COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 6. bis den 12. Dezember

An der Woch vum 6. bis den 12. Dezember ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 2.699 op 2.593 liicht erofgaangen (-4%).

Fir déi 2.593 Neiinfektioune déi dës Woch detektéiert goufen, louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 653,18 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 287,57 Fäll pro 100.000 Awunner.

Et sief drop higewisen, dass den Infektiounsrisiko fir net geimpfte Persoune méi wéi 2 Mol méi héich ass, wéi fir Persoune mat engem kompletten Impfschutz.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou ware 26 vun de 55 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (29 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg ware 16 vun den 23 Patienten net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 6. bis den 12. November duerchgefouert goufen, ass vun 30.274 op 30.536 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 41 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 35 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 617. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 6. bis den 12. Dezember). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 12. Dezember war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 5.341 geklommen, am Verglach zu 5.098 de 5. Dezember, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 85.729 op 88.067 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen ass mat 33,4 Joer stabel bliwwen.

An der Woch vum 6. bis den 12. Dezember, goufen et 9 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 72 Joer.

An de Spideeler goufen et 55 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 50 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun geet d'Zuel vun de beluechte Better vun 16 op 23 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vu 64 op 56 Joer erofgaangen.

 

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,98 géintiwwer 1,03 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 8,49%, géintiwwer 8,92% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 408 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 425 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenz-Taux an allen Alterstranchen erofgaangen, ausser bei der Altersgrupp vun 30-44 Joer (+7%). Déi gréisste Baisse gëtt et bei der Alterstranche vu 75+ Joer (-13%) an dono der Alterstranche vu 0-14 Joer (-12%). Deen héchsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 667 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vu 75+ Joer, mat 128 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 6. bis den 12. Dezember, ware 5.696 Persounen an Isolatioun (+12%) a 7.051 a Quarantän (-20%).

Kontaminatiounen

Fir déi 2.593 nei Fäll (tëschent dem 6. an dem 12. Dezember 2021 enregistréiert) bleift de Familljekrees (37,8%) déi heefegst Source vun den Infektiounen, duerno kommen d'Bildung (15,3%) - haaptsächlech Primärschoulen (8,7%) - d'Aarbecht (5,5%) an d'Fräizäitakivitéiten (3,7%). De Prozentsaz vun den net-identifizéierte Sourcë geet erop (32,8%).

Speziell Situatiounen am Schoul-Beräich

Zenario 4 an der Regionalschoul Uewersauer

An der Woch vum 6. bis den 12. Dezember 2021 goufen 38 Schüler an 2 Enseignanten aus 14 verschiddene Klasse positiv getest.

Am Cycle 2 gouf et een Zenario 4 an enger Klass. 2 Schüler goufen den 1. Dezember positiv getest. No engem 3. positive Fall den 3. Dezember, gouf d'Klass bis den 10. Dezember a Quarantän gesat. Dono goufe 6 weider Schüler an een Enseignant positiv getest.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 6. bis den 12. Dezember, goufen am Ganze 36.087 Dosissen aginn. 4.703 Persoune kruten eng 1. Dosis, 3.203 kruten déi 2. Dosis an 28.181 Persoune kruten eng komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 14. Dezember op 940.551.

437.351 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 12 Joer).

Impfung vu vulnerabele Kanner

Wéi am Regierungsrot vum 10. Dezember decidéiert, an op Basis vum Avis vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 29. November, kënne vulnerabel Kanner tëschent 5 an 11 Joer, a Kanner am reegelméissege Kontakt mat vulnerabele Persounen, sech fräiwëlleg impfe loossen.

Déi vulnerabel Kanner a Kanner a reegelméissegem Kontakt mat vulnerabele Persounen, esou wéi an der Definitioun vum Conseil supérieur des maladies infectieuses festgehalen, kënnen iwwert hiren Hausdokter oder Pediater säit dem 14. Dezember ageschriwwe ginn, a kréien dann eng Invitatioun per Post geschéckt. Et kann een och direkt bei engem vun den Dokteren, déi bei der Impfung matmaachen, geimpft ginn.

D'Regierung waart d'Verëffentlechung vun enger Etüd iwwert d'Erfarunge vun der Impfung vu Kanner an den USA of, bevir si iwwert eng Ëffnung vun der Impfung fir all Kanner tëschent 5 an 11 Joer entscheed.

IMPF'O'DAY - "Lët'z talk about vaccination": B2B an B2C Konferenz iwwert COVID-19-Impfung.

Am Kader vun der Impfwoch huet de Gesondheetsministère den 11. Dezember den IMPF'O'DAY mat 2 Konferenz-Debaten organiséiert. D'Konferenz moies war fir d'Personal aus dem Gesondheetsberäich, wärend d'Konferenz mëttes fir d'Ëffentlechkeet war.

De Video vun der Konferenz mëttes kann iwwert folgende Link opgeruff ginn: https://youtu.be/SY7pKjUhd_4

Start vun der Aktioun "#Lëtzebuergtestsech": Geimpft oder net, de COVID-19-Test bleift noutwendeg

Fir d'Entwécklung vun den Neiinfektiounen am Land besser evaluéieren ze kënnen, organiséiert d'Lëtzebuerger Regierung vum 13. bis den 19. Dezember d'Aktioun #Lëtzebuergtestsech.

An deem Kontext krut all Stot zu Lëtzebuerg an der Woch vum 6. bis den 12. Dezember eng Invitatioun per Post geschéckt, fir ee Kit mat 5 Antigène-Schnelltester ofzehuelen. D'Verdeelung vun deene Kitten soll d'Leit dozou incitéieren, sech zesummen un 2 Deeg am Laf vun der Woch vum 13. bis den 19. Dezember selwer ze testen (mat engem Zäitraum vun 3 bis 4 Deeg tëschent deenen 2 Tester):

Den Detail fënnt een op covid19.lu .

Live Q&A- a gemeinsam Test-Sessiounen op Facebook

Am Kader vun dëser Testwoch, organiséiert de Gesondheetsministère Live-Sessiounen op senger Facebook Säit:

  • Live Q&A (wëchentlech): 16. Dezember 2021, vu 17:00 bis 18:00 Auer
  • Thema: Froen un d'Santé - Lëtzebuerg test sech
  • Mam Dr. Dentzer, Virolog vun Gesondheetsdirektioun a mam Prof. Dr. Mühlschlegel, Direkter vum LNS.
  • Live Testing-Sessioun: 17. Dezember 2021, vun 12:00 bis 12:30 Auer
  • Thema: #Lëtzebuergtestsech
  • Mam Dr. Dentzer, Virolog vun der Gesondheetsdirektioun a mam Dr. Schmit, Direkter vun der Santé

"Pop Up" Impfung: Lëtzebuerg léisst sech impfen

Fir den Impftaux ze verbesseren, huet d'Regierung decidéiert temporär Impf-Plazen ("Pop Up" Impfstatiounen) unzebidden, an esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

D'Lëscht vun all de neien temporären Impf-Plazen, déi vun Dag zu Dag erweidert a kontinuéierlech aktualiséiert gëtt, kann een um Internetsite covidvaccination.lu consultéieren.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 6. bis den 12. Dezember ënnersicht goufen, hunn eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. D'Resultater vun dëser Woch weisen SARS-CoV-2 Stréim op, déi en änlechen Niveau hunn, wéi déi vun deenen 2 leschte Wochen, woubäi sech d'Signal op engem héije Niveau stabiliséiert. Eng änlech Tendenz ass och op regionalem Niveau fir déi meescht analyséiert Kläranlagen z'erkennen, ouni regional Disparitéiten. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert