Preventiounswoch am Kader vum Weltdag vum Hiereschlag

Am Kader vum Weltdag vum Hiereschlag (AVC), den 29. Oktober, ënnerstëtzt de Gesondheetsministère d'Sensibiliséierungscampagne ëm dës Thematik. D'Zil ass et, déi breet Ëffentlechkeet iwwer d'Preventioun vu Risikofacteuren z'informéieren, grad wéi iwwert d'Wichtegkeet an d'Drénglechkeet bei éischte Symptomer déi betraffe Persoun direkt ze behandelen (mental Verwirrung, Sproocheproblemer, Verständnisproblemer, Schwindel, Paresie oder Lämung vun engem Kierperdeel oder engem Glidd).

En AVC, oder Hiereschlag, trëtt op wann e Bluttgefääss am Gehier duerch e Bluttgerinnsel verstoppt gëtt, oder wann e Bluttgefääss räisst.

Op d'Risikofacteure wierken

Verschidde Facteure kënnen zu engem AVC féieren, a laut Weltgesondheetsorganisatioun (OMS), ass ze héije Bluttdrock d'Haaptursaach fir en Hiereschlag. Mat der Zäit ginn d'Bluttgefäässer duerch den héijen Drock, deen d'Blutt op d'Wänn ausüübt, effektiv geschiedegt a kënne platzen. Am Schnëtt dréit héije Bluttdrock ëm 40% zum Risiko vun engem Hiereschlag bäi. Laut de leschten Zuele vun 2019, deklaréiert 15% vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung héije Bluttdrock ze hunn, eng Zuel, déi mam Alter klëmmt; 29% vun de Persounen iwwer 55 Joer ginn un am Laf vun den 12 leschte Méint un héijem Bluttdrock gelidden ze hunn.

Am Alldag, kënne verschidde Gester als Virbeugung géint héije Bluttdrock hëllefen: z. B. säi Gewiicht halen, sech equilibréiert ernieren, de Salz- an Alkoholkonsum limitéieren, net fëmmen, Stress ofbauen a reegelméisseg kierperlech aktiv sinn. All dës Moossname kënnen op santé.lu an der Rubrik "Hypertension" nogelies ginn.

Haut ass et méiglech duerch d'Awierken op Risikofacteuren, wéi héije Bluttdrock, Diabetes, Fettleibegkeet, Zigarettekonsum oder iwwerméissegen Alkoholkonsum, en Hiereschlag ze vermeiden, ze behandelen an an de Grëff ze kréien.

En einfachen a schnellen Test, dee vun der Gesondheetsdirektioun a vun der Associatioun Blëtz ausgeschafft gouf, ass um Site bletz.lu ze fannen.

Wat maache bei engem AVC?

Duerch eng rechtzäiteg Prise en charge, kéint e Groussdeel vun den AVCe vermeit ginn. Dofir ass et wichteg d'Symptomer mat Zäiten z'erkennen an direkt eng Ambulanz ze ruffen. Soubal eng Persoun wéinst engem AVC beim 112 urifft, gëtt d'Spidol direkt informéiert, fir dass d'Personal an d'Material bereet sinn, soubal d'Affer an der Klinick ukënnt.

Wann eng Persoun en AVC mécht, zielt all Sekonn. De Gesondheetsministère recommandéiert dofir dréngend, déi sougenannte "FAST"-Reflexer unzewenden:

  • F: Face = Gesiicht: Sot zum Patient dass e grinse soll. Ass d'Grinsen asymmetresch?
  • A: Arms = Äerm: Sot zum Patient, hi soll béid Äerm hiewen. Fällt een Aarm erof?
  • S: Speech = schwätzen: Dot d'Persoun schwätzen oder en einfache Saz widderhuelen. Huet se Schwieregkeete beim Schwätzen oder beim Artikuléieren?
  • T:T: Time = Zäit: Wann de Patient ee vun dëse Symptomer opweist, rufft direkt den 112 un!

"Andeems mir schnell handelen, kënne mir den Affer vun engem AVC hëllefen. Mir musse bei all Alarmzeeche ganz opmierksam sinn", erkläert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Ouni eng ganz schnell Behandlung, kënnen d'Schied, déi duerch en Hiereschlag verursaacht ginn, irreversibel sinn.

Den Hiereschlag an Zuelen

Zu Lëtzebuerg, wéi an alle Länner vun der Europäescher Unioun, sinn Erkrankunge vum Kreeslafsystem d'Haaptdoudesursaach. Laut de provisoreschen Zuele vun 2022, waren zerebro-vaskulär Krankheeten d'Ursaach fir 223 Doudesfäll (dovunner 55% Fraen), an hunn domat 5,4% vun allen Doudesursaachen ausgemaach. Si sinn och d'Haaptursaach fir ausgeléiste Behënnerungen.

Sensibiliséierungscampagne

Déi ganz Woch virum Weltdag vum Hiereschlag, organiséiert d'Associatioun Blëtz, déi Affer vun AVCen zu Lëtzebuerg encadréiert, mat der Ënnerstëtzung vum Gesondheetsministère eng Rei Sensibiliséierungscampagnen.

De Sonndeg, 22. Oktober, fënnt am Beetebuerger Schlass eng Konferenz zum Thema Hiereschlag statt (16:00 - 19:00 Auer).

A verschidde Spideeler gi gratis Méiglechkeeten ugebueden, fir de Bluttdrock ze moossen: den 23. Oktober am Rehazenter, de 24. Oktober am Nordspidol, de 25. Oktober an den Hôpitaux Robert Schuman, de 26. Oktober am CHEM an de 27. Oktober am CHL an der Stad. Och a villen Apdikten uechter d'Land kann een de Bluttdrock fir näischt moosse loossen. Eng Lëscht vun den Apdikten, déi hei matmaachen, fannt Dir op sante.lu.

Doriwwer eraus, fënnt den traditionelle Verkaf vun Eclaire vun der Associatioun Blëtz a verschiddene Bäckereie statt. Déi ganz Lëscht vun de Geschäfter, déi matmaachen, fannt Dir op sante.lu.

Wend Iech bei Froen un Ären Hausdokter. Fir weider Informatiounen zum Thema Hiereschlag, kënnt Dir och d'Associatioun Blëtz kontaktéieren, déi d'Affer vum Hiereschlag zu Lëtzebuerg ënnerstëtzen: bletz.lu.

Communiqué vum Gesondheetsministère 

Aktualiséiert