Nei Presidence am Observatoire de l'environnement naturel

De President vum Observatoire de l'environnement naturel, den honorabelen Deputéierte François Benoy, huet der Ministesch fir Ëmwelt, Klima a nohalteg Entwécklung, dem Joëlle Welfring, gëschter per Courrier matgedeelt, säin Amt mat effet immédiat wëllen néierzeleeën. De Rôle vum Observatoire ass et, dem Ëmweltministère a senge Partner, notamment de Gemengesyndikater, a Saachen Naturschutz berodend zur Säit ze stoen an den Zoustand vun den natierleche Liewensraim ze evaluéieren.

Dat aktuellt Mandat vun der Presidence am Observatoire de l'environnement naturel leeft am September dëst Joer aus. Dem François Benoy säi Suppleant am Observatoire, de Claude Origer, Conseiller am Ëmweltministère, wäert d'Funktioun vum President bis zum Enn vun der Lafzäit iwwerhuelen. D'Gesetz gesäit dono eng Alternance fir. Ab Oktober 2022 wäert d'Presidence vum Observatoire deemno fir déi nächst 3 Joer un e Vertrieder vun de Gemengesyndikater goen.

Den Ëmweltministère seet dem François Benoy Merci fir säin Engagement.

Communiqué par le ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable

Aktualiséiert