Gemengewalen: 3.847 Kandidatinnen a Kandidate bewerben sech fir 1.121 Mandater

Den offiziellen Informatiounen, déi dem Inneministère virleien, no, kandidéieren 1.483 Fraen (38,55%) an 2.364 Männer (61,45%) fir d'Wale vum 11. Juni.

3.468 Lëtzebuerger (90,15%) an 379 Net-Lëtzebuerger (9,85%) hu sech opgestallt. Et gëllt awer unzemierken, datt Persoune mat duebeler Nationalitéit entspriechend de Reegele vum Statec an Eurostat als Lëtzebuerger gëllen.

A sechs Gemengen hei am Land wäerten d'Wielerinnen a Wieler net gebiede gi wielen ze goen, well d'Zuel vun de Kandidaten ënnert der Zuel vun den ze besetzende Mandater am Gemengerot läit: et handelt sech dobäi ëm d'Gemenge Buerschent, Noumer, Stadbriedemes, Viichten, Weiler zum Tuer a Wanseler.

Weider Statistike kommen sou séier wéi méiglech no.

E Fichier mat all den Donnéeën ass um Portail Open Data disponibel.

Communiqué vum Inneministère

 

Aktualiséiert