COVID-19-Neiinfektiounen: Réckbléck op d'Woch vum 12. bis 18. Oktober - De Gesondheetsministère mécht en Appell un Populatioun, verstäerkt opzepassen

An der Woch vum 12. bis 18. Oktober ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune mat 1.280 Fäll am Verglach zu 850 Fäll an der Woch virdru staark geklommen (59%). D'Zuel vun de Kontakter huet mat 7.924 Kontakter am Verglach zu 6.780 Kontakter virdrun och e ganz héije Niveau erreecht (+17%).

D'Zuel vun den duerchgefouerte PCR-Tester läit bei 47.610 am Verglach zu 39.880 an der viregter Woch.

Den 18. Oktober goufen et insgesamt 2.405 aktiv Infektiounen (par rapport zu 1.364 den 11.10.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 8.234 op 8.471 geklommen ass. D'Opnamekapazitéit vun de Spideeler gouf méi staark an Usproch geholl wéi an der Woch virdrun, awer ouni dës z'iwwerlaaschten. Et gouf zwee weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

Fir eis un déi international Methodologie unzepassen, ginn an den Dages- a Wocherapporte just nach d'Better vu bestätegte COVID-Patienten uginn, dëst ab haut, dem 21. Oktober.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 1,32 op 1,20 liicht erof gaangen an de Positivitéitstaux vun den Tester läit bei 2,69% par rapport zu 2,02% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt).

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 205 pro 100.000 Awunner, respektiv 333 pro 100.000 Awunner op 14 Deeg gekuckt.

An der Woch vum 12. bis 18. Oktober ass den Duerchschnëttsalter vun de positiv diagnostizéierte COVID-19-Fäll weider liicht op 38,8 Joer geklommen.

D'Evolutioun vum Inzidenz-Taux an deene leschten 8 Woche weist eng rezent Erhéijung an allen Alterskategorien. D'Alterstranche vu 15-29 Joer bleift weider am meeschte betraff, gefollegt vun der Alterstranche vun 30-59 Joer, déi an der leschter Woch déi stäerkst Erhéijung vermierkt huet. D'Inzidenz bei de Jonke vun 0-14 Joer ass am niddregsten. Et muss och vermierkt ginn, dass et eng staark Erhéijung bei de Leit vun der Alterskategorie 75+ gëtt.

Appell un eng verstäerkte Virsiicht:

De Gesondheetsministère mécht op d'Verschlechterung vun der Situatioun an der EU opmierksam, dozou gehéieren och e puer vun eisen Nopeschlänner. An all Memberstaat gouf eng staark Hausse un Neiinfektioune constatéiert, och bei de Persoune vu 65 Joer a méi, déi ganz besonnesch vulnerabel vis-à-vis vum Virus sinn. Déi selwecht Tendenz weist sech an enger grousser Unzuel vu Memberstaaten, a betrëfft de Positivitéitstaux an de Mortalitéitstaux, deen säit ongeféier engem Mount an der Unioun erop klëmmt. Ausserdeem sinn d'Spidolsopenthalter a Verbindung mam COVID-19 an den 20 Memberstaaten staark geklommen.

D'Evolutioun vun der COVID-Epidemie ass och zu Lëtzebuerg beonrouegend. De Virus zirkuléiert weider a verbreet sech an eiser Bevëlkerung. De Risiko sech unzestieche klëmmt beträchtlecht, wéi och den Impakt op d'Kapazitéite vun eisem Gesondheetssystem huet.

"Déi kommend Deeg a Woche wäerte weisen, ob mir kollektiv op den Trajectoire vum Virus wëllen awierken. Et ass dowéinst méi wéi jee wichteg, dass jidderee virsiichteg ass an eng verstäerkt Responsabilitéit iwwerhëlt", betount d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Ausser de Geste-Barrièren, déi säit dem Ufank vun der sanitärer Kris applikabel sinn, kënne mir all zum nationalen Effort bäidroen, deen dorop zillt, d'Verbreedung vum Virus anzedämmen, andeems mir eis Kontakter limitéieren, net essentiell Aktivitéiten an Deplacementer evitéieren, e Mask droen an déi vulnerabel Leit schützen.

Mat dësem Appell schléisst d'Regierung sech dem Plädoyer vum Generaldirekter vun der WHO am leschte Pressebriefing den 19. Oktober un.

De Gesondheetsministère erënnert ausserdeem dorun, dass déi Leit, déi positiv op de COVID-19 getest goufen an déi nach net vum Contact Tracing kontaktéiert gi sinn, gebiede sinn, sech an Eegen-Isolatioun ze setzen. Och déi Leit, déi a Kontakt mat enger positiver Persoun waren, sollen sech an Eege-Quarantän setze wärend si dorop waarden, am Kader vum Tracing ugeruff ze kréien. D'Reegelen, déi wärend der Eegen-Isolatioun an der Eege-quarantän ze befollege sinn, kënnen um Site www.covid19.lu consultéiert ginn.

Quarantän  an Isolatioun

An der Woch vum 12. bis 18. Oktober waren 3.124 Persounen a Quarantän (+51% par Rapport zu der viregter Woch) a 1.677 an Isolatioun (+49% par Rapport zu der viregter Woch).

 

Opdeelung vun der Quarantän no Alterstranche

   

0-14 Joer

15-29 Joer

30-44 Joer

45-59 Joer

60+ Joer

17/08/2020

23/08/2020

19%

29%

24%

22%

6%

24/08/2020

30/08/2020

19%

30%

22%

22%

7%

31/08/2020

06/09/2020

19%

31%

23%

21%

5%

07/09/2020

13/09/2020

24%

24%

24%

20%

7%

14/09/2020

20/09/2020

30%

23%

23%

18%

6%

21/09/2020

27/09/2020

30%

25%

21%

18%

6%

28/09/2020

04/10/2020

23%

30%

20%

20%

7%

05/10/2020

11/10/2020

26%

29%

18%

20%

7%

12/10/2020

18/10/2020

23%

30%

18%

22%

7%

 

Kontaminatioun

Ënnert den noweisbare Kontaminatiounsgrënn bleift de familiäre Milieu den heefegste Grond a klëmmt vu 25,3 op 31,1% wärend d'Fäll a Verbindung mat der Educatioun a mat Reesen erof ginn. De Beräich Educatioun gëtt an Zesummenaarbecht vum Gesondheetsministère a dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend opmierksam suivéiert, wat et erlaabt probabel Sourcë séier z'identifizéieren. D'Fäll ouni determinéiert Source sinn am Gaangen, staark ze klamme mat 43,2% par rapport zu 36,6% an der Woch virun.

Wat d'Zuel u Schüler an Enseignantë betrëfft, déi positiv op de COVID-19 getest goufen an déi Schoulen zu Lëtzebuerg besichen, ass d'Evolutioun vun der Situatioun tëscht dem 10.10.2020 an dem 16.10.2020 déi folgend:

  • Wärend der genannter Period gouf keng nei Infektiounsketten an de Schoulen a Lycéeën zu Lëtzebuerg constatéiert.

Opgrond vun der staarker Erhéijung vun den Zuelen, betount de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dass am Moment just ee Fall vum "Zenario 3", dee 5 Erwuessener an 2 Kanner regruppéiert, fir d'Referenzperiod vum 17.10. bis den 23.10. analyséiert gëtt. An dësem Kontext betount de Ministère nach eng kéier d'Wichtegkeet vun de Geste-Barrièren am Kontakt mat Erwuessenen. (Zenario 3: Infektiounskette mat verschiddene Fäll déi am Zesummenhang sti mat enger schoul-interner Infektioun).

  • 43 Fäll, déi engem "Zenario 2" entsprécht, goufen an den ëffentlechen a private Schoulen a Lycéeë constatéiert (Zenario 2: maximal 2 positiv Fäll an enger Klass mat engem Infektiounsgrond, deen net bekannt oder wahrscheinlech ausserhalb vun der Klass ass).
  • 112 positiv Fäll, déi engem "Zenario 1" entspriechen goufen an den ëffentleche Schoulen a Lycéeë berechent. Dëst Erhéijung spigelt déi rezent Hausse u positive Fäll am Land erëm. Déi aktuell Zuele weisen, dass Jonker/Teenager méi staark vu COVID-19-Infektioune betraff si wéi Kanner an dass d'Infektiounen an der Majoritéit vun de Fäll ausserhalb vun der Schoul geschéien. (Zenario 1: Kanner a Jonker, déi sech baussent der Schoul ugestach hunn ouni dass et eng Verbreedung vum Virus an der Schoul gouf).
  • D'Feele vu Fäll vum "Zenario 3" an déi begrenzt Zuel vu Fäll vum "Zenario 2" weisen, dass d'Mesurë vum sanitären Dispositif effikass si fir d'Verbreedung vum Virus an de Schoulen ze begrenzen.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Dem leschte CORONASTEP Rapport no, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, ass de Kontaminatiounsniveau duerch de SARS-CoV-2 am Ofwaasser tëschent dem 12. an dem 18. Oktober ganz staark geklommen.

D'Kontaminatioun vum Ofwaasser huet den am Mäerz, wären der éischter Well, observéierten Niveau iwwerschratt.

D'Evolutioun vun der Kontaminatioun vum Ofwaasser ass weiderhin enk verbonne mat der Hausse u Fäll, déi duerch den direkten Testing an der Bevëlkerung gemooss gouf. D'Erhéijung vun den deegleche Stréimunge vum SARS-CoV-2 ass an all Kläranlag detektéiert ginn.

 

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Gesondheetsministère an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert