner #KannerDoheem ze deelen.

 

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert