Gebuert vu Senger Kinneklech Altesse de Prënz Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume

Den 10. Mee 2020, um 05:12 Auer, ass de Prënz Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume an der Stater Maternité Grande-Duchesse Charlotte op d'Welt komm.

D'Gebuert vum éischte Kand vun der ierfgroussherzoglecher Koppel wäert mat 21 Kanouneschëss vun der Lëtzebuerger Arméi um Fetschenhaff begréisst ginn.

D'Bevëlkerung gouf mat engem Communiqué vum Maréchalat de la Cour iwwert déi freedeg Nouvelle vun der Prënzegebuert offiziell informéiert. Eng Proklamatioun vun de Regierungsmembere wäert am Offizielle Journal vum Groussherzogtum Lëtzebuerg (Memorial) verëffentlecht ginn.

Am Numm vun der Regierung huet de Premierminister Xavier Bettel Hire Kinneklechen Altessen dem Groussherzog an der Groussherzogin esou wéi Hire Kinneklechen Altessen dem Ierfgroussherzog an der Ierfgroussherzogin felicitéiert.

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert