De Formateur Luc Frieden empfänkt eng Delegatioun vun der CSV a vun der DP fir éischt Koalitiounsverhandlungen

Nodeems de Luc Frieden vum Grand-Duc als Formateur genannt gouf, huet hien annoncéiert, dass hien, nom Walresultat vum 8. Oktober 2023, d'Delegatioune vun der CSV a vun der DP op eng éischt Plenière fir eng nei Regierungsbildung invitéiert.

Dës éischt Reunioun fënnt de Mëttwoch, 11. Oktober 2023 um 10:30 Auer am Sennenger Schlass statt.

Communiqué vum  Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung

Aktualiséiert