COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op d'Woch vum 27. Juli bis 2. August

An der Woch vum 27. Juli bis den 2. August sinn d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen an d'Zuel vun den identifizéierte Kontakter konstant an op héijem Niveau bliwwen. Vun deene 525 positive Fäll an där Woch sinn 155 Fäll op intrafamiliär Kontaminatiounen zeréckzeféieren an 82 Fäll si kloer engem identifizéierten Infektiounscluster zouzeuerdnen. Et ass awer wichteg dorop hinzeweisen, datt déi Plaz, op där d'Infektioun constatéiert gouf net zwangsleefeg och d'Plaz vun der Infektiounsiwwerdroung ass. An der Woch vum 27. Juli bis den 2. August goufen 3 weider Infektiounsclusteren an Etablissementer aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur festgestallt, 4 Clustere sinn op Entreprisen zeréckzeféieren, mat engem Maximum vun 8 constatéierte Fäll an enger Entreprise. An dëser Period goufe 525 Neiinfektiounen enregistréiert, esou wéi 3.179 Kontakter. An der Woch virdru waren et 695 Neiinfektiounen an 3.521 Kontakter.

An där betruechter Woch gouf et och 6 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. 

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 1,01 op 0,86 par Rapport zur Woch virdrun erofgaangen. Dës Tendenz spigelt sech och am Positivitéitstaux (also d'Verhältnis vun de positiven Tester par rapport zu den duerchgefouerten Tester), dee vun 0,84% op 0,78% erofgaangen ass. 

Den 2. August goufen et insgesamt 1.241 aktiv Infektiounen (par rapport zu 1.396 de 26/07).

Fir d'Woch vum 27.Juli bis den 2. August louch d'Altersmoyenne vun de positiv diagnostizéierte COVID-19-Fäll bei 36 Joer an ass domat onverännert stabil par rapport zu de viregte Wochen. Wann och déi concernéierter Persounen am Duerchschnëtt éischter jonk sinn, ass awer ze vermierken, datt d'Zuel vun de positive COVID-19-Fäll bei de Persounen iwwer 50 Joer klëmmt.

D'Proportioun vun de symptomatesche Persounen ass vu 66% op 58% zeréckgaangen.

Surveillance vun de Quarantainen: 

An der Woch vum 27. Juli bis den 2. August waren 1.900 Persounen a Quarantän an 1.329 an Isolatioun.  

Opdeelung vun der Quarantän no Alterstranche:

   

0-14 Joer

15-29 Joer

30-44 Joer

45-59 Joer

60 Joer

04/05/2020

10/05/2020

14%

28%

29%

22%

7%

11/05/2020

17/05/2020

24%

24%

30%

15%

7%

18/05/2020

24/05/2020

27%

26%

19%

21%

8%

25/05/2020

31/05/2020

22%

20%

34%

18%

6%

01/06/2020

07/06/2020

35%

17%

28%

15%

5%

08/06/2020

14/06/2020

30%

18%

31%

18%

4%

15/06/2020

21/06/2020

19%

28%

29%

20%

5%

22/06/2020

28/06/2020

23%

32%

24%

18%

3%

29/06/2020

05/07/2020

21%

32%

23%

20%

4%

06/07/2020

12/07/2020

26%

26%

24%

20%

3%

13/07/2020

19/07/2020

27%

27%

23%

19%

3%

20/07/2020

26/07/2020

25%

24%

24%

21%

6%

27/07/2020

02/08/2020

23%

27%

24%

20%

5%

 

74% vun de Persounen a Quarantän hu manner wéi 45 Joer.

D'Net-Anhale vun der Quarantän, déi schonn an der Woch virdru vun de Gesondheetsinspektere constatéiert gouf, bleift weider e grousse Problem, genau wéi d'Net-Anhale vun der Isolatioun an ass verstäerkt dorop zeréckzeféieren, datt d'Leit, trotz positiver COVID-19-Diagnos, an d'Vakanz ginn. 

Kontaminatiounen a Clusteren:

Vun deene 525 positive Fäll an där Woch sinn 155 Fäll op intrafamiliär Kontaminatiounen zeréckzeféieren an 82 Fäll si kloer engem identifizéierten Infektiounscluster zouzeuerdnen. Et ass awer wichteg dorop hinzeweisen, datt déi Plaz, op där d'Infektioun constatéiert gouf net zwangsleefeg och d'Plaz vun der Infektiounsiwwerdroung ass. An der Woch vum 27. Juli bis den 2. August goufen 3 weider Infektiounsclusteren an Etablissementer aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur festgestallt, 4 Clustere sinn op Entreprisen zeréckzeféieren, mat engem Maximum vun 8 constatéierte Fäll an enger Entreprise.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert