Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 3. bis 9. Abrëll 2023

De Wocheréckbléck bitt Iech ee vereinfachten Iwwerbléck iwwer d'Evolutioun vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)

COVID-19

An der Woch vum 3. bis 9. Abrëll 2023 geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 298 erof, par Rapport zu 977 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vu 69,5% ausmécht. Vun all de positiv geteste Persounen, si 50,7% Re-Infektiounen, géintiwwer 54,5% an der Woch virdrun.

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 3. bis 9. Abrëll 2023 geet d'Zuel vun den deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboe vun 269 op 170 erof, wat e Réckgang vu 36,8% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht. Aktuell ass den Influenza Virus Typ B predominant.

Communiqué vum Gesondheetsministère 

©MSAN Unzuel vu Fäll

Aktualiséiert