Europäesch Woch vum Depistage: sech op HIV teste loossen an d'Hausse vun neie Fäll limitéieren

Déi europäesch Woch vum Depistage fënnt vum 20. bis de 27. November 2023 statt. D'Zil ass et, d'Bevëlkerung zum fréien Depistage vun HIV z'encouragéieren, sou wéi och vun anere sexuell iwwerdrobaren Infektiounen. Et ass déi 10. Editioun vun dëser europäescher Woch.

D'Wichtegkeet vum fréizäitegen Depistage

Den Depistage ass den effikasste Moyen fir HIV ze erkennen a seng Iwwerdroung ze vermeiden, mee och fir eng optimal Behandlung ze garantéieren. Wat ee méi fréi iwwert seng Infektioun Bescheed weess, wat ee méi séier déi richteg Behandlung kréien, eng eventuell Iwwerdroung verhënneren a säi Gesondheetszoustand verbessere kann. Hautdesdaags kënne Persoune mat HIV effektiv duerch d'Progrèsen an der Behandlung vun der Krankheet laang a gesond liewen, wa si fréizäiteg diagnostizéiert ginn an hiren Traitement richteg huelen.

Hausse vun Nei-Infektiounen zu Lëtzebuerg

Laut de neisten Date vum Service national des maladies infectieuses (SNMI), ass d'Zuel vun de neien HIV-Patienten am Joer 2022 signifikant geklommen: 164 Persoune goufe fir d'éischt an enger Spriechstonn en charge geholl (géintiwwer 105 am Joer 2021). Dovunner hu sech 67 Persounen 2022 infizéiert a 97 Persounen haten d'Infektioun scho vu virdrun a goufen am Ausland behandelt. Persoune mat HIV, déi 2022 op Lëtzebuerg geplënnert sinn, maachen domat de Groussdeel vun den neie behandelte Patienten aus, allerdéngs stellt een och eng staark Hausse bei den Neiinfektioune fest (67 nei Fäll am Joer 2022 géintiwwer 51 fir 2021). Dës Hausse betrëfft virun allem Fraen, déi 39% vun den Nei-Infektiounen ausmaachen an 49% vun de Persounen, déi 2022 nei opgeholl goufen.

Et ass wichteg drop hinzeweisen, dass een Drëttel vun den Nei-Infektioune bei heterosexuelle Persoune Leit iwwert 45 Joer betrëfft, wougéint d'Majoritéit vun de sexuell iwwerdroen Infektiounen tëschent Männer Persoune vu manner wéi 36 Joer betrëfft. Déi plëtzlech Hausse vun diagnostizéierten HIV-Infektioune léisst sech iwwerdeems duerch déi méi grouss Unzuel un Tester an duerch d'Reprise vun der Mobilitéit vun de Leit no der Covid-19-Pandemie, sou wéi d'Reouverture vun den ëffentlechen Treffpunkten erklären.

Test-Méiglechkeeten

 

Haut gëtt et verschidde Méiglechkeete fir en HIV-Test ze maachen.

  • De "klasseschen" Depistage, gëtt mat enger Bluttprouf 6 Wochen no der leschter Risikosituatioun gemaach a garantéiert en zouverlässegt Resultat.
  • Den TROD, dépistage par test rapide d'orientation diagnostic, gëtt e puer Minutten no enger Bluttpunktioun un der Këppche vum Fanger e Resultat a kann ab 12 Wochen no der leschter Risikosituatioun gemaach ginn. Allerdéngs muss ee sech un e medezinesche Service wende fir d'Resultat vun engem positiven TROD Test ze bestätegen.
  • Den Autotest fir den HIV-Depistage, och en TROD, kann ouni Ordonnance an enger Apdikt kaf ginn oder bei der HIV Berodung bestallt ginn. Dësen Autotest kann ee selwer doheem maachen. Genau wéi beim klasseschen TROD, kann dësen Test ab der 12 Woch no der leschter Risikosituatioun gemaach ginn. Och hei gëtt recommandéiert sech professionell beroden ze loosse fir d'Resultat richteg ze interpretéieren.

Et kann ee sech d'ganzt Joer teste loossen:

Duerch Schnelltester (TROD, ouni Ordonnance, gratis an anonym):

  • Méindes a mëttwochs vu 17:00 bis 19:00 Auer am Service HIV Berodung vun der Croix-Rouge (94, boulevard Général Patton, L-2316 Lëtzebuerg)
  • Donneschdes vun 12:30 bis 14:30 Auer am LGBTIQ+ Zenter CIGALE (16, rue Notre Dame, L-2240 Lëtzebuerg)

Duerch eng Bluttprouf (ouni Ordonnance, gratis an anonym):

  • 7 Deeg op 7 am CHL, Unitéit 20 - Maladies infectieuses (4, rue Barblé, L-1210 Lëtzebuerg)
  • Vu méindes bis freides, 07:30 bis 15:30 Auer am Nationale Gesondheetslabo (LNS, 1, rue Louis Rech, L-3555 Diddeleng)
  • Vu méindes bis freides, 07:00 bis 17:00 Auer am Centre hospitalier Emile Mayrisch (rue Emile Mayrisch, L-4240 Esch/Ulzecht)

Am Kader vun der Europäescher Woch vum Depistage vum 20. bis de 27. November, ginn zousätzlech weider ëffentlech Test-Méiglechkeeten ugebueden:

Duerch Schnelltester (TROD, ouni Ordonnance, gratis an anonym):

  • Freideg, de 24. November vun 21:00 bis 23:00 Auer am Letz Boys Bar (60, Grand-Rue, L-1660 Lëtzebuerg)

Duerch eng Bluttprouf (ouni Ordonnance, gratis an anonym):

An de Laboratoirë vu Ketterthill, Bionext, Laboratoires réunis (fir dëse muss een an d'Spidol op de Kierchbierg oder an d'Zithaklinik).

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert