Réckbléck op déi 43. Woch vum 23. bis 29. Oktober

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an den Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch:

COVID-19 Stabiliséirung, bis hin zu enger liichter Hausse no engem observéierte Réckgang déi lescht Wochen.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): Liicht Hausse an der Zirkulatioun vum RSV-Virus, mee op engem niddregen Niveau.

Gripp Ganz wéineg erfaasste Fäll vun der Gripp, d'Verbreedung vun der Gripp ass op engem nidderegen Niveau.

COVID-19 / SARS-CoV-2

An der Woch vum 23. bis den 29. Oktober 2023 (Woch 43), geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 282 erop, par Rapport zu 259 an der Woch virdrun, wat eng Hausse vun 9% ausmécht.

De Positivitéitstaux klëmmt op 23% am Verglach zu 20% an der viregter Woch. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser confirméiert eng Hausse vun der Zirkulatioun vum Virus [1].

Dës 3 Indicateure weisen op eng Tendenz no uewe vun der SARS-CoV2-Zirkulatioun hin, dëst no enger Baisse iwwert déi puer viregt Wochen. Déi lescht Donnéeë vun der Sequenzéierung hunn eng Prevalenz vun der Variant EG.5.1 (38,7%) gewisen [2].

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 23. bis den 29. Oktober 2023 (Woch 43), geet d'Zuel vun den deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboen op 7 Fäll erop am Verglach zu 3 Fall an der viregter Woch.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng erhéichten Zirkulatioun vu Rhinoviren an SARS-CoV-2, awer nëmme wéineg Grippeviren (Influenza) hiweisen. [2]

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 23. bis de 29. Oktober 2023 (Woch 43), klëmmt d'Unzuel vun de Persounen, déi an de Laboratoirë positiv op de RSV-Virus getest goufen, op 18 Fäll am Verglach zu 9 Fäll an der viregter Woch.

D'Zirkulatioun vum RSV-Virus hëlt zou.

Communiqué vum Gesondheetsministère

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/

[2] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert