Am Kader vum Tour de Luxembourg vum 15. bis den 19. September 2020, huet de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten decidéiert, all Drone-Flich wärend folgenden Deeg an a folgende Loftraim ze verbidden:
- 15. September 2020 am Loftraum 'Lëtzebuerg-Lëtzebuerg',
- 16. September 2020 am Loftraum 'Réimech-Hesper',
- 17. September 2020 am Loftraum 'Rosport-Schëffleng',
- 18. September 2020 am Loftraum 'Rodange-Déifferdeng',
- 19. September 2020 am Loftraum 'Miersch-Lëtzebuerg'.
D’Pläng vun de verbuedene Loftraim fannt dir ënnert folgendem Link: http://data.legilux.public.lu/eli/etat/leg/rmin/2020/09/08/a761/jo.
Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten