COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op déi 42. Woch vum 16. bis 22. Oktober

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an den Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch:

COVID-19 Réckgang vun allen Indicateure däit op eng Baisse vun der Zirkulatioun hinn.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus) Ufank vun der Verbreedung vum RSV-Virus, mee op engem nidderegen Niveau.

Gripp Ganz wéineg erfaasste Fäll vun der Gripp, d'Verbreedung vun der Gripp ass op engem nidderegen Niveau.

COVID-19 / SARS-CoV-2

An der Woch vum 16. bis 22. Abrëll 2023 (Woch 42), geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 220 erof, par Rapport zu 350 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vu 37% ausmécht. De Positivitéitstaux fält op 21% am Verglach zu 23% an der viregter Woch. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser confirméiert eng Baisse vun der Zirkulatioun vum Virus [1].

Dës 3 klinesch Indicateure weisen op e rezente Pic vun der SARS-CoV2-Zirkulatioun.

D'Donnéeë vun der Sequenzéierung hunn eng Prevalenz vun der Variant EG.5.1 (38,7%) gewisen [2].

Gripp

An der Woch vum 16. bis de 22. Oktober 2023 (Woch 42), geet d'Zuel vun den deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboen op 5 Fäll erop am Verglach zu 1 Fall an der viregter Woch.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng erhéichten Zirkulatioun vu Rhinoviren an SARS-CoV-2, awer nëmme wéineg Grippeviren (Influenza) hiweisen. [2]

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 16. bis de 22. Oktober 2023 (Woch 42), klëmmt d'Unzuel vun de Persounen, déi am Laboratoire vum CHL positiv op de RSV-Virus getest goufen, op 9 Fäll am Verglach zu 7 Fäll an der viregter Woch, wat eng Augmentatioun vun 29% ausmécht.

Och wann d'Zirkulatioun vum RSV-Virus eréischt ufänkt, bleift se nach op engem nidderegen Niveau.  

Communiqué vum Gesondheetsministère

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/

[2] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert