Nout-Indemnitéit vun 2.500 Euro fir déi Fräiberuffler

D'Fräiberuffler spillen eng wichteg Roll fir d'Lëtzebuerger Ekonomie an och si si vun der Covid-19 Kris betraff. Fir se finanziell z'ënnerstëtzen, huet d'Regierung haut, op Virschlag vum Minister fir Mëttelstand Lex Delles, e Projet vun engem groussherzogleche Reglement gestëmmt, deen eng Nout-Indemnitéit vun 2.500 Euro fir d'Fräiberuffler aféiert. ​

Fir vun dëser Hëllefsmesure profitéieren ze kënnen, musse verschidde Konditiounen erfëllt sinn. Den Demandeur muss wéinst de Konsequenze vum COVID-19 temporär finanziell Schwieregkeeten hunn, manner wéi 10 Leit beschäftegen a säi professionellt Akommes, deen als Basis fir d'Berechnung vu soziale Cotisatiounen déngt, däerf net zwee an en halleft mol de soziale Mindestloun depasséieren.

De Minister fir Mëttelstand Lex Delles ënnersträicht datt "mir all d'Akteuren aus dem Wirtschaftssecteur wëllen ënnerstëtzen. Dës Indemnitéit hëlleft de Fräiberuffler fir dës Kriseperiod z'iwwerwannen."

Méi detailléiert Informatioune fënnt een ab muer op Guichet.lu. ​ De Formulaire fir eng Demande anzereechen ass ab Ufank der nächster Woch op Guichet.lu disponibel. D'Demande kann een am professionnelle Beräich vu MyGuichet.lu iwwert en Online-Assistent erarrechen an dat via e Produit vu LuxTrust (z.B. Token, Smartcard oder Signing Stick) oder eng elektronesch Identitéitskaart. ​ Dës Applikatioun fir eng Demande online unzefroën gouf vum Wirtschaftsministère mat der Ënnerstëtzung vum Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE) entwéckelt.

 

Communiqué vun der Direktioun fir Mëttelstand

Aktualiséiert