Verlängerung vun de sanitäre Mesurë fir Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg

Den Aussen- an Europaministère an de Gesondheetsministère informéieren dass déi sanitär Mesuren, déi fir all Persoune vun 12 Joer oder méi gëllen, wann dës mam Fliger op Lëtzebuerg fléien, bis den 18. Oktober inclus verlängert goufen, mat Ausnam vun den Dispositioune fir Persounen déi bannent 14 Deeg virun hirer Arrivée zu Lëtzebuerg an Indie waren.

Deemno gëllt déi strikt Quarantäneflicht vu 7 Deeg bei der Arrivée, zesumme mat der Flicht fir e PCR-Test um 6. Dag vun der Quarantän ze maachen an der Flicht hir Presenz bei der Sanitärinspektioun ze mellen, ab dem 15. September net méi fir dës Persounen.

Als Erënnerung: All Persoun vun 12 Joer oder méi, déi mam Fliger op Lëtzebuerg reest, muss virum Boarding Folgendes virweisen:

  1. entweder een Impf-Certificat, deen ee kompletten Impf-Schema [1] mat engem Impfstoff mat enger Maartzouloossung vun der Europäescher Medikamentenagence attestéiert, also den Impfstoff vun den Entreprisen AstraZeneca, BioNTech/Pfizer, Johnson&Johnson a Moderna, an dee vun enger ëffentlecher oder medezinescher Autoritéit vun engem Memberstaat vun der EU oder dem Schengenraum ausgestallt gouf
  2. oder ee Geheelt-Certificat, dee vun engem Dokter oder enger ëffentlecher Autoritéit vun engem Memberstaat vun der EU oder dem Schengenraum ausgestallt gouf, fir Persounen déi rezent a bannent 6 Méint virum Deplacement eng Infektioun mam SARS-CoV-2 haten an déi déi entspriechend Isolatiounsperiod an deene respektive Länner symptomfräi ofgeschloss hunn
  3. oder een negatiivt Testresultat (op Pabeier oder elektronesch) vun engem Test op SARS-CoV-2 RNA duerch Nukleinseier-Amplifikatioun (NAT) (PCR, TMA oder LAMP Methoden [2]), dee maximal 72 Stonne virum Fluch realiséiert gouf, oder vun engem Antigène Schnelltest op SARS-CoV-2oV-2 [3], dee maximal 48 Stonne virum Fluch realiséiert gouf, an dat vun engem Laboratoire fir medezinesch Analysen oder all aner dofir zougeloossener Entitéit. Dat negatiivt Testresultat muss, wann néideg zesumme mat enger Iwwersetzung, an enger vun den administrative Sprooche vu Lëtzebuerg, oder op Englesch, Spuenesch, Italieenesch oder Portugisesch virleien.

D'Lëscht mat deene verschiddenen Exceptiounen an de genaue Modalitéiten, déi am Virfeld ze respektéiere sinn, fannt Dir op folgendem Link:

https://covid19.public.lu/lb/reesen/letzebuerg-besichen.html

 

[1] a) Ënnert engem kompletten Impf-Schema versteet een all Schema, wat d'Zuel an den Intervall vun den néidegen Injektiounen definéiert, fir een ausräichende Schutz opzebauen, an dat komplett ass ab der Administratioun vun all den néidegen Dosissen, fir Impfstoffer mat méi wéi enger Dosis, oder, fir Impfstoffer mat enger eenzeger Dosis, no enger Karenzzäit vu 14 Deeg. b) Fir geheelte Persounen, déi bannent 180 Deeg no hirem positive Resultat vun engem NAT-Test geimpft goufen, ass den Impf-Schema 14 Deeg no der Administratioun vun der éischter Dosis komplett, an dat onofhängeg vum Impfstoff.

[2] PCR: polymerase chain reaction; TMA: transcription-mediated amplification; LAMP: loop-mediated isothermal amplification

[3] Entspriechend de Krittäre vun der WHO: Antigen-detection in the diagnosis of SARS-CoV-2 infection using rapid immunoassays, Interim Guidance, 11 September 2020, an opgezielt an der Lëscht vun den Antigène-Schnelltester, op Basis vun der Recommandatioun 2021/C24/01 vum 22. Januar 2021.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère a vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert