Eng Etude an Zesummenaarbecht mam LISER fir d'Faktore vun der digitaler Klufft besser ze identifizéieren

De Ministère fir Digitaliséierung huet d'Resultater vun enger Etude publizéiert, déi hien beim "Luxembourg Institute of Socio-Economic Research" (LISER) an Optrag ginn hat: "Digital Inklusioun. Eng Identifikatioun vun de Faktore vun der digitaler Klufft". D'Etude, elo online verfügbar, ass eng vun de 40 Initiativen aus dem Nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun.

D'Etude schléisst d'Ëmfro of, déi am Joer 2019 vum Ministère fir Digitaliséierung opgestallt gouf iwwer d'Perceptioun an d'Erwaardunge vun der Bevëlkerung vis-à-vis vun den digitalen Technologien. Nieft anere bestoenden Ëmfroen iwwert déi digital Ausgrenzung zu Lëtzebuerg wollt de Ministère iwwer déi momentan Erkentnisser eraus goen, fir déi quantitativ, awer och qualitativ Analyse vum digitalen Trend zu Lëtzebuerg ze verdéiwen. D'Zil war den Impakt ze moossen, déi di digital Technologien op den Alldag vun de Bierger hunn an d'Schwieregkeeten z' identifizéieren déi si an dësem Beräich begéinen.

Nëmmen eng quantitativ an och qualitativ Etude kann e präzise Bléck op d'Erfarungen, d'Suergen, d'Besoinen an d'Erwaardunge vun de Populatiounen déi Schwieregkeeten mam Digitalen hunn, ginn. Dofir war de sozio-ekonomesche Fuerschungszenter LISER den ideale Partner, deen eng Analyse vun den Donnéeën aus enger technescher Siicht erméiglecht, ouni awer och déi sozial Dimensioune ze vergiessen.

D'Resultater vun der Etude, souwéi d'Empfeelunge vum LISER wäerten als Basis fir eng Revisioun vum nationalen Aktiounsplang déngen andeems dësen un d'Bedierfnesser vun der Gesellschaft an un d'technologesch Entwécklungen ugepasst gëtt.

Déi wichtegst Feststellungen

Am Joer 2022 hunn 1,5% vun de befroten Awunner ni den Internet benotzt an 0,5% hunn den Internet viru méi wéi dräi Méint benotzt. Déi 2% vun den Awunner, déi den Internet wéineg oder guer net benotzen, si meeschtens Fraen, Leit vu 50 Joer a méi oder Leit mat engem nidderegen Ausbildungsniveau.

Mat Bezuch op d'Schwieregkeete vu Leit mat reduzéiertem Internetgebrauch:

  • 11% gleewen datt hiren Niveau vu Kompetenzen niddereg ass,
  • 42% hunn op d'mannst eemol vun Hëllef profitéiert fir den Internet ze benotzen,
  • am Duerchschnëtt erklären d'Leit, déi den Internet scho benotzt hunn, datt se bal 6 vun de 14 studéierte Virdeeler bemierkt hunn,
  • 68% hunn eng positiv Meenung iwwer d'Tatsaach, datt den Internet hiert Liewe vereinfacht
  • 36% fille kee Stress mat dem Internet.

D'Etude identifizéiert 3 Gruppe vun Internet Benotzer: intensiv Internet Benotzer (32%), duerchschnëttlech Benotzer (40%) a schwaach Benotzer (28%). An der Grupp vun de "schwaache Benotzer":

  • 20% fillen héije Stress wéinst der Benotzung vum Internet (am Verglach zu 14% an der studéierter Bevëlkerung),
  • 24% mengen datt den Internet d'Liewe méi komplizéiert mécht (am Verglach zu 14% an der studéierter Bevëlkerung),
  • 60% stéiert et, datt verschidden administrativ Servicer nëmmen online verfügbar sinn (am Verglach zu 43% an der studéierter Populatioun),
  • 55% soen datt se net fäeg sinn den Internet onofhängeg ze benotzen (am Verglach zu 42% an der studéierter Populatioun).

Zousätzlech huet sech d'Etude och mat de Schwieregkeeten befaasst, déi d'ASBLen begéinen, fir Leit mat Schwieregkeeten ze hëllefen. Dës hunn haaptsächlech folgend Bedenken ausgedréckt: Mangel u Computerkompetenzen op hirer Säit, Mangel un Zäit, Mangel un der richteger Ausrëschtung an d'Fro vum Schutz vun de perséinlechen Donnéeë vun de Leit, déi gehollef kréien.

D'Empfeelungen

D'Etude mécht e puer Empfeelunge fir d'digitale Inklusioun vun all no vir ze dréiwen.

1. Fir dréngend Bedierfnesser ze erfëllen (zB e CV schreiwen, e Bréif schreiwen, gescannt Dokumenter schécken, asw.):

  • garantéieren datt d'Hëllef gratis ass,
  • der Persoun déi hëlleft Zäit ginn (drun denken, datt dëst en Deel vun hirer Missioun ass),
  • en Ëmfeld schafen dat ugepasst ass: eng speziell Computerstatioun, e Raum, dee speziell ausgestatt ass fir d'Vertraulechkeet vun den Ufroen ze garantéieren,
  •  iwwert e passende gesetzleche Kader der Persoun déi hëlleft et erlaben d'perséinlech Donnéeë vun der Persoun mat Schwieregkeeten (Login, Passwuert, etc.) ze verwalten,
  • d'Späichere vun Dokumenter op MyGuichet.lu fërderen, fir d'Widderhuelend Prozeduren ze erliichteren.
  • d'Personal am Computerberäich forméieren.

2. Fir Bedürfnisser ze erfëllen, déi net dréngend sinn:

  • en IT-Ënnerstëtzungsnetz op d'Been stellen, fir sou no wéi méiglech un all de Leit ze sinn, déi mat der Notzung vum Internet Schwieregkeeten hunn,
  • de Besëtz vu Computerausrëschtung (Computer, Smartphone, Drécker) erliichteren andeems d'gratis Dispositioun vu gebrauchter, renovéierter Ausrëschtung am ganze Land generaliséiert gëtt,
  • all d'Organisatiounen, déi IT-Coursen ubidden un een Dësch setzen an e gemeinsame Curriculum ausschaffen, den d'Form vun engem Kompetenzencours kéint huelen, strukturéiert ronderëm verschidden thematesch Moduler.

An elo?

Verschidde vun dëse Recommandatiounen si scho virun der Etüd erkannt ginn a si schon als Projet am Ministère fir Digitaliséierung an der Maach. Anerer ginn an nächster Zukunft analyséiert fir hir méiglech Ëmsetzung ze studéieren.

Ënnert all de Projeten, déi schonn ugelaf sinn, ass de Ministère zum Beispill amgaange Formatioune fir d'Acteuren aus der digitaler Inclusioun auszeschaffen, fir déi Leit besser ze guidéieren, déi si ëm Erklärungen am digitale Beräich froen. Wärend dëser Formatioun kréien dës Leit all néideg Informatiounen, fir d'Leit kënnen ze guidéieren. Dës hunn dann eng ganz Rei vu Quellen an Hëllefsmëttel fir d'Bierger zur Verfügung, fir hinnen et ze erméiglechen an der digitaler Welt sech ze entwéckelen.

Den "digitale Mandat", deen enger Persoun et erlaabt administrativ Demarchen am Numm vun engem Aneren ze maachen, ass e Projet, dee virun e puer Méint am Ministère lancéiert gouf. Déi legal Analyse ass ofgeschloss an de CTIE studéiert den Ament déi technesch Aspekter vun der Adaptatioun vu MyGuichet.lu.

Och d'Grënnung vun engem physesche Guichet vu Guichet.lu, wéi et en de Moment nëmmen an der Stad gëtt, gëtt ënnersicht. Et soll bestëmmt ginn ob an ënner wéi enge Konditiounen d'Ouverture vun Antenne vum selwechte Stil an de verschiddene Regioune vum Land kéint virgesi ginn.

Schlussendlech schafft de Ministère zanter 2021 mat der Asbl Erwuessebildung zesummen, fir Formatioun an digitale Kompetenze fir Erwuessener (Internetführerschäin, Ebanking, Smartphones, Pëllen, asw.) unzebidden. Dës Zesummenaarbecht gëtt och 2023 weidergefouert.

Communiqué vum Ministère fir Digitaliséierung

Aktualiséiert