Erëffnung vun de 4 neie Centres de soins avancés

Nodeems d'Centres de soins avancés (CSA) opgemaach hunn, erlaben déi deeglech Bilanen a Previsiounen et, déi deeglech Gestioun vum Undrang vun Patiente besser z'anticipéieren.

D'Strukturen:

  • Stad Lëtzebuerg (23.03): Luxexpo 
  • Esch/Belval (24.03.): Rockhal 
  • Ettelbréck (25.03.): Däichhal 
  • Gréiwemaacher (27.03.): Centre culturel

D'CSAe goufen an ënnerschiddlech Konsultationsberäicher agedeelt, an dat je no de sanitäre Bedürfnisser vun den eenzele Secteuren. D'Zuel vun dëse Konsultationsberäicher ka wa néideg eropgesat ginn.

En CSA, a senger initialer Konfiguratioun, erlaabt et, datt bis zu aacht Doktere gläichzäiteg behandele kënnen.

D'Ëffnungszäite sinn all Dag vun 8 bis 20 Auer an enger éischter Phas, Weekender mat abegraff. Je no Besoin ass et méiglech d'Ëffnungszäiten unzepassen.

Zur Illustratioun: an der Stad Lëtzebuerg ass et méiglech bis zu 1.500 Patienten den Dag ze behandelen - 25 Leit si permanent do.

Fonctionnement:

Dës nei Strukture sinn esou konzipéiert, datt se iwwer zwee strikt getrennte Berodungsberäicher funktionéieren - deen éischte gouf amenagéiert fir Patienten, déi Unzeeche vum COVID-19-Virus hunn, deen zweeten ass fir Patienten, déi keng Virusinfektioun opweisen.

Fir d'Waardezäiten esou kuerz wéi méiglech ze halen, ass et virgesinn an all Beräich e puer Patiente gläichzaïteg ze behandelen.

Medizinescht an administratiivt Personal:

Een Dokter assuréiert déi medezinesch Ënnersichunge vun de Patienten wärend der gesamter Ëffnungszäit vum CSA. Dobäi gett hie vun Infirmieren assistéiert, déi de Patienten hir vital Parametere kontrolléieren (Miessunge vun de Basiskierperfunktiounen) esou wéi hir medezinesch Donnéeën opschreiwen.

Een anert Team ass domat beschäftegt, administrativ Informatioun opzeschreiwen an eng weider Equipe bekëmmert sech ëm d'Logisitk.

Oflaf vun der Prise en charge vun de Patienten:

D'CSAe sinn ambulant Behandlungszentren, déi iwwert déi néideg medezinesch Ausrüstung verfügen, fir eng éischt Prise en charge kënnen ze maachen. D'Urgencë mussen allerdéngs iwwert deen übleche Wee lafen an dierfen net iwwert en CSA lafen. Wann awer de Gesondheetszoustand vun engem Patient sech wärend senger Behandlung an engem CSA verschlechtert, ass eng medezinesch Evakuéierung virgesinn.

Fir datt et net zum Kontakt tëschentt Patiente mat COVID-19-Symptomer an anere Patiente kënnt, ginn dës Persounen, esoubal si an engem CSA ukommen, vun deenen anere getrennt. Nodeems se am Accueil ukomm sinn, gi se entweder an dee geschützte COVID-19-Beräich oder an de Beräich fir Allgemengmedezin weidergeleet, wou se sech a getrennte Waardeberäicher ophalen. Hir Donnéeë gi vu verschiddenen administrative Servicer opgeschriwwen a ginn duerno vun enger Infirmière empfaang, déi sech ëm déi éischt Anamnees bekëmmert. Uschléissend gëtt eng medezinesch Ënnersichung vun engem Dokter gemaach.

Patienten, bei deenen den Dokter eng COVID-19-Infektioun am Verdacht huet, ginn op der Plaz getest. Wann den Test positiv ass gi se entspriechend hirem Gesondheetszoustand weidergeleet. Entweder kënne si heem goen an do an Eegen-Isolatioun bleiwen, oder si ginn an enger speziell ausgerüster Ambulanz an e Spidol transferéiert, wann hire Gesondheetszoustand et erfuerdert.

Eng Konsultatioun an engem CSA kascht näischt: de Patient muss seng Sozialversécherungskaart an eng Identitéitskaart dobäi hunn.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert