Opruff fir de "Social Distancing" a Geschäfter ze respektéieren, déi weiderhi Public empfänken

Am Kader vun der Pandemie vum Coronavirus Covid-19 informéiert d'Regierung d'Bierger an d'Geschäfter Public empfänken, dass et néideg ass, spezifesch Prinzippie vun der Zirkulatioun vun de Clienten ze respektéieren, fir d'Ausbreede vum Virus an der Populatioun ze limitéieren. Et ass deemno recommandéiert de "Social Distancing" an de Geschäfter ze respektéieren, dat heescht drop opzepassen, dass op d'mannst eng Distanz vun 2 Meter tëschent all Persounen am Geschäft agehale gëtt. Et gëtt och ugeroden d'Zuel vun de Clienten am Geschäft ze reegelen, fir ze verhënneren, dass ze vill Persoune mateneen dobanne sinn.

De "Social Distancing" betrëfft och déi Zon virun der Entrée vun de Geschäfter. Et ass deemno recommandéiert op d'mannst eng Distanz vun 2 Meter zu aner Persounen anzehalen.

De Clienten gëtt ausserdeem recommandéiert eleng akafen ze goen, ouni aner Persoune matzehuelen, an allgemeng esou mann ewéi méiglech an d'Geschäfter ze goen. Et gëtt gerode just ee Caddie pro Persoun ze benotzen (1 Caddie = 1 Persoun).

Hei fannt Dir, wat ee maache muss, fir sech ze schützen a fir ze verhënneren, dass ee sech ustécht:  https://gd.lu/5G9t9Q

Passt och op d'Reegele fir vulnerabel an net-vulnerabel Persounen op: https://gd.lu/6XJ3wR

 

Communiqué vun der Direktioun fir Mëttelstand

Aktualiséiert