COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op d'Woch vum 14. bis 20. September

An der Woch vum 14. bis 20. September huet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune staark zougeholl, mat 672 Persoune par Rapport zu 282 an der Woch virdrun. D'Zuel vun de Kontakter ass ëm 152% geklommen, mat 5.441 Kontakter par Rapport zu 2.613 an der Woch virdrun.

D'Zuel vu PCR-Tester déi bei Residenten duerchgefouert goufe läit bei 40.596 par Rapport zu 50.957 an der Woch virdrun.

Den 20. September goufen et insgesamt 953 aktiv Infektiounen (par rapport zu 564 den 13.09), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 6.556 op 6.839 geklommen ass. D'Opnamekapazitéit vun de Spideeler gouf liicht méi staark an Usproch geholl wéi an der Woch virdrun an et gouf keng weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 1,01 op 1,44 geklommen an de Positivitéitstaux vun den Tester läit bei 1,66% par rapport zu 0,55% (Wochenduerchschnëtt) an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 107,33 pro 100.000 Awunner.

An der Woch vum 14. bis 20. September ass den Duerchschnëttsalter vun de positiv diagnostizéierte COVID-19-Fäll op 33,4 Joer geklommen.

Quarantän  an Isolatioun

An der Woch vum 14. bis de 20. September waren 2.284 Persounen a Quarantän (+91% par Rapport zu der viregter Woch) a 768 an Isolatioun (+32% par Rapport zu der viregter Woch).

Opdeelung vun der Quarantän no Alterstranche

   

0-14 Joer

15-29 Joer

30-44 Joer

45-59 Joer

60+ Joer

29.06.2020

05.07.2020

21%

32%

23%

20%

4%

06.07.2020

12.07.2020

27%

27%

23%

19%

3%

13.07.2020

19.07.2020

29%

27%

21%

19%

4%

20.07.2020

26.07.2020

25%

24%

24%

21%

6%

27.07.2020

02.08.2020

23%

27%

24%

20%

5%

03.08.2020

09.08.2020

25%

26%

23%

21%

6%

10.08.2020

16.08.2020

18%

27%

25%

22%

7%

17.08.2020

23.08.2020

17%

30%

25%

22%

6%

24.08.2020

30.08.2020

18%

30%

24%

21%

6%

31.08.2020

06.09.2020

19%

31%

24%

22%

5%

07.09.2020

13.09.2020

25%

25%

25%

20%

6%

14.09.2020

20.09.2020

30%

23%

23%

18%

6%

 

Kontaminatioun

D'Proportioun vun de Fäll, déi am Zesummenhang mat engem Auslandsopenthalt stinn, geet weiderhi vu 32% op 31% erof, mee bleift awer weiderhin den Haaptursprong vun de Kontaminatiounen.

Ausserdeem sinn 20% vun de Fäll op intrafamiliär Kontaminatiounen zeréckzeféieren a 6% op d'Aarbecht. 3% stoungen am Zesummenhang mat Familljefeieren oder Fester ënner Kolleegen.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) no, deen d'Presenz vum SARS-CoV-2 an den Ofwässer iwwerwaacht, schéngt et wéi wann de nationale Kontaminatiounsniveau duerch de SARS-CoV-2 stabel bleiwt, mat Resultater, déi deene vun der Woch 37 gläichen. Et gouf awer e Rëmopkomme vum SARS-CoV-2-Signal an dräi Kläranlagen (Miersch, Iwwersiren a Wolz) mat Signaler, déi ganz no un der Detektiounslimitt vum Test wuaren. Déi geografesch Ënnerscheeder bleiwe bestoen an déi selwecht véier Anlage (Péiteng, Beggen, Schëffleng a Beetebuerg) si staark betraff wärend déi aner Kläranlage weiderhin e schwaachen Niveau u Kontaminatioun opweisen. A véier (Iechternach, Gréiwemaacher, Béiwen-Atert an Ëlwen) vun den dräizéng Kläranlage konnt kee SARS-CoV-2-Signal nogewise ginn.

Communiqué vum Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert