Réckbléck op déi 44. Woch vum 30. Oktober bis de 5. November

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an den Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch:

COVID-19: Stabiliséierung bis hin zu engem liichte Réckgang no enger observéierter Hausse déi lescht Woch.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): Liicht Hausse vun an der Zirkulatioun vum RSV-Virus, mee op engem relativ niddregen Niveau.

Influenza: Ganz wéineg erfaasste Fäll vum Influenza-Virus, d'Verbreedung vun der Gripp ass op engem nidderegen Niveau.

COVID-19/SARS-CoV-2

An der Woch vum 30. Oktober bis de 5. November 2023 (Woch 44), geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 195 erof, par Rapport zu 284 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vu 31% ausmécht.

De Positivitéitstaux bleift mat 23% am Verglach zu der viregter Woch onverännert. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser hëllt of [1].

Zesumme geholl, weisen dës 3 Indicateuren drop hin, datt d'Zirkulatioun vum SARS-CoV2 zréckgaangen ass, wat warscheinlech op d'Schoulvakanz zréckzeféieren ass. Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung hunn eng Prevalenz vun der Variant EG.5.1 (38,7%) gewisen [2].

Gripp

An der Woch vum 30. Oktober bis de 5. November 2023 (Woch 44), geet d'Zuel vun den deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboen op 4 Fäll am Verglach zu 8 an der viregter Woch erof.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng erhéichten Zirkulatioun vu Rhinoviren, SARS-CoV-2 an RSV, awer nëmme wéineg Grippeviren (Influenza), hiweisen. [2]

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 30. Oktober bis de 5. November 2023 (Woch 44), klëmmt d'Unzuel vun de Persounen, déi an de Laboratoirë positiv op de RSV-Virus getest goufen, op 19 Fäll am Verglach zu 18 Fäll an der viregter Woch.

Communiqué vum Gesondheetsministère

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/

[2] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert