COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 23. bis den 29. Mee 2022

An der Woch vum 23. bis den 29. Mee ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.879 op 1.174 erofgaangen (-36%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 23. bis den 29. Mee duerchgefouert goufen, ass vun 9.178 op 6.301 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 16 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 20 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 2.997. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 29. Mee ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 3.302 erofgaangen, am Verglach zu 4.849 den 22. Mee, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 240.836 op 243.555 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 42,4 Joer.

An der Woch vum 23. bis den 29. Mee, goufen et 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 63 Joer.

An de Spideeler goufen et 6 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 12 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vun 2 op 1 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 63 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,79, géintiwwer 0,65 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 18,63%, géintiwwer 20,47% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bleift onverännert bei 182 Fäll pro 100.000 Awunner.

Re-Infektiounen an certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Den Inzidenz-Taux ass an allen Alterstranchen erofgaangen. Dee gréisste Réckgang gëtt et bei den Altersgruppe vun 0-14 Joer (-55%) a vu 15-29 Joer (-43%). Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 60-74 Joer mat 180 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 282 Fäll pro 100.000 Awunner. 

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech. Vun den 1.416 Fäll, déi an der Woch vum 23. bis den 29. Mee 2022 enregistréiert goufen, goufen nëmmen 1.271 Fäll analyséiert an d'Source ermëttelt. Fir d'Beschreiwung vun de Sourcë goufen déi 1.271 Fäll (89.8%) geholl, déi bis zur Realisatioun vun dësem Rapport ugeruff kruten.

De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 28% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen an d'Ausland (17%), d'Aarbecht (10%), Fräizäitaktivitéiten (7%) an Educatioun (6%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (26%).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 23. bis den 29. Mee, goufen am Ganzen 1.721 Dosissen aginn. 67 Persoune kruten eng 1. Dosis, 69 kruten déi 2. Dosis, 424 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 1.159 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 2 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 31. Mee op 1.282.424.

473.487 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,8% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site www.impfen.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 21. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser, och wann déi Tendenz no ënnen och dës Woch nees bestätegt gouf, souwuel op nationalem wéi regionalem Niveau.  D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) 

Aktualiséiert