Verlängerung vun de sanitäre Mesurë fir Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg

Wéinst der Evolutioun vum Coronavirus SARS-CoV-2 um internationalen Niveau, informéieren den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère dass déi sanitär Mesuren, déi säit dem 29. Januar 2021 gëllen, bis de 15. Mee inclus verlängert ginn, an dëst fir all Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg.

Jiddwereen dee 6 Joer oder méi al ass a mam Fliger Destinatioun Lëtzebuerg fléie wëll, muss, onofhängeg vu senger Nationalitéit, virum Boarding een negatiivt Testresultat (op Pabeier oder elektronesch)

  • entweder vun engem Test op SARS-CoV-2 duerch Amplifikatioun vum viralen RNA - also duerch PCR (polymerase chain reaction), TMA (transcription-mediated amplification) oder LAMP (loop-mediated isothermal amplification) Methoden,
  • oder vun engem Antigen-Schnelltest (entspriechend de Krittäre vun der Weltgesondheetsorganisatioun: Antigen-detection in the diagnosis of SARS-CoV-2 infection using rapid immunoassays, Interim Guidance, 11 September 2020)

virleeën, dee maximal 72 Stonne virum Fluch vun engem Laboratoire fir medezinesch Analysen oder all aner zougeloossen Entitéit ausgestallt ginn ass. D'Testresultat muss an enger vun den administrative Sprooche vu Lëtzebuerg oder op Englesch, wann néideg zesumme mat enger Iwwersetzung, virleien. Vun elo un kënnen des Dokumenter och op Italieenesch, Spuenesch oder Portugisesch sinn.

Vum 1. Abrëll 2021 u musse Fluchpassagéier, déi aus engem Drëttstaat areesen, bei hirer Arrivée um Lëtzebuerger Flughafen allerdéngs keen zousätzlechen Antigen-Schnelltest méi maachen.

D'Obligatioune vun den Tester déi fir jiddwereen zoutreffen, dee mam Fliger op Lëtzebuerg areesen wëll, kommen zu den temporäre Restriktiounen dobäi, déi scho fir net essentiell Reesen an d'Europäesch Unioun gëllen.

An dësem Kontext sief et ze bemierken, dass déi temporär Restriktioune fir d'Arees vu Staatsbierger aus Drëttstaaten a Lëtzbuerg bis den 30. Juni 2021 verlängert ginn. Dës ginn duerch dat entspriechend groussherzoglecht Reglement zu den temporäre Restriktiounen am Kader vun den Awanderungsbestëmmunge festgehalen.

D'Detailer zu de Restriktiounen an den verschiddenen Ausnamen, fannt Dir op covid19.lu.

 

Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert