Réckbléck op déi 50. Woch vum 11. bis de 17. Dezember 2023

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an de Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch

COVID-19: Augmentatioun vun de COVID-19 Fäll.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): liicht Augmentatioun vun den RSV Fäll.

Influenza: staark Augmentatioun vun de Grippefäll.

COVID-19/SARS-CoV-2

An der Woch vum 11. bis de 17. Dezember 2023 (Woch 50), geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 790 erop, par Rapport zu 658 an der Woch virdrun, wat eng Hausse vun 20% ausmécht.

De Positivitéitstaux klëmmt op 30% am Verglach zu 28% an der viregter Woch. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser hëlt zou. [1]

Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung hunn eng Prevalenz vun der Variant BA.30.86 (44%) a vun der Variant XBB.1.9 (30%) gewisen. [2]

Gripp (Influenza)

An der Woch 11. bis de 17. Dezember 2023 (Woch 50), klëmmt d'Unzuel vun den Grippefäll, déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, op 245 Föll par Rapport zu 138 an der Woch virdrun, wat eng Erhéijung vun 77% ausmécht.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng erhéichten Zirkulatioun vu SARS-CoV-2, RSV, vum Grippevirus (Influenza) a vum Rhinovirus, hiweisen. [2]

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 11. bis de 17. Dezember 2023 (Woch 50), klëmmt d'Unzuel vun den RSV-postiv geteste Persounen, déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, op 152 Fäll am Verglach zu 134 Fäll an der viregter Woch, wat eng Augmentatioun vun 13% ausmécht.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a fir sozial Sécherheet

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/

[2] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert