Réckbléck op déi 2. Woch vum 8. bis den 14. Januar 2024

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an de Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch

COVID-19: Réckgang vun de Fäll an dem Positivitéitstaux vum COVID-19.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): Réckgang vun den RSV Fäll.

Influenza: Augmentatioun vun de Grippefäll.

COVID-19 / SARS-CoV-2

An der 2. Woch vum 8. bis de 14. Januar 2024, geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 196 erof, par Rapport zu 240 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vun 18% ausmécht.

De Positivitéitstaux fält op 10% am Verglach zu 14% an der viregter Woch.

Dës Indicateuren deiten op eng Baisse vun der Zirkulatioun vum SARS-CoV-2 hin.

Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung an de Wochen 50-52 weisen eng Prevalenz vun der Variant JN.1 (72.0%) (95% CI: 64.1-79.9%), dono vun der Variant BA.3.2.86 (16.8%) (95% CI: 10.3-23.3%) a vun der Variant XBB.1.9 (8.0%) (95% CI: 3.2-12.8%) [1]. Et sief drop higewisen, dass d'Variant JN.1 vun der Variant BA.2.86 ofstaamt, mat enger zousätzlecher Mutatioun un der Spikeprotein.

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 8. bis de 14. Januar 2024 (Woch 2), klëmmt d'Unzuel vun den Grippefäll, déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, op 439 Fäll par Rapport zu 360 an der Woch virdrun, wat eng Erhéijung vun 22% ausmécht.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng héich Zirkulatioun vum Grippevirus, vum Rhinovirus a vum SARS-CoV-2.1-Virus hiweisen.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 8. bis de 14. Januar 2024 (Woch 2), geet d'Unzuel vun den RSV-postiv geteste Persounen, déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, op 29 Fäll erof, am Verglach zu 52 Fäll an der viregter Woch, wat eng Baisse vu 44% ausmécht. De Pic vun der Epidemie ass dës Saison an der 50. Woch, vum 11. bis den 17. Dezember 2023, erreecht ginn.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a fir sozial Sécherheet

[1] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert