COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 29. Mäerz bis de 4. Abrëll

An der Woch vum 29. Mäerz bis de 4. Abrëll, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.685 op 1.544 (-8,4%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vu 4.129 op 3.464 Kontakter erofgaangen ass (-16,1%).

Et sief unzemierken, dass d'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 29. Mäerz bis de 4. Abrëll duerchgefouert goufen, vu 67.052 op 79.883 geklommen ass.

130 Persounen hunn e positiven Antigen-Schnelltest gemellt.

De 4. Abrëll goufen et insgesamt 3.556 aktiv Infektiounen (am Verglach zu 3.571 den 28.03), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 56.762 op 58.302 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass op 36,5 Joer erofgaangen.

D'Zuel vun den neien Doudesfäll ass erofgaangen, mat 19 Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19, am Verglach zu 20 an der viregter Woch. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit bei 79 Joer.

An de Spideeler ass eng liicht Steigerung festzestellen, mat 111 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg am Verglach zu 107 an der viregter Woch. D'Zuel vun den Hospitalisatioune vu COVID-Patienten op der Intensivstatioun klëmmt op 29, am Verglach zu 21 der viregter Woch.

Déi zwee COVID-19-Consultatiounszenteren (CCC), um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht, goufe säit hirer Erëffnung am Ganzen 11.508 Mol besicht, dovu 586 Visitten an der Woch vum 29. Mäerz bis de 4. Abrëll, wat eng Baisse am Verglach zur viregter Woch ass (661).

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,88% am Verglach zu 1,12% an der viregter Woch erofgaangen, genau wéi de Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), dee mat 1,93% par rapport zu 2,51% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt) och réckleefeg ass. Et gëllt ze bemierken, dass de Positivitéitstaux bei den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, vu 5,67% op 4,02% erofgaangen ass.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 247 Fäll pro 100.000 Awunner. Et sief nach drop higewisen, dass an der Woch vum 22. Mäerz den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bei 269 Fäll pro 100.000 Awunner louch. Am Verglach zu der viregter Woch geet den Inzidenz-Taux an all Alterstranchen erof, mat Ausnam vun dr Alterstranche 30-44 Joer (+6%). Déi gréisste Baisse gëtt et bei der Alterstranche vun de 75+ Joer (-42%), der Alterstranche vun 0-14 Joer (-18%) an der Alterstranche vu 60-74 Joer (-16%).

Zurzäit weisen d'Alterstranchë vu 60-74 a 75+ Joer deen niddregsten Inzidenz-Taux op mat 149 respektiv 155 Fäll pro 100.000 Awunner. Den héchsten Inzidenz-Taux gëtt et bei der Alterstranche 15-29 Joer, mat 317 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 29. Mäerz bis de 4. Abrëll, waren 3.466 Persounen an Isolatioun (+9%) a 4.732 a Quarantän (-13% par Rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 1.544 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 34,5% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (4,5%) an d'Aarbecht (4,0%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 47,9% geklommen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 29. Mäerz bis de 4. Abrëll, goufen am Ganzen 19.333 Dosissen aginn. 15.240 Persoune kruten eng 1. Dosis a 4.093 kruten déi 2. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfunge bis de 6. Abrëll op 108.940 (1. an 2. Dosis).

De Planning vun den Allokatioune vun den Dosissen, op déi Lëtzebuerg theoretesch Usproch huet, entspriechend dem Undeel vun 0,14% vun der Lëtzebuerger Populatioun, wéi et an de Verträg vun der Kommissioun mat de verschidde Produzente virgesinn ass, esou wéi déi bis elo un de Grand-Duché geliwwert a bis Enn Abrëll erwaarten Allokatiounen, kënnen am Rapport hei drënner opgeruff ginn.

No den aktuellen Informatiounen ass deemno virgesinn, dass bis Enn Abrëll 2021 eng 128.447 Persounen zu Lëtzebuerg geimpft kënne ginn. Et sief awer dorun erënnert, dass d'Allokatioune vu Woch zu Woch ugepasst kënne ginn, jee no Produktiounskapazitéite vum Produzent an de Liwwerungen.

Evolutioun vun de Varianten

An der Woch vum 22. bis den 28. Mäerz, louch de Sequenzéierungstaux vun der Gesamtbevëlkerung bei 32,4%, wat wäit iwwert deem vun der ECDC recommandéierten optimalen Taux vun 10% fir representativ Stéchprouwe leit.

Fir déi representativ Stéchprouf vu 548 Tester, déi fir d'Kalennerwoch 12/2021 duerchgefouert gouf, konnt folgend Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn:

  • déi brittesch (UK-)Variant (B.1.1.7) representéiert 74,1% vun de Fäll,
  • déi südafrikanesch (SA-)Variant (B.1.351) representéiert 18,1% vun de Fäll.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

Dem leschte CORONASTEP Rapport no, dee vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) opgestallt gouf, huet de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen an der Woch vum 29. Mäerz bis de 4. Abrëll weiderhin eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Eng Tendenz no uewe gouf iwwert déi ganz Woch festgestallt, mee de Kontaminatiounsniveau bleift an der selwechter Gréisstenuerdnung wéi déi lescht 3 Wochen. Dës Tendenz muss allerdéngs duerch d'Analyse vun deenen nächste Woche confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert