D'Virsiichtsmoossname mat Bezuch op d'Uewerflächewaasser bleiwen noutwendeg, mee d'"Phase de vigilance" fir d'Drénkwaasser gëtt opgehuewen

Levé de la phase de vigilance pour l'utilisation de l'eau

D'"Phase de vigilance" fir den Drénkwaasserverbrauch, déi de 13. Juli vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an der Waasserverwaltung ausgeruff gi war, ass nees opgehuewen. D'Sensibiliséierungsphas bleift bestoen.

©AGE D'Our op der Héicht vu Stolzebuerg
D'Our op der Héicht vu Stolzebuerg

Firwat? Mam Akraafttriede vun der "Phase de vigilance", ass de Waasserverbrauch tatsächlech zeréckgaangen. Mam Kollektivcongé vum 29. Juli, konnt e weidere wichtege Réckgang vum Verbrauch beobacht ginn, an dat trotz undauernden héijen Temperaturen. Zurzäit rechtfäerdegt de reelle Verbrauch keng "Phase de vigilance" op nationalem Niveau. Ofhängeg vun der meteorologescher Entwécklung an dem Waasserverbrauch an den nächste Wochen, kënne lokal eventuell nees Restriktiounen applizéiert ginn an et ass och net auszeschléissen, dass op kommunalem Niveau orange Warnphasen ausgeruff kéinte ginn.

D'Bevëlkerung gëtt weiderhin opgeruff hire Waasserverbrauch sou gutt et geet ze limitéieren an all Form vu Verschwendung ze vermeiden. Et gëtt och nach eemol drop higewisen dass d'Ofzape vun Uewerflächewaasser verbueden ass, och wann heifir eng Autorisatioun besteet.

Alarmant Situatioun vun de Flëss a Waasserleef

D'Situatioun vun de Waasserstréim ass zurzäit alarmant. Déi geréng Nidderschléi an dat dréchent Wieder kéinten zu absolutte Minimalwäerter vun de Waasserstréim zu Lëtzebuerg féieren.

Fir den Impakt vun der Dréchent op eis Waasserleef z'evaluéieren, baséiere mir eis op verschidde Miessungen. 2022 goufe schonn e puer kritesch Grenzwäerter verzeechent, an dat 3 Woche méi fréi wéi 2020. Dat bedeit dass historesch niddreg Wäerter dëst Joer kéinten erreecht ginn.

Impakt vun der Dréchent op d'Waasserleef

Déi geréng Waasserstréim an eise Flëss kënne kritesch Minimalwäerter fir d'Iwwerliewe vu Flora a Fauna am Flossberäich mat sech bréngen.

Duerch déi reduzéiert Stréim wiisst d'Konzentratioun vu Schmotzpartikelen am Waasser, well de Verdënnungseffekt méi kleng ass. Gläichzäiteg erreecht d'Waasser duerch verréngert Waasserstréim méi schnell kritesch Temperature fir d'Iwwerliewe vu Waasserorganismen, well mat steigenden Temperaturen de Sauerstoffgehalt am Waasser reduzéiert ass. Dës béid Facteuren droen zesummen zu enger substantieller Verschlechterung vun der Waasserqualitéit bäi. All weidert Ofzape vu Waasser wier an dësem Kontext schiedlech fir d'Iwwerliewe vu Waasserorganismen a muss dofir evitéiert ginn.

Opgrond vun den aktuellen niddrege Waasserstänn, verlängeren de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an d'Waasserverwaltung de Verbuet fir d'Ofzape vun Uewerflächewaasser.

Communiqué vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung / Waasserverwaltung

 

 

Aktualiséiert