Réckbléck op déi 52. Woch vum 25. bis den 31. Dezember 2023

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an de Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch

COVID-19: Réckgang vun de Fäll an dem Positivitéitstaux vum COVID-19.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): Réckgang vun den RSV Fäll.

Influenza: Liichte Réckgang vun de Grippefäll.

COVID-19/SARS-CoV-2

An der Woch vum 25. bis den 31. Dezember 2023 (Woch 52), geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 338 erof, par Rapport zu 686 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vun 51% ausmécht.

De Positivitéitstaux fält op 20% am Verglach zu 26% an der viregter Woch.

Dës Indicateure weisen drop hin, dass d'Zirkulatioun vum SARS-CoV-2 erofgaangen ass, wat warscheinlech op d'Departen an d'Vakanz zeréckzeféieren ass. Eng änlech Baisse gouf och 2022 wärend der Vakanz ronderëm d'Feierdeeg festgestallt.

Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung an de Wochen 48-50 weisen eng Prevalenz vun der Variant JN.1 (60,9%) (95% CI: 52,0-69,8%), dono vun der Variant BA.2.86 (11,3%) (95% CI: 5,5-17,1%) a vun der Variant XBB.1.9 (10,4%) (95% CI: 4,9-16,2%) [1]. Et sief drop higewisen, dass d'Variant JN.1 vun der Variant BA.2.86 ofstaamt, mat enger zousätzlecher Mutatioun un der Spikeprotein.

Gripp

An der Woch vum 25. bis den 31. Dezember 2023 (Woch 52), geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboen vun 375 op 332 erof, wat e Réckgang vu 16% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng héich Zirkulatioun vum Grippevirus a vum SARS-CoV-2-Virus hiweisen.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 25. bis den 31. Dezember 2023 (Woch 52), geet d'Unzuel vun den RSV-postiv geteste Persounen, déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, op 77 Fäll erof, am Verglach zu 141 Fäll an der viregter Woch, wat eng Baisse vu 45% ausmécht.

 

[1] https://lns.lu/publications/

 

Aktualiséiert