Kappung vun engem Käschtebam beim Institut national des langues um Lampertsbierg

De Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten deelt mat, dass de 5. August eng urgent Kappung vun engem Käschtebam beim Institut national des langues (INL) wäert duerchgefouert gi fir d’Sécherheet sur place ze garantéieren.

No enger rezenter Kontroll vun dësem Bam ass opgefall, datt de Bam extrem ofgebaut huet an datt dringend muss agéiert ginn.

Uschléissend gëtt eng präzis Analyse duerch ee Bamexpert gemaach fir ze decidéieren op en ganz ewechgeholl muss ginn oder net.

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

Aktualiséiert