COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 15. bis den 21. November

An der Woch vum 15. bis den 21. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.447 op 1.897 geklommen (+31%)

Vun den 1.897 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 450,92 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 217,71 Fäll pro 100.000 Awunner.

Et sief drop higewisen, dass den Infektiounsrisiko fir net geimpfte Persounen méi wéi 2 Mol méi héich ass, wéi fir Persoune mat engem kompletten Impf-Schutz (cf. Grafik).

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 20 vun den 39 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (19 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg ware 4 vun den 10 Patienten net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 15. bis de 21. November duerchgefouert goufen, ass vun 18.930 op 23.542 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 40 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 23 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 481. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 15. bis den 21. November). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 21. November war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 3.331 geklommen (am Verglach zu 2.607 de 14.11.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 81.273 op 82.444 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass vu 35,4 Joer op 33,2 Joer liicht erofgaangen.

An der Woch vum 15. bis den 21. November, goufen et 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 68 Joer.

An de Spideeler goufen et 39 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 31 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vu 14 op 10 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten bleift stabel bei 58 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,19 géintiwwer 1,01 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass och geklommen, mat 8,06% géintiwwer 7,64% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 299 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 228 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenz-Taux an all den Altersgruppe geklommen, ausser der Kategorie vu 75+ Joer. Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vu 0-14 Joer (+61%) a vu 45-59 Joer (+24%). Deen héchsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 547 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vu 75+ Joer.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 15. bis den 21. November, waren 3.320 Persounen an Isolatioun (+22%) a 7.329 a Quarantän (+82%).

Kontaminatiounen

Fir déi 1.897 nei Fäll bleift de Familljekrees déi heefegst Source mat 31,7% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Bildung - haaptsächlech Primärschoulen (12,0%) - d'Aarbecht (6,3%) an d'Reesen an d'Ausland (5,0%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 32,0% geklommen.

Schoul Boudersberg, Diddeleng (Zenario 4)

Den 10. November gouf et 1 positive Fall an enger Klass aus dem Cycle 2. 4 weider Fäll goufen et de 14. November, an ee 6. Fall de 15. November. D'Klass gouf a Quarantän gesat, ouni Ausgangsgeneemegung.

Centre scolaire Raoul Follereau, Rammerech (Zenario 4)

6 Schüler aus enger Klass vum Cycle 2 goufe bei Selbsttester, déi den 21. November doheem gemaach goufen, positiv getest. D'Klass gouf a Quarantän gesat, ouni Ausgangsgeneemegung.

Schoul Chemin Rouge, Suessem (Zenario 1 an 3)

De 14. November 2021, gouf 1 Schüler aus enger Klass vum Cycle 2 positiv getest. Bis den 23. November, goufen et nach weider Fäll a 5 anere Klassen aus dem Cycle 2, 3 a 4. Insgesamt, si 14 Schüler an een Enseignant u COVID-19 erkrankt. 4 Klasse goufen a Quarantän gesat, mat enger Ausgangsgeneemegung fir um Unterrecht deelzehuelen. 2 Klasse goufen ouni Ausgangsgeneemegung a Quarantän gesat.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 15. bis den 21. November, goufen am Ganzen 18.088 Dosissen aginn. 2.924 Persoune kruten eng 1. Dosis, 4.008 kruten déi 2. Dosis an 11.156 Persoune kruten eng komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 23. November op 880.176.

425.854 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 77% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwert 12 Joer).

Impf-Rappel ("Booster"): Eng drëtt Dosis fir déi ganz erwuesse Bevëlkerung

D'Impfung ass deen eenzege Wee fir de Virus ze bekämpfen.

Well d'Effikassitéit vum Impfschutz mat der Zäit noléisst, kritt déi gesamt erwuesse Bevëlkerung d'Méiglechkeet, eng 3. COVID-19-Impfdosis ze kréien ("Booster" oder Impf-Rappel).

D'Aluedungen fir den Impf-Rappel géint de COVID-19 gi vun der Lëtzebuerg Regierung per Post verschéckt. Betraff sinn all geimpfte Persounen a follgende Fäll:

  • no enger Impfung mat 2 Dosissen (Moderna, BioNTech/Pfizer, AstraZeneca): 6 Méint no enger kompletter Éischtimpfung
  • no enger Impfung mat 1 Dosis (Johnson & Johnson): 1 Mount no enger kompletter Éischtimpfung

An der Invitatioun kritt Dir Detailer iwwert d'Demarche fir Äre Rendez-vous an engem Impfzenter oder enger Dokteschpraxis ze huelen.

Beim Booster-Impfstoff handelt et sech ëm een mRNA-Impfstoff, onofhängeg vum Impfstoff vun der Éischtimpfung. Wa bei der Éischtimpfung een mRNA-Impfstoff benotzt gouf, gëtt bei der Booster-Impfung dee selwechten Impfstoff aginn.

An dësem Kontext, sinn mRNA-Impfstoffer vun der EMA fir all Persounen iwwert 18 Joer zougelooss. De Spikevax-Impfstoff (Moderna) ass zurzäit allerdéngs net fir Persounen ënner 30 Joer recommandéiert.

"Pop Up" Impfung: fir ee méi einfachen Zougank zur Impfung

Fir den Impftaux ze verbesseren, huet d'Regierung decidéiert temporär Impf-Plazen ("Pop Up" Impfung) unzebidden, an esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren).

Hei fannt Dir d'Datumer fir dëse Mount (d'Datumer fir den Dezember ginn deemnächst matgedeelt):

  • Pop Up Stad Lëtzebuerg | vun 11:00 bis 18:00 Auer
    70, Grand-Rue
    L-1660 Luxembourg
    Vum 24. bis de 27. November, 11:00 bis 18:00 Auer
  • Cloche d'Or Shopping Center | vun 10:00 bis 16:00 Auer
    25 Boulevard F.W. Raiffeisen
    L-2411 Luxembourg
    De 24., 26. an 29. November, vun 10:00 bis 16:00 Auer

Aner Impf-Projeten, an enker Zesummenaarbecht mat de Gemengen, wäerten deemnächst dobäi kommen, sou wéi och d'Méiglechkeet sech an den Apdikten uechter d'Land impfen ze loossen.

Déi nächst Impf-Méiglechkeeten ginn um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Déi Leit, déi hir 2. Dosis kréien, mussen och den Impf-Certificat vun der 1. Dosis virweisen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 15. bis den 21. November ënnersicht goufen, hunn eng nach ëmmer héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. D'Resultater vun dëser Woch weisen op en Neits eng Hausse vun de SARS-CoV-2-Stréim, mat engem änleche Niveau wéi am Mäerz-Abrëll vu leschtem Joer. Déi generell Tendez iwwert e puer Wochen oder Méint gekuckt, weist kloer no uewen. Eng generell Tendenz no uewen ass och um regionalen Niveau fir déi meescht analyséiert Kläranlagen z'erkennen, ouni regional Disparitéiten.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Inzidenz-Taux vu geimpften an net-geimpfte Persounen

Aktualiséiert