Réckbléck op déi 48. Woch vum 27. bis den 3. Dezember 2023

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an de Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch:

COVID-19: Augmentatioun vun de COVID-19 Fäll.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): liicht Augmentatioun vun den RSV Fäll.

Influenza: liicht Augmentatioun vun de Grippefäll.

COVID-19/SARS-CoV-2

An der Woch vum 27. bis den 3. Dezember 2023 (Woch 48), geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 460 erop, par Rapport zu 319 an der Woch virdrun, wat eng Hausse vu 44% ausmécht.

De Positivitéitstaux klëmmt op 26% am Verglach zu 22% an der viregter Woch. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser hëlt zou[1].

Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung hunn eng Prevalenz vun der Variant EG.5.1 (31%) gewisen an den Undeel vun der Variant BA.2.86 ass op 6% geklommen [2].

Gripp

An der Woch vum 27. bis den 3. Dezember 2023 (Woch 48) geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboen op 49 erop, par Rapport zu 41 an der Woch virdrun, wat eng Erhéijung vun 19% par Rapport vun der Woch virdrun ausmécht.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng erhéichten Zirkulatioun vu Rhinoviren, RSV a SARS-CoV-2, awer nëmme wéineg Grippeviren (Influenza), hiweisen. [2]

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 27. bis den 3. Dezember 2023 (Woch 48), klëmmt d'Unzuel vun de Persounen, déi an Laboratoirë positiv op de RSV-Virus getest goufen, op 116 Fäll am Verglach zu 100 Fäll an der viregter Woch, wat eng Augmentatioun vun 16% ausmécht.

Communiqué par le ministère de la Santé et de la Sécurité sociale

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/

[2] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert