De Franz Fayot begréisst datt d'Chamber déi nei Hëllefen, fir d'Investissementer vun den Entreprisen an Zäite vum COVID-19 unzekuerbelen, ugeholl huet

Den 22. Juli 2020 huet d'Chamber unanim de Gesetzesprojet vum Wirtschaftsministère iwwert e neit Hëllefsinstrument fir Entreprisen déi duerch d'COVID-19-Kris impaktéiert goufen ugeholl. Als Deel vum Programm "Neistart" vun der Regierung huet déi nei Finanzhëllef als Zil, d'Entreprisë unzereegen, mat héije Subventiounen (bis zu 50% vun den eligibele Käschten) Projete vun der wirtschaftlecher Entwécklung, Digitalisatioun oder Ëmweltschutz ze realiséieren.

De Franz Fayot huet virun den Deputéierten deklaréiert: "Déi aktuell Kris huet d'Geschäftsklima verschlechtert a kann dozou féieren, datt Entreprisë verschidden Investitiounsprojeten ze verschiben oder a Fro ze stellen. Fir Entreprisen z'encouragéieren an dëse schwéieren Zäiten Investissementer ze maachen, déi mëttel- oder laangfristeg zu hirer Kompetitivitéit bäidroen, hu mir dësen neie finanziellen Hëllefsregimm lancéiert, dat am Kader vum nohaltege Relancement vun der Wirtschaft."

Den Hëllefsregimm adresséiert sech un Entreprisen, déi Ëmsazverloschter wärend der Kris erlidden hunn. De Regimm gesäit 3 Volete fir Hëllefe vir:

  • Investitiounshëllefe fir Entwécklungsprojeten, fir bis zu 30% vun de Käschte vum Projet (jee no Gréisst vun der Entreprise), mat enger Erhéijung vun der Hëllef ëm 20% fir Projeten am Beräich Kreeslafwirtschaft;
  • Investitiounshëllefe fir Prozess- an Organisatiounsinnovatioun, fir bis zu 50% vun de Käschte vum Projet;
  • Investitiounshëllefe fir Projeten am Beräich Energieeffizienz oder Depassement vun Normen, fir bis zu 50% vun de Käschte vum Projet.

Mat enger Intensitéit vun den Hëllefe vu bis zu 50% vun den zougeloossene Käschten, bis zu engem Maximum vun 800.000 Euro pro Projet, setzt de neie Regimm resolut op méi héich Montante fir d'Investitiounshëllefe wéi an Normalzäiten, besonnesch fir Projeten déi zur Entwécklung vun der Kreeslafwirtschaft bäidroen.

Den Hëllefsregimm trëtt an deenen nächsten Deeg a Kraaft. Den Detail vun de Modalitéiten an d'Krittäre vun der Hëllef sinn deemnächst op guichet.lu opruffbar. D'Demandë fir dës Finanzhëllefe kënnen ab dem 27. Juli exklusiv online iwwert MyGuichet.lu agereecht ginn.

Webinarer fir den Detail vum Hëllefsregimm fir Entreprisen am Detail ze presentéieren

De Wirtschaftsministère a Luxinnovation, an enker Zesummenaarbecht mat der Handelskummer, der Handwierkerkummer an der Fedil, invitéieren d'Entreprisen un de Webinaren zu dëser neier staatlecher Hëllef deelzehuelen. Hëllefsformen, Eligibilitéitskrittären oder d'Modalitéite fir den Dossier anzereeche ginn hei abordéiert. D'Webinare sinn:

Communiqué vum Wirtschaftsministère

Aktualiséiert