Digital IKI : Onst immateriellt Kulturierwen digital - Digital Oktave

2003 hat d’UNESCO eng wichteg Konventioun zum Erhalt an zum Schutz vum immaterielle Kulturierwen op der ganzer Welt beschloss. 2007 huet de Lëtzebuerger Kulturministère den nationalen Inventar vum lëtzebuergeschen immaterielle Kulturierwe beschloss, op deem 2008 véier Manifestatiounen opgeholl goufen:

d’Émaischen, d’Muttergottes-Oktave, d’Iechternacher Sprangprëssessioun (déi säit 2010 op der Representativlëscht vum immaterielle Kulturierwen vun der Mënschheet steet) an d’Schueberfouer mat hirem Hämmelsmarsch.

Keng vun dëse véier Veranstaltunge kann dëst Joer stattfannen. An enger Zäit, wou d’Mënsche veronséchert a bedréckt sinn, ass et ëmsou méi wichteg, festlech Gebräicher um Liewen ze erhalen. De Kulturministère an d’Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun hunn dofir decidéiert, dës Traditioune mat de Mëttele vun der Digitalisatioun virzestellen. No der digitaler Éimaische ginn et vum 2. Mee un digital Abléck an d’Muttergottesoktav an d’Traditioun vum Mäertchen. Partner vun dësem Projet sinn iHIst vun der Universitéit Lëtzebuerg, den Äerzbistum, d’Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg, de CNA an d’Luxemburger Wort.

Fir ze weisen, wéi lieweg onst immateriellt Kulturierwen ass, sinn dës Initiativen och interaktiv. Privatfotoen oder Erënnerungen kënnen iwwer den Hashtag #DigitalIKI eropgeluede ginn.

Foto – a Video-Reportagen, interaktiv Quizzer, interessant – a vläicht iwwerraschend – Informatiounen iwwert d’Oktave zu Eiere vun der Muttergottes, Tréischterin am Leed, gëtt et vum 2. Mee un op der Websäit vum immaterielle Kulturierwe Lëtzebuerg www.iki.lu an op de Social-Media-Kanäl vun der UNESCO-Kommissioun.

Mat Ierwen an Ierfschaft verbanne mer meeschtens materiell Wäerter, awer déi Generatiounen, déi virun eis waren, hannerloossen eis esou vill méi. Mir erhalen haut eng Ierfschaft um Liewen, déi zwar immateriell ass, dofir awer ëmsou méi lieweg: Gebräicher, Traditiounen, praktesch Kenntnesser, Lidder, Rezepter, festlech a reliéis Riten, déi oft iwwert Joerhonnerten an ons Zäit komm sinn. D’Bautechnik vun der Dréchemauer kënnt aus dem Altertum, d’Kaffiszeremonie ass en urale Bestanddeel vun der arabescher oder der tierkescher Kultur. Am Kirgisistan ginn d’Akyn, Erzieler vun Heldegeschichten, hier Epen u jong Mënsche vun haut wieder. Esou eng joerhonnertenal Traditioun ass och ons Schueberfouer.

All dës Gebräicher gi vu lokale Communautéiten um Liewen erhalen. Si iwwerhuelen se vun de Generatioune vu virdrun, drécken hinnen hiren eegene Stempel op a ginn se weider. Esou bleift en immateriellt Kulturierwen erhalen, dat de Mënschen e Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit gëtt.

Programm (Ännerungen méiglech)

2 mai: D’Geschicht vum Mäertchen

10 mai: D’Pilger (Lëtzebuerg a Groussregioun)

3 mai: Quiz iwwert d‘Schutzhelleg

13 mai: D‘Glaciskapell

6 mai: D’Geschicht vun der Oktav

17 mai: Storymap sur la Procession de Clôture

 

Communiqué vum Kulturministère / Immateriellt Kulturierwen zu Lëtzebuerg / Commission luxembourgeoise pour la coopération avec l'UNESCO

Aktualiséiert