Réckbléck op déi 51. Woch vum 18. bis de 24. Dezember 2023

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an de Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch

COVID-19: liichte Réckgang vun de Fäll an dem Positivitéitstaux vum COVID-19.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): liichte Réckgang vun den RSV Fäll.

Influenza: Augmentatioun vun de Grippefäll.

COVID-19/SARS-CoV-2

An der Woch vum 18. bis de 24. Dezember 2023 (Woch 51), geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 686 erof, par Rapport zu 790 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vun 13% ausmécht.

De Positivitéitstaux fält op 26% am Verglach zu 30% an der viregter Woch. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser hëllt of [1].

Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung an de Wochen 46-48 weisen eng Prevalenz vun der Variant BA.2.86 (43,9%) (95% CI: 34,8-53,0%) an der Variant XBB.1.9 (29,8%) (95% CI: 21,4-38,2%) [2].

Gripp

An der Woch vum 18. bis de 24. Dezember 2023 (Woch 51), klëmmt d'Unzuel vun den Grippefäll, déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, op 375 Fäll par Rapport zu 254 an der Woch virdrun, wat eng Erhéijung vun 48% ausmécht.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng héich Zirkulatioun vum RSV, vum Grippevirus (Influenza), vum Rhinovirus a vu SARS-CoV-2 hiweisen. [2]

Communiqué par le ministère de la Santé et de la Sécurité sociale

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/

[2] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert