Covidtest: Deplacementer fir Residenten déi virum 2. August 2020 an d'Ausland reese mussen

Opgrond vun der Augmentatioun vun de COVID-19 Infektiounen an de leschte Wochen, obligéiere verschidde Länner Persounen, déi aus Lëtzebuerg  kommen, fir e negative COVID-19-Test ze presentéieren, wann si an dat Land areesen.

Fir et de Lëtzebuerger Residenten ze vereinfachen ee COVID-19-Test ze maache virun hirer Rees an esou ee Land, huet d'Lëtzebuerger Regierung, fir op déi Demande esou schnell wéi méiglech ze reagéieren, säit dem 17. Juli 2020 e System opgestallt, deen et erlaabt sech gratis anzeschreiwe fir esou een Test am Kader vum Large-Scale-Testing ze maachen. (www.covid19.lu)

Dëse Service bleift fir Deplacementer bis zum 2. August 2020 bestoen, an dat fir déi Länner déi explizit een negative COVID-19-Test fuerderen.

En negativen Test ass och néideg fir Persounen, déi vu Lëtzebuerg kommen an als Transit-Passagéier via d'Slowakei an een anert Land reesen. En negativen COVID-19-Test bedeit awer net, datt een net méi obligéiert ass sech selwer ze isoléieren an ee PCR-Test op der Plaz ze maache wann een an der Slowakei bleift. 

Däitschland an d'Schwäiz setze keen negative COVID-19-Test viraus, fir als Transit-Passagéier duerch eent vun dëse Länner ze reesen. Et muss een déi néideg Dokumenter déi vun de lokalen Autoritéite gefrot sinn, virweise kënnen.

Een negative COVID-19 Test ass net gefrot fir Lëtzebuerger Residenten déi a Portugal reesen, via Frankräich a Spuenien. Ee COVID-19 Test ass och net obligatoresch fir Reesen a Frankräich an a Spuenien.

Deplacementer an Italien a Griicheland erfuerderen och keen negative COVID-19-Test fir dierfen anzereesen. Dëst ass och de Fall fir eng Arees an Éisträich.

Opgrond vun enger Situatioun déi sech stänneg entwéckelt, sinn d'Bierger gebieden sech iwwer d'Mise-à-joure reegelméisseg z'informéieren, déi en Place sinn an deene Länner an déi si plangen anzereesen. D'Regierung publizéiert déi Informatiounen op hiren Internetsitten. Déi Leit déi reesen si responsabel fir sech bei de kompetente lokalen Autoritéiten (Internetsitte vun den Ambassadë vun de concernéierte Länner) iwwer d'Modalitéiten ze informéieren, déi dee Moment vun hirer Rees gëllen.

Fir Deplacementer déi ab dem 3. August 2020 geplangt sinn, wäert e neie System Ufank nächster Woch agefouert ginn. D'Lëtzebuerger Residenten si gebieden hir Demande fir e COVID-19-Test anzereechen.  

Communiqué vum Gesondheetsministère / Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert