COVID-19: Upassunge vun den Eegen-Isolatioun- an Eege-Quarantänprozedure fir de Contact Tracing ze vereinfachen

Am Hibléck op déi beonrouegend  Hausse vun der Zuel u Neiinfektioune mam COVID-19 an de leschten dräi Deeg, huet d'Contact-Tracing-Ekipp vun de Gesondheetsautoritéiten hir Aarbechtsweis ugepasst, fir hir Reaktiounsfäegkeet bei der Kontaktopnam z'erhéijen. Dës Upassunge wäerten ab Freideg, den 23. Oktober 2020 am Asaz sinn.

  • Wann Dir positiv op de COVID-19 getest gouft oder Symptomer hutt: Gitt direkt an d'Eegen-Isolatioun!

Neiinfizéiert Persoune ginn ëmmer vun de Gesondheetsautoritéiten ugeruff. Opgrond vun der héijer Zuel u Persounen, déi pro Dag ugeruff musse ginn, kann et zu Retarde kommen. Dowéinst gëtt all Persoun, déi e positiivt Test-Resultat huet, geroden, direkt mat der Eegen-Isolatioun unzefänken.

Des Weidere soll sech eng Persoun, déi COVID-19-Symptomer huet, an déi sech dowéinst mat engem PCR-Test teste léist, sécherheetshallwer eegen-isoléieren, soulaang si op d'Testresultat waart.

All Persoun, déi positiv getest gouf, gëtt mat Zäite vun de Gesondheetsautoritéite kontaktéiert a kritt eng Referenznummer.

  • Wann Dir e Risikokontakt mat enger noweislech infizéierter Persoun hat: Gitt an Eege-Quarantän!

Et gëtt geroden, datt all Persoune mat engem positiven Testresultat hir Kontakter, bei deenen een héijen Infektiounsrisiko besteet (Kontaktpersounen), selwer doriwwer informéieren, fir dass dëst Persounen an Eege-Quarantän kënne goen.

Als Kontakt mat héijem Risiko gëllen

  • e Kontakt vu méi wéi 15 Minutten,
  • en Ofstand vu manner wéi 2 Meteren, ouni datt eng Mask anstänneg gedroe gouf,
  • bannent engem Zäitraum vun 48 Stonne virum Optriede vun den éischte Symptomer resp. dem Datum vum Test, wa keng Symptomer opgetruede sinn.

Déi infizéiert Persoun gëtt der Kontaktpersoun och déi vun de Gesondheetsautoritéiten zougewise Referenznummer. Dës Referenznummer gëtt fir weider Demarchë benotzt (weider Informatioun heirënner).

D'Gesondheetsautoritéite wäerte weiderhi systematesch Kontakter mat héijem Infektiounsrisiko an engem familiären Ëmfeld uruffen (den héchsten Iwwerdroungsrisiko, well an engem familiären Ëmfeld déi mannste Preventivmoossname getraff ginn) a wäert weiderhin eng Quarantän unuerdnen, déi, wann néideg, als Attest iwwert d'Aarbechtsonfäegkeet (CIT) benotzt ka ginn, souwéi e COVID-19-PCR-Test de 6. Dag nom potentiell infektiéise Kontakt verschreiwen.

Kontaktpersounen, déi net automatesch vun de Gesondheetsautoritéiten ugeruff ginn an awer eng Prescriptioun fir eng Quarantän ("certificat d'incapacité de travail") oder eng Prescriptioun fir e COVID-19-PCR-Test brauchen, kënnen d'Gesondheetsautoritéiten, mat Angab vun der Referenznummer vun der infizéierter Persoun, per E-Mail kontaktéieren.

Dës Referenznummer gëtt der infizéierter Persoun beim éischten Uruff vun de Gesondheetsautoritéite matgedeelt. D'Kommunikatioun per E-Mail gëtt dréngend geroden, well se déi beschtméiglech Reaktioun op Ufroen erméiglecht a gläichzäiteg déi begrenzten Personal-Ressourcë vun de Gesondheetsautoritéiten am effizientste geréiert.

An dësem Kader sief och dorun erënnert, datt d'Prescriptioun vun enger Quarantän (an also och engem "CIT") an eng Ordonnance fir en Test keng wierklech Urgencë sinn. Dëst a Betruecht vun der vun der Krankekeess (CNS) accordéierter Zäit an den Delaien, déi fir den Test ze respektéiere sinn (Am Prinzip Dag 6).

D'Gesondheetsdirektioun huet och bei der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL) intervenéiert, fir dat de Patronat bei den Delaie fir d'Remise vun de Certificaten eng gewëssen Toleranz uwennt, fir d'Employéen net opgrond vu Verspéidunge vun de Gesondheetsautoritéiten ze bestrofen.

Fir déijéineg, déi et ëmmer nach preferéieren, sech d'Dokumenter bei hirem Hausdokter ze besuergen, kann dësen och e COVID-19-PCR-Test fir déi Dag-6-Kontroll verschreiwen.

Zur Erënnerung: Den Teletravail bleift eng Optioun, wann et en Accord tëscht dem Employeur an dem Employé gëtt.

  • Praktesch Ëmsetzung vun der Eegen-Isolatioun:

D'Eegen-Isolatioun oder Isolatioun gëllt fir Leit, bei deenen eng COVID-19-Infektioun nogewise gouf. Se mussen doheem isoléiert ginn a Persounen, déi am selwechten Haushalt liewen, oder intim Relatiounen, musse fir en Zäitraum vu 7 Deeg a Quarantän goen. Dës Mesure ziilt dorop of et ze verhënneren, datt déi infizéiert Persoun, déi ustiechend ass, d'Infektioun op hiren Entourage iwwerdréit.

D'Isolatioun gëtt vum Dokter verschriwwen an dauert mindestens fir 10 Deeg nom Optriede vun de Symptomer. Wärend dëser Period, wou d'Persoun doheem isoléiert gëtt, muss all Kontakt zu anere Persounen evitéiert ginn an eng chirurgesch Mask muss ëmmer gedroe ginn, wann se sech bei anere Persounen ophält.

  • Praktesch Ëmsetzung vun der Eege-Quarantän:

D'Quarantän gëtt bei Persounen applizéiert, déi enke Kontakt mat enger Persoun haten, bei där d'COVID-19-Infektioun confirméiert gouf, d.h. méi ewéi eng Véierelstonn vis-à-vis vun hir gewiescht sinn oder en ongeschützte physesche Kontakt gehat hunn.

Dës Persoune mussen ab dem leschte Kontakt mat der infizéierter Persoun 7 Deeg laang doheem bleiwen. D'Gesondheetsautoritéite ginn hinne wann néideg en Attest iwwert d'Aarbechtsonfäegkeet (CIT). Wärend dëser Period muss all net-geschützte Kontakt zu anere Persounen evitéiert ginn.

Ab dem 6. Dag ginn dës Persoune gebieden, sech mat enger Ordonnance an engem vun de Laboratoiren am Land op de COVID-19 testen ze loossen. Wann den Test negativ ass, ass d'Quarantän direkt eriwwer.

Wärend de 7 Deeg no der Quarantän, mussen dës Persounen eng Eegen-Iwwerwaachung maachen an e Mask droe wann se a Kontakt si mat anere Persounen. Wann Symptomer optrieden, mussen dës Persounen direkt nees een Test maachen an an Eegen-Isolatioun goen.

Fir weider Informatiounen, gitt wgl op d'Websäit vun der Regierung: www.covid19.lu

Weiderféierend Linken:

 

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert