COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 26. Juli bis den 1. August

An der Woch vum 26. Juli bis den 1. August a fir déi 4. Woch hannerteneen, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 566 op 439 (-22%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 1.065 Fäll géintiwwer 1.599 an der Woch virdrun (-33%).

Et sief ze bemierken, dass vun de 439 Neiinfektioune 366 Persounen net geimpft waren (83,4%) an 73 Persounen ee kompletten Impfschutz haten (16,6%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 26. Juli bis den 1. August duerchgefouert goufen, ass vun 43.738 op 46.244 geklommen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 8 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 11 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 266. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufe 786 positiv Fäll gemellt, mat 0 Fäll an der Woch vum 26. Juli bis den 1. August. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 1. August war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 956 erofgaangen (am Verglach zu 1.239 de 25.07.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 71.490 op 72.212 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll bleift stabel bei 30,8 Joer (par rapport zu 30,3 Joer d'Woch virdrun).

An der Woch vum 26. Juli bis den 1. August gouf et kee weideren Doudesfall am Zesummenhang mam COVID-19.

An de Spideeler goufen et 19 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 17 an der viregter Woch. An der Intensivfleeg geet d'Zuel vun de beluechte Better op 5 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass liicht vun 52 op 51 Joer erofgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,80 relativ stabel bliwwen (0,82 déi Woch virdrun). De Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), ass vun 1,29% op 0,95% erofgaangen (Wochenduerchschnëtt). De Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, läit elo bei 3,65%, géintiwwer 4,19% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux geet an allen Altersgruppen erof a läit op 7 Deeg bei 69 Fäll pro 100.000 Awunner, am Verglach zu 89 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun. Dat ass déi 4. Woch hannerteneen, wou den Taux zeréckgaangen ass.

Dee gréisste Réckgang gouf an der Alterstranche 30-44 Joer (-37%). D'Alterstranche 15-29 Joer huet deen héchsten Inzidenz-Taux, mat 159 Fäll pro 100.000 Awunner. Dono kënnt d'Alterstranche 0-14 Joer, mat 69 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen niddregsten Inzidenz-Taux gëtt et an den Alterstranchë 60-74 a 75+ Joer.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 26. Juli bis den 1. August, waren 1.309 Persounen an Isolatioun (-18%) a 717 a Quarantän (-36%).

Kontaminatiounen

Fir déi 439 nei Fäll ass de Familljekrees weider déi heefegst Source mat 34,9% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Auslandsreesen (12,6%) an d'Fräizäitaktivitéiten (10,4%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 34,2% erofgaangen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 26. Juli bis den 1. August, goufen am Ganzen 26.788 Dosissen aginn. 3.886 Persoune kruten eng 1. Dosis, 22.811 kruten déi 2. Dosis an 91 Persoune kruten eng 3. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 3. August op 717.418. 355.891 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 11 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 26. Juli bis den 1. August ënnersicht goufen, weist eng héich SARS-CoV-2 Prevalenz op nationalem Niveau. Am Verglach mat de Woche virdrun, konnt eng signifikant Hausse vum Kontaminatiounsniveau vum SARS-CoV-2 observéiert ginn, vergläichbar mat Ufank Juli.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert