Zweeten Dag vun der Aarbechtsvisitt vum Xavier Bettel an Israel a Palästina

No sengen Aarbechtssëtzungen an Israel, ass de Minister Bettel fir eng Aarbechtsvisitt a Palästina weidergereest. Um Programm stoungen e bilateraalt Gespréich mam Generalkommissär vum Hëllefswierk vun der Vereenten Natiounen fir Palästinaflüchtlingen am Noen Osten (UNRWA, Office de secours et de travaux des Nations unies pour les réfugiés de Palestine dans le Proche-Orient). de Philippe Lazzarini, an eng Visitt vum Flüchtlingslager Amari a senger medezinescher Infrastruktur.

  1. ©MAEE

    De Xavier Bettel besicht d'Flüchtlingslager Amari

    De Xavier Bettel besicht d'Flüchtlingslager Amari

  2. ©MAEE

    De Xavier Bettel besicht d'Flüchtlingslager Amari

    De Xavier Bettel besicht d'Flüchtlingslager Amari

  3. ©MAEE

    De Xavier Bettel besicht d'Flüchtlingslager Amari

    De Xavier Bettel besicht d'Flüchtlingslager Amari

  4. ©MAEE

    De Xavier Bettel besicht d'Flüchtlingslager  Amari

    De Xavier Bettel besicht d'Flüchtlingslager Amari

  5. ©MAEE

    Xavier Bettel, Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten ; Hanan Ashrawi, fréier palästinensesch Ministesch a bis elo déi eenzeg Fra, di  Member vum Exekutivcomité vun der PLO war.

  6. ©MAEE

    Xavier Bettel, Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten ; Mohammad Shtayyeh, Premierminister vu Palästina

    Xavier Bettel, Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten ; Mohammad Shtayyeh, Premierminister vu Palästina

  7. ©MAEE

    Xavier Bettel, Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten ; Mustafa Barghouti, President vun der Palestinian Medical Relief Society

  8. ©Autorité palestinienne

    Xavier Bettel, Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten; Riad al-Malki palästinenseschen Ausseministerpalästinenseschen Ausseminister

De Kommissär Lazzarini huet déi Lëtzebuerger Delegatioun iwwert d'Aarbecht vum UNRWA an der Gazasträif an am Westjordanland informéiert. Am Fokus stoungen heibäi déi enorm Defien, déi d'Vereenten Natioune stemme mussen. De Minister huet dem UNRWA fir säin Engagement an der Prise en charge vun iwwer 4,7 Millioune Flüchtlingen aus Palästina Merci gesot. En huet och den 146 Mataarbechter vum UNRWA geduecht, déi bis ewell an der Gazasträif ëmkoumen.

"Den 'UNRWA ass d'Réckgrat vun der humanitärer Reaktioun op déi aktuell Kris an der Gazasträif a spillt eng decisiv Roll beim Bereetstelle vun elementaren humanitäre Servicer fir d'Leit an der Regioun", huet de Xavier Bettel an dësem Kontext betount an dem Generalkommissär de volle Support vun de Lëtzebuerger Instanze weiderhin zougeséchert.

Zu Ramallah huet de Minister bei engem bilateralen Treffen de Premierminister Mohammad Shtayyeh an den Ausseminister Riad al-Malki getraff. De Minister huet och aner Perséinlechkeeten aus der palästinensescher Gesellschaft getraff, notamment de Mustafa Barghouti, President vun der Palestinian Medical Relief Society, an d'Hanan Ashrawi, fréier palästinensesch Ministesch an eenzege weibleche Member vum Comité exécutif vun der OLP.

Ënnert anerem gouf intensiv iwwert d'Situatioun an der Gazasträif an am Westjordanland diskutéiert, sou wéi d'Aussiichte fir eng Zwee-Staate-Léisung analyséiert. Wat d'Situatioun an der Gazasträif betrëfft, huet de Lëtzebuerger Diplomatie-Chef nach eemol d'Wichtegkeet vun engem direkten humanitäre Waffestëllstand betount.

En huet nach eemol ënnerstrach, dass Lëtzebuerg weiderhin hannert enger Zwee-Staate-Léisung steet, wat déi eenzeg Manéier wier fir e fairen an nohaltege Fridden ze garantéieren. De Minister huet d'Siidlungspolitik vun der israeelescher Regierung verurteelt an ënnerstrach, dass dëst en Haaptproblem bei der Duerchféierung vun enger Zwee-Staate-Léisung wier.

Weider huet de Minister Bettel nach betount dat et wichteg wier mat Zäiten demokratesch Walen a Palästina z'organiséieren.

Communiqué vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel 

Aktualiséiert