Réckbléck op déi 1. Woch vum 1. bis de 7. Januar 2024

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an de Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch 

COVID-19: Réckgang vun de Fäll an dem Positivitéitstaux vum COVID-19.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): Réckgang vun den RSV Fäll.

Influenza: Liichte Réckgang vun de Grippefäll.

COVID-19 / SARS-CoV-2

An der Woch vum 1. bis de 7. Januar 2024 (Woch 1), geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 240 erof, par Rapport zu 338 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vun 29% ausmécht.

De Positivitéitstaux fält op 14% am Verglach zu 20% an der viregter Woch. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser hëllt och substanziell of [1].

Dës Indicateure weisen drop hin, dass d'Zirkulatioun vum SARS-CoV-2 erofgaangen ass, wat warscheinlech op d'Departen an d'Vakanz zeréckzeféieren ass.

Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung an de Wochen 48-50 weisen eng Prevalenz vun der Variant JN.1 (60,9%) (95% CI: 52,0-69,8%), dono vun der Variant BA.2.86 (11,3%) (95% CI: 5,5-17,1%) a vun der Variant XBB.1.9 (10,4%) (95% CI: 4,9-16,2%) [2]. Et sief drop higewisen, dass d'Variant JN.1 vun der Variant BA.2.86 ofstaamt, mat enger zousätzlecher Mutatioun un der Spikeprotein.

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 1. bis de 7. Januar 2024 (Woch 1) geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboen vun 371 op 332 erof, wat e Réckgang vu 11% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng héich Zirkulatioun vum Grippevirus, vum SARS-CoV-2-Virus, vum Rhinovirus a vum RSV hiweisen.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 1. bis de 7. Januar 2024 (Woch 1), geet d'Unzuel vun den RSV-postiv geteste Persounen, déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, op 52 Fäll erof, am Verglach zu 77 Fäll an der viregter Woch, wat eng Baisse vu 32% ausmécht. De Pic vun der Epidemie ass dës Saison an der 50. Woch, vum 11. bis den 17. Dezember 2023, erreecht ginn.

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/

[2] https://lns.lu/publications/

 

Aktualiséiert