Réckbléck op déi 47. Woch vum 20. bis de 26. November 2023

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an de Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch:

COVID-19: eng liicht Augmentatioun vun de COVID-19 Fäll.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): eng staark Augmentatioun vun den RSV Fäll.

Influenza: eng Augmentatioun vun de Grippefäll.

COVID-19/SARS-CoV-2

An der Woch vum 20. bis de 26. November 2023 (Woch 47), geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 319 erop, par Rapport zu 259 an der Woch virdrun, wat eng Augmentatioun vun 23% ausmécht.

De Positivitéitstaux bleift méi oder wéineger onverännert bei 22%. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser hëlt liicht zou [1].

Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung hunn eng Prevalenz vun der Variant EG.5.1 (31%) gewisen an den Undeel vun der Variant BA.2.86 ass bis op 6% geklommen [2].

Gripp (Influenza)

An der Woch 47 vum 20. bis de 26. November 2023 geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboen op 43 erop, par Rapport zu 24 an der Woch virdrun, wat eng Erhéijung vun 79% par Rapport vun der Woch virdrun ausmécht.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng erhéichten Zirkulatioun vu Rhinoviren, SARS-CoV-2 an RSV, awer nëmme wéineg Grippeviren (Influenza), hiweisen. [2]

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 20. bis de 26. November 2023 (Woch 47), klëmmt d'Unzuel vun de Persounen, déi am Laboratoire vum CHL positiv op de RSV-Virus getest goufen, op 100 Fäll am Verglach zu 55 Fäll an der viregter Woch, wat eng Augmentatioun vun 82% ausmécht.

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/

[2] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert